Romain Hilgert

Vu Wikipedia
Romain Hilgert
Gebuer 22. Dezember 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Iwwersetzer

De Romain Hilgert, gebuer den 22. Dezember 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist, Iwwersetzer an Auteur[1].

No der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek huet hie fir d'Lëtzebuerger Land geschriwwen, vun deem e vun 2006 bis zu senger Pensionéierung am Abrëll 2019[2] Gerant a Chefredakter war. Säi Schwéierpunkt louch bei politeschen a gesellschaftlech-historeschen Theemen.

Doriwwer eraus huet de Romain Hilgert sech op d'Geschicht vum Buchdrocks-, Verlags- an Zeitungswiesen zu Lëtzebuerg spezialiséiert. Bis 2006 huet hie sech ëm d'Luxemburgensia-Rubrik vun der Internetsäit vum Land gekëmmert, wou en ë. a. eng digital Bibliothéik mat Wierker vu Lëtzebuerger Auteuren aus dem 19. Joerhonnert (Michel Rodange, Antoine Meyer,…) an eng Beschreiwung vu Romaner publizéiert huet, déi zu Lëtzebuerg erauskoumen.

Hien ass Auteur vun ë. a. enger Anthologie vun den Zeitungen, déi zanter 1704 zu Lëtzebuerg erauskoumen, an enger Editioun vum Renert, wou en d'Bezich op den deemolege politeschen a gesellschaftleche Kontext explizéiert, an huet ë. a. d'Manifest vun der Kommunistescher Partei vum Karl Marx a Friedrich Engels op Lëtzebuergesch iwwersat (1983). De Romain Hilgert huet d'Iwwersetzung "Spaweck" fir den Internet erfonnt, déi op Wikipedia gebraucht gëtt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Marx, K., Engels, Friedrich, & Hilgert, Romain. (1983). D'Manifest vun der kommunistescher Partei : Éischt Lëtzebuergesch Editioun. Lëtzebuerg: Coopérative ouvrière de presse et d'édition.
  • Hilgert, R. (1992). Banken, Kaffi, Hädekanner : 500 Jahre Luxemburg und die Dritte Welt. Luxemburg: COPE.
  • Rodange, M., Hilgert, Romain, & Wagner, Dieter. (1995). Renert : De Fuuss am Frack an a Maansgrésst (Neioplo 1995. ed.). Lëtzebuerg: G. Binsfeld.
  • Losch, H., Luxembourg Ministère de l'éducation, de la formation professionnelle et des sports, & Hilgert, Romain. (2002). Michel Rodange : 1827-1876. Luxembourg: Ministère de l'éducation nationale, de la formation professionnelle et des sports.
  • Hilgert, R., & Luxembourg Service Information et Presse. (2004). Zeitungen in Luxemburg : 1704 - 2004. Luxemburg: Service information et presse.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Romain Hilgert op der Websäit vum Conseil de presse
  2. Führungswechsel beim "Lëtzebuerger Land" op wort.lu den 12. Abrëll 2019
  3. 22.06.2012 - 24 Journalisten in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet um Internetsite vum Conseil de Presse