A-Z Luxemburger Illustrierte

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Newspaper.svg Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'A-Z (Éischt Nummer 1/1933)

D'A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift war e lëtzebuergescht illustréiert Wocheblat, dat vun 1933 bis 1940 erauskomm ass.

Déi éischt Nummer, déi Chrëschtdag 1933 erauskoum, huet op der Titelsäit en Tableau vum Henri Rabinger an d'Säit fënnef weist e Wierk vum Sosthène Weis. Als Bäiträg fanne mir ënner anerem eng Kuerzgeschicht vum Émile Marx, een Interview mam Batty Weber iwwer den Dialekttheater an een Artikel vum Tony Jungblut iwwer d'Vollekskichen an der Stad, wou Dag fir Dag eng 800 Leit z'iesse kréien. Den Éditeur ass de Franz Stoltz.

Am Summer 1934 fungéiert den deemolegen Tageblatt-Direkter Hubert Clément als Éditeur. D'Illustréiert gëtt dunn an der Genossenschaftsdréckerei produzéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Nummer 32 (1939)