Diskussioun:A-Z Luxemburger Illustrierte

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Domaine public?[Quelltext änneren]

Moien,

Wann d'Nationalbibliothéik beim Wort a beim Tageblatt schreift: Conditions d’utilisation “Luxemburger Wort” et “Tageblatt”: Du premier numéro jusqu’au 31 décembre 1944 inclus, les droits de l’œuvre dirigée sont expirés, les contenus numérisés font partie du domaine public. Chaque reproduction ou publication doit porter la mention “Numérisé par la Bibliothèque nationale de Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu” sollt et dach eigentlech kee Grond ginn déi nämlecht Critère net och bei der A-Z unzewenden an d'Saachen op Commons ze setzen. Oder gesinn ech dat falsch? --Jwh (Diskussioun) 08:28, 25. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Zali, Ech kann Der net onrecht ginn. allerdings stinn zur Zäit déi Zäitschrëften explizit mat enger CC-BY-NC-Lizenz am Internet. Am einfachste wier vläit e frëndleche Mail un d'eLuxembourg-Equipe vun der BNL, fir se op déi Onlogik hinzeweisen, an hinnen nozeleeën, dat sollt ugepasst ginn. Adress: licensing@bnl.etat.lu. Se schéngen zimmlech verstänneg ze sinn, wat Droits d'auteure betrëfft (kuck d'Säit: Droits et conditions d'utilisation. Do si se allerdéngs manner explizit iwwer d'Oeuvres dérivées. --Zinneke (Diskussioun) 09:28, 25. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Et ass egal wat se bei der A-Z fir eng Lizenz dohischreiwen. D'A-Z ass eng Oeuvre dirigée, an do bestinn d'Droits d'auteur 70 Joer laang no dem Datum vun der Publicatioun. Also ass alles wat virum 25. Februar 1944 erauskoum elo am Domaine public (also net schonn haut bis den 31. Dezember 1944 nach mat). E Scan ass eppes Technesches an näischt Kreatives (jusqu'à la preuve du contraire, mee dat dierft schwiereg ze beweise sinn), an dofir gëtt et och fir de Scan keng zousätzlech Lizenzberechtegung. Trotzdeem giff ech d'A-Z elo net direkt op Commons setzen, mee just bei eis ënner Domaine public, well déi vu Commons hu keng Anung vun eisem Droit a wann déi NC liesen da sinn eis Fichiere geläscht ier mer et iwwerhaapt matkréien an hinnen d'Saach erkläre kënnen. --Otets 11:25, 25. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
De Probleem, eppes heihin ënner PD ze setzen, ass deen heiten: Dat gëtt dann dach enges Daags op Commons gesat, well eppes, wat fräi ass, kee Grond huet, net op Commons ze stoen. Da gouf alt neess vill onnëtz Aarbecht gemaach. Dofir ass jo och zënter e puer Joren d'"Politik" hei, méiglechst wéineg heihinner eropzelueden (ausser Filmplakater a Logoen, wou FU liicht ze justifiéieren ass), an alles direkt op Commons ze setzen. Ech géif dofir noleeën, vläit eng einvernehmlech Léisoung ze fannen (d.h., eng Erklärung vun der BNL ufroen, firwat se mengt, d'Wort an d'Tageblatt vu virun 71 Joer fräi deklaréieren ze kënnen, ma net déi aner Zeitungen an Zäitschrëften. Falls se fënnt, se hätt sech g'iert: Tant mieux, dann hu mer dat schwaarz op wäiss. Wann et iergend e Grond gëtt, gi mer dee gewuer. --Zinneke (Diskussioun) 13:37, 25. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]


Vläit kennt do een e Responsabele perséinlech, mir si jo zu Lëtzebuerg, dat wier ideal. E Mail "Moien, duerf ech mol kuerz stéieren..." riskéiert e schnellen "Njet" ze kréien... Esou gesinn ech et mol, mä Diplomatie war och nach nie meng Stäerkt.
Wann ech de Rescht richteg verstinn: Wann ech eng A-Z op engem belsche Floumaart géing fannen, da kinnt ech domat maache wat ech well? De Problem ass eigentlech just dann d'Source BNL?
A fir lo gläich nach e bësse méi wäit ze goen: Am Spang sengem Bertels abbas delineavit sinn eng ganz Parti Biller déi d'Nationalarchive lo net op de Site gesat hunn. Scannen a mat PD-Art op Commons domat? Why do we allow the PD-Art tag to be used for photographs from any country? An op däer Säit fannen ech och dëst:

Photograph of an Old Master scanned in from a recently published book

✓OK. The WMF takes the view that as long as the reproduction is a faithful reproduction of the original it falls into the public domain.

Photograph of an Old Master found on the Internet, but there is an explicit notice of copyright claim

✓OK as long as the image is or appears to be a faithful reproduction of a 2D public domain work of art. As per WMF's position, it is considered to be in the public domain even when there is a notice about copyright claim. The uploader should not include that notice when uploading to Commons because it could be confusing to people who will reuse the picture.

Dat héiert sech dach interessant un... --Jwh (Diskussioun) 08:42, 26. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]