Doudege Wénkel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Doudege Wénkel am Allgemengen. Fir de Filmtitel, kuckt wgl. Doudege Wénkel (Film).
Den Doudege Wénkel dee vun der Kommandobréck net kann agesi ginn.

Mat doudege Wénkel ass eng Plaz an engem Raum gemengt, déi ee vum Standpunkt vun deem dee kuckt, net ka gesinn.

Am Kader vun der Verkéierssécherheet ass domat déi Positioun par Rapport zum Chauffer vun engem Gefier gemengt, déi dësen net ka gesinn, sief et, well se ze no um Gefier ass, sief et, well Fënsteren a Réckspigel déi Zonen net ofdecken. Aner Gefierer oder Persoune lafen deemno Gefor, wa s'am Doudege Wénkel sinn, beim engem Manöver iwwersinn an an en Accident verwéckelt ze ginn.

Am Militärjargon ass mat doudegem Wénkel dee Beräich gemengt, deen net duerch feindlecht Schéissen erreecht ka ginn.