Karlsruhe

Vu Wikipedia
Karlsruhe
Vue op Karlsruhe
Land Däitschland
Bundesland Baden-Württemberg
Regierungsbezierk Karlsruhe
Krees Stadkrees
Awunner 308.707 (31. Dezember 2022)
Fläch 173.46
Héicht 115
Koordinaten 49°1'N, 8°24'O
Telefonszon 0721
Postcode 76229
Websäit https://www.karlsruhe.de/
Jumelage mat Nanzeg, Nottingham, Krasnodar, Halle (Saale)


Déi vum Friedrich Weinbrenner gebaut Maartplaz mat der Pyramid

Karlsruhe ass eng kreesfräi Stad a Baden-Württemberg. Historesch ass Karlsruhe Haapt- a Residenzstad vum fréiere Land Baden. D'Stad gëtt am Norden, Osten a Süde vum Landkrees Karlsruhe an am Weste vum Rhäin begrenzt, deen hei d'Grenz mat Rheinland-Pfalz mécht. Karlsruhe ass no Stuttgart (zirka 80 km ëstlech) a Mannheim (zirka 60 km nërdlech) déi drëttgréisst Stad vum Land Baden-Württemberg an huet eng Fläch von ongeféier 173 km². Zanter 1950 ass Karlsruhe Sëtz vum Bundesgerichtshof an zanter 1951 vum Bundesverfassungsgericht, dowéinst huet d'Stad de Bäinumm Residenz des Rechts.

Stadbild a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Zentrum vum "Fächer" ass d'Schlass.

Als relativ jonk Stad feelen zu Karlsruhe déi mëttelalterlech Gaassen, wéi a villen aneren däitsche Grousstied. D'Bannestad gouf bei der Stadgrënnung 1715 geplangt. Am Zentrum steet den Tuerm vum Karlsruher Schlass am Schlassgaart. Dësen huet d'Form vun engem Krees an eng Strooss, den „Zirkel“ geet ronderëm. Historesch goufe Gebaier eréischt vun do un opgeriicht. Fir ze baue goufen et streng Direktiven, besonnesch, wat d'Bauhéicht ugeet, fir de Gesamtandrock vun der Stad méi eenheetlech ze maachen. D'Gebaier méi no beim Schlass sinn net sou al a gehéieren op der ëstlecher Säit zu der Universität Karlsruhe, op der westlecher Säit zum Bundesverfassungsgeriicht.

Baussent dem Zirkel lafen 32 Stroosse riicht vum Schlasstuerm ewech. Des Zuel entsprécht exakt der Kompassrous vun der deemoleger Zäit. Deemools war d'Kompassrous net an 360 Grad agedeelt, mä an 32 Strécher. Schonn d'Éischtbebauung huet sech op d'Südsäit vum Schlass konzentréiert, soudatt d'Bannestad manner der Sonn gläicht, wéi engem Fächer, deen no Süden op ass. Am Schlass ass haut d'Badisches Landesmuseum ënnerbruecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Karlsruhe ëm 1900

Et ass eng jonk Stad, déi de 17. Juni 1715 vum Markgrof Karl Wilhelm vu Baden-Durlach gegrënnt gouf. Dëst as den Datum wéi de Grondstee vu sengem neie Residenzschlass geluecht gouf. D'Schlass war no Süden ausgeriicht ginn, grad sou wéi déi 9 Alleen, déi dem Karlsruher Stadplang säi charakteristescht Bild a säi Bäinumm "Fächerstadt" abruecht hunn.

