Doudege Wénkel (Film)
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch |
Produktiounsjoer | 2012 |
Première | 2012 |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Christophe Wagner |
Dréibuch |
Christophe Wagner Frédéric Zeimet |
Fotografie | Jako Raybaut |
Musek | André Mergenthaler |
Produzent |
Samsa Film Artémis Productions |
Schauspiller | |
André Jung als Hastert Jules Werner als Olivier Faber Brigitte Urhausen als Isa Da Silva Luc Feit als Schroeder Gilles Soeder als Roemer Nicole Max als Carnevale Mickey Hardt als Tom Faber Patrick Descamps als Beaulieue Gintare Parulyte als Marie Stefan Weinert als Huremovic Irina Lavrinovic als Elina Nicole Colchat als Mamm vun de Fabesch Raoul Schlechter als Riichter Schlesser Hervé Sogne als Hoffmann Jean-Paul Maes als Michelson Myriam Muller als Cecile Germain Wagner als Dr. Ferretti | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Doudege Wénkel (och Angle mort oder Blind Spot) ass e Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Christophe Wagner. Et ass e Film noir, deem säin Dréibuch de Christophe Wagner zesumme mam Frédéric Zeimet geschriwwen huet.
De Film gouf vum 1. August bis Mëtt September 2011 gedréit[1] an eng éischt Kéier den 20. Abrëll 2012 um Festival international du film policer zu Léck gewisen.[2] E koum den 3. Oktober 2012 an d'Kinoen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Polizist Tom Faber ass hannert der Stater Gare, a sengem Auto, erschoss opfonnt ginn. Den Inspekter Hastert (André Jung) vun der Police judiciaire leet d'Enquête a sicht zesumme mam Olivier (Jules Werner), dem Brudder vum Ermuerten, deen och e Polizist ass, nom Mäerder. No enger éischter Spuer, déi an den Drogemilieu gefouert huet, daucht eng Prostituéiert op, déi ausseet, si wier mam Tom zesummegewiescht, an hätt vun him e Schlëssel kritt vun anzwousch, wou eppes Wichteges verstoppt wier. Et stellt sech eraus, datt et en Dossier an engem Gefaach am Vestiaire vun der Nationalbibliothéik ass, mat Dokumenter, déi noleeën, datt den Tom viru sengem Doud de knaschtege Geschäfter vun engen aflossräiche Geschäftsmann op der Spuer war. Mee nach gesäit den Olivier net, wat sech am doudege Wénkel vun der Enquête verstoppt...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]2012 waren 20.150 Leit de Film an de Kino kucken. Domat war Doudege Wénkel deeen 12.-meescht gekuckte Film 2012 an de Lëtzebuerger Kinoen.[3] 2013 koumen nach eng 2.000 Spectateure bäi.[4]
D'DVD koum uganks Oktober 2013 eraus. Eng 3.000 Stéck goufen der dovu verkaf.[4]
2014 krut Doudege Wénkel de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Film, de Jules Werner fir seng Roll als Inspekter Faber dee fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun an de Jako Raybaut fir seng Kameraaarbecht dee fir déi bescht technesch Kontributioun.
Dréiplazen
[änneren | Quelltext änneren]-
Philippsgaass a Groussgaass
-
Déierebuttek Josy Welter (Foto wärend den Dréiaarbechten)
-
Garer Quartier
-
Daach vum Parking Neipperg
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Trailer op youtube.com
- Kritik vum Film op Take One