Samsa Film

Vu Wikipedia
Samsa Film
Grënnungsdatum 04.06.1986[1]
Sëtz Bartreng, Lëtzebuerg
Mataarbechter 8 (31.12.2020)[2]
Branche Filmindustrie
Produit Filmproduktioun
Homepage www.samsa.lu

Samsa Film sàrl ass eng vun de gréisste Filmproduktiounsfirmen zu Lëtzebuerg.

Samsa Film gouf 1986 vum Jani Thiltges a Claude Waringo (ë. a.) gegrënnt an huet hautdesdaags dräi Associéen: de Jani Thiltges, de Claude Waringo an de Bernard Michaux[3]

Den 22. Januar 2015 huet Samsa mat dem Bernard Michaux senger Firma Lucil Film fusionéiert. Et war déi éischt esou Fusioun an der Lëtzebuerger Filmindustrie.[3]

Samsa Film ass och u Filmproduktiounfirmen am europäeschen Ausland bedeelegt, iwwer der Samsa hir Holding Codeca, an In Good Company (Berlin), Bac Film (Paräis), Liaison cinématographique (Paräis), Artemis Productions (Bréissel) a Fado Filmes (Lissabon).[3][4]

Samsa Film huet zesumme mat der Association professionnelle des galeries d'art du grand-duché de Luxembourg eng Serie vun 30 Filmer iwwer Konschtschafender, déi mat Lëtzebuerg verbonne sinn, produzéiert, ënner dem Titel Portraits d'artistes.

Zu de bekannte Produktioune vu Samsa Film gehéieren d'Spillfilmer Doudege Wénkel (2012), Eng nei Zäit (2015) a De Superjhemp retörns (2018), an d'Fernseeserie Capitani (2019-2020). Donieft produzéiert Samsa Film och vill lëtzebuergesch Documentairen an international Koproduktioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxembourg Business Registers, B31477 SAMSA sàrl - Statuts coordonnés. lbr.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2021.
  2. Luxembourg Business Registers, B31477 - SAMSA FILM S.à.r.l.. lbr.lu. Gekuckt de(n) 27.12.2021.
  3. 3,0 3,1 3,2 corporatenews.lu: Samsa et Lucil fusionnent (22. Januar 2015)
  4. torinofilmlab.it: Biographie vum Jani Thiltges (net datéiert, gekuckt de 27. Dezember 2021)