18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad war relativ séier gewuess an zielt am Joer 1719 schonn 2.000 Awunner. Grond dofir ware grousszügeg Opnambedingunge fir nei Bierger, déi ënner anerem Reliounsfräiheet, biirgerlech Geriichtsbarkeet, eng Bauplaz a Baumaterial garantéiert kruten. Festgehale gouf dëst an engem sougenannte “Privileegiebréif”, deen och baussent dem Räich publizéiert gi war. Dat huet mat sech bruecht, datt d'Hallschent vun den Neibierger aus Géigende komm waren, déi iwwer 100 Kilometer vu Karlsruhe ewech louchen. Vu 1746 bis 1811 huet dunn de Markgrof Karl Friedrich - e grousse, fortschrëttleche Vertrieder vum opgekläerten Absolutismus an Nofollger vum Karl Wilhelm – iwwer d'Stad regéiert. D'Unterrechtswiese gouf ënnerstëtzt, grad sou d'Emanzipatioun vun de Judden. Folter a Leifeegeschaft goufen ofgeschaft. Landstroossen a Kanäl goufe gebaut fir d'Verbesserung vun der wirtschaftlecher Leeschtungsfäegkeet. De Fürstenhaff, dee sech an engem Klima vu geeschtescher Fräiheet e Ruff als “Musenhof” eraarbecht hat, konnt Leit wéi de Voltaire, de Johann Herder, de Goethe, de Gluck oder de Klopstock zu senge Gäscht zielen.

19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

1803 gouf aus der Markgrafschaft e Kurfürstentum an 1806 e Groussherzogtum, dobäi huet Karlsruhe als Residenzstad vu beträchtleche Gebiddserweideronge profitéiert. Baden huet als Verbündete vum Napoléon säin Territoire vervéierfacht. Dee Gewënn war um Wiener Kongress vun 1815 bestätegt ginn, nodeem Baden zum richtegen Zäitpunkt op d'Säit vun de Géigner vum Napoléon gewiesselt war. Dee Moment hat Karlsruhe 15.000 Awunner. Den Opstieg vum Land huet sech natierlech och an der Stad manifestéiert a schonn zanter 1801 huet de “Karlsruher Zimmermannssohn” Friedrich Weinbrenner Karlsruhe méi zu deem gemaach, wéi mir et haut kennen. Hie war de Schöpfer vun der zentraler Achs, déi vum Schlass iwwer d'Maartplaz an iwwer d'Rondellplaz bis bei d'Ettlinger Tor geet. Zu de Gebaier, déi vun him geschaf goufen, gehéieren d'Rathaus an d'evangeelesch Stadkierch bei der Maartplaz, grad sou wéi d'Pyramid, déi hien iwwer der Gruft vum Karl Wilhelm opgeriicht huet an déi zum Symbol vun der Stad ginn ass.

D'Groussherzogtum Bade war aus villen ënnerschiddlechen territorialen Eenheeten zesummegesat ginn, déi ganz verschidden herrschaftlech, ökonomesch, kulturell a konfessionell Traditiounen a Strukturen haten. Grad dowéinst war Karlsruhe wéi selbstverständlech als Landesmetropol akzeptéiert ginn, méi selbstverständlech wéi d'Residenzen a Bayern oder Württemberg.

Sou war d'19. Joerhonnert duerch de weideren Ausbau vun de staatlechen Institutiounen a representative Gebaier zu Karlsruhe geprägt. 1818 gouf - zwar net déi éischt, mä – déi fortschrëttlechst Constitutioun fir Bade vum Karl Friedrich Nebenius ausgeschafft an 1822 war d'Parlament an den éischten eegestännege Parlamentsbau an Däitschland, d'Ständehaus, agezunn. Karlsruhe war heimat zum Ursprong vun der däitscher Demokratie ginn a politesch Matsprooch, Pressefräiheet, d'Trennung vu Justiz a Verwaltung sinn hei méi leidenschaftlech diskutéiert a méi véhément vertruede gi wéi soss anzwousch an Däitschland. Kee Wonner, datt speziell hei d'Revolutioun vun 1848/49 ee fruuchtbare Buedem fonnt huet. Zu Karlsruhe hat dunn 1849 och déi éischt däitsch Republik bestanen, déi allerdéngs séier vu preiseschen Truppen néiergeschloe gouf.

