Bundesverfassungsgericht

Vu Wikipedia
De Siège am Karlsruher Schlossbezirk.

D'Bundesverfassungsgericht ass an Däitschland d'Verfassungsgeriicht um federalen Niveau (Bund). Seng Roll ass eng duebel: engesäits ass et en onofhängegt Verfassungsorgan an anerersäits en Deel vun der judikativer Staatsgewalt, wat d'Interpretatioun vum Staats- a vum Vëlkerrecht betrëfft.

Et kann als lescht Instanz decidéieren, wéi de Verfassungstext z'interpretéieren ass. Et ass kee lescht Instanzgeriicht: Obwuel et d'Uerteeler vun anere Geriichter kontrolléiert, kuckt et net dono, ob dat jeeweilegt Fachrecht richteg ugewannt gouf, et gëtt just iwwerpréift, ob déi Decisiounen am Aklang mat der Verfassung, dem Grundgesetz, sinn.

D'Geriicht huet säi Sëtz zu Karlsruhe. D'Haaptgebai aus den 1950er Joren ass vum Architekt Paul Baumgarten.