An den 1860er Joren a bis 1871 ass hei d'Gesetz fir Geriichtsverfaassung geschaf ginn, e Meilesteen an der Geschicht vum Droit well et dem Bierger erméiglecht huet, géint rechtlech Verstéiss vum Staat viru Geriicht ze goen.

Panorama virun dem Karlsruher Schlass

D'Industrialiséierung[änneren | Quelltext änneren]

1825 as déi éischt technesch Héichschoul op däitschem Buedem zu Karlsruhe entstanen. De Johann Gottfried Tulla, deen d'Rheinbegradigung geplangt hat, war ee vun de Grënnungsmemberen an zu de Geléierten, déi hei am 19. Joerhonnert enseignéiert hunn, gehéieren ënner anerem de Redtenbacher, den Engler, de Bunte, de Grashof oder de Weltzien. Och den Heinrich Hertz, Entdecker vun den elektromagnéitesche Wellen, huet hei gefuerscht. De Ruff als virbildlech Ausbildungsplaz gesäit d'Héichschoul doduerch bestätegt, datt zu hiren Absolventen de Robert Gerwig, de Carl Benz a bedeitend Karlsruher Industrieller gehéieren. D'Konschtakademie (1854), d'Pedagogesch Héichschoul (1875), d'Héichschoul fir Technik (1878) an d'Musekhéichschoul (1884) komplettéieren d'Gesamtbild vun engem bildungspolitesch duerchduechtem Encadrement. An de 60er Jore vum 19. Joerhonnert huet d'Industrie sech ëmmer méi zu Karlsruhe ugesidelt a mat der Héichindustrialiséierong no der Reichsgründung 1871 war d'badesch Residenzstad vun enger staarker gesellschaftlecher a wirtschaftlecher Dynamik matgerappt ginn. Den 21. Januar 1877 ass den éischten Tram an der Fächerstad gefuer. No engem explosiounsaartege Wuesstem war Karlsruhe am Joer 1901 mat 100.000 Awunner Groussstad ginn.

1. Weltkrich, Weimarer Republik, Drëtt Räich[änneren | Quelltext änneren]

Karlsruhe hat sech zu enger Industriestad mat de Schwéierpunkte Metallveraarbechtung a Maschinnebau entwéckelt. Doduerch koume schwéier Zäiten op d'Stad duer, well nom Éischte Weltkrich an de Versailler Verträg festgehale gouf, datt Karlsruhe an der entmilitariséierter Zon géif leien. A vun enger net onbedeitender Krichsindustrie op eng Friddensindustrie ëmzeklammen, ass der Stad net liicht gefall. Den Elsass huet missen u Frankräich zeréckgoen, an an de Joren nom Krich hat Karlsruhe domat net nëmmen e wichtege Marché verluer, mä war och nach haart getraff ginn doduerch, datt et an der Grenzregioun zu Frankräich fir Investisseuren net méi immens attraktiv war. D'Stad ass trotz alledem weider gewuess an 1933 zielt si 155.000 Awunner. Dëst ass och dorop zeréckzeféieren, datt verschidden Nopeschdierfer - vu Mühlburg 1886 bis Bulach 1929 - a Karlsruhe agegliddert goufen. Politesch gesinn huet d'Weimarer Koalitioun den Toun zu Karlsruhe uginn, bis zum Ausbroch vun der Weltwirtschaftskris. Karlsruhe ass séier brong ginn. Schonn 1930 war d'NSDAP déi stäerkst politesch Kraaft an aus der Landeshauptstadt ass d'Gauhauptstadt ginn.

D'Zäit nom Krich[änneren | Quelltext änneren]

Wéi fir ganz Däitschland hat den Zweete Weltkrich och fir Karlsruhe katastrophal Follgen, d'Stad war nom Krich zu engem groussen Deel zerstéiert ginn an hat seng Haaptstadfonctioun verluer. Si konnt awer séier erëm opgebaut ginn an no der Wärungsreform war et zu engem laang unhalende Bauboom komm, woubäi historesch Gebaier, wéi d'Weinbrennerbauten, erhale konnte ginn an den Opbau vun der Stad no an no zu engem Ausbau ginn ass. D'Grenz vun de Besatzungszonen ass matzen duerch Bade verlaf, domat louch Karlsruhe zwar souzesoen an engem “doudege Wénkel”, mä virun der Bedeitunglosegkeet konnt d'Stad sech doduerch retten, datt hei nach emmer wichteg Institutiounen a Verwaltungsdengschtleeschtunge fir d'Land a fir de Bund erhale blouwen. Mam Bundesgerichtshof an dem Bundesverfassungsgericht war Karlsruhe d'“Residenz des Rechts” ginn. A mam Kernforschungszentrum war d'Fuerschungspotenzial vun der technescher Héichschoul gewuess. No der Stagnatioun an Zäite vun der Weimarer Republik war et ab 1946/47 erëm zu engem industriellen Opschwong komm, deen an der Usiedlung vun zwou Uelegraffinerien nërdlech vu Maxau säin Héichpunkt fonnt hat. No der europäescher Vereenegung ass de fréieren Nodeel vun der Proximitéit zur franséischer Grenz zu engem Virdeel ginn, well Karlsruhe am Zentrum vu wichtegen europäesche Verkéiersweeër louch. Um Enn vun den 1960er Joren ass amplaz vum Ausbau vun der Stad éischter op den Ëmbau vun der Bannestad gesat ginn. Gréngfläche si geschaf ginn an deen een oder anere Quartier gouf ganz erneiert. D'Zil heivu war, d'Liewensqualitéit an der Stad z'erhéijen an ze verhënneren, datt d'Bierger mat engem héijen Akommes an d'Ëmland ofwanderen.

Strukturwandel an nei Technologien[änneren | Quelltext änneren]

Haaptentrée vun der Uni

De wirtschaftleche Strukturwandel an den 80er Joren huet och fir Karlsruhe mat sech bruecht, datt Aarbechtsplazen am primairen a secondaire Secteur verluer gaange sinn an den Déngschtleeschtungssecteur méi wichteg ginn ass. D'Stad huet op d'Chance vun den neien Technologië gesat a mat der Technologiefabréck en Existenzgrënnungszentrum ageriicht. Ausserdeem ass mat ëmleiende Stiet d'Technologieregioun Karlsruhe geschaf ginn, déi och iwwerregional en exzellente Ruff huet.

D'Karlsruher Uni huet am Joer 1984 déi éischt E-mail empfaangen, déi an Däitschland geschéckt ginn ass. Vun 1984 bis 1998 sinn och all däitsch Domainnimm zu Karlsruhe verwalt ginn. Ronn 2.500 Internet- an Telekommunikatiounsfirme si ronderëm d'Uni entstanen, och dowéinst war Karlsruhe 2003 zur "Internethaaptstad vun Däitschland" gewielt ginn.

Wien eng CD brennt, mécht dat vläicht mam Programm “Nero”, deen an engem Karlsruher Faubourg entwéckelt gëtt. Wien eng Email schéckt, mécht dat vläicht mat enger web.de-Adress, als ee vun iwwer 15 Millioune User beim iwwer 40fachen Testsieger. Wann een eng däitsch Homepage huet, léisst een déi vläicht zu Karlsruhe am gréisste Rechenzentrum vun Europa verwalten, wou iwwer 40 % vun allen däitsche Websäite gespäichert sinn. A wien an Zukunft an der nächster Generatioun vum Internet – dem “Semantic Web” - surft, profitéiert vläicht onbewosst vun intelligenten Agenten an Ontologien, déi op der Karlsruher Uni matentwéckelt goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karlsruhe – Biller, Videoen oder Audiodateien