Diskussioun:Samsa Film

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

An dësem Artikel stëmmt en etleches net.

Et gëtt mol éischtens zwou SAMSA-film.

Eng Asbl vun 1986 déi awer anscheinend net méi aktiv ass, vun där awer hei d'Grënnungsjoer opgefouert ass. ???

an eng SARL vun 1989 déi zanter 2011 komplett der CODECA, S.à r.l., gehéiert. Déi Leit déi hei ernimmt ginn, ware just eng Zäit Associen awer net méi haut. --91.180.96.39 05:44, 4. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

Ech sinn eng Kéier iwwer den Artikel gaangen, mee leider fënnt ee bal keng Informatiounen iwwer "Samsa Film" a "Codeca". Et wier interessant, wann een, deen dat kann, an de Mémorial (oder wou och ëmmer een Informatiounen iwwer Entreprisen an Associatioun fënnt) géif kucken an dann d'Quelle hei hi géif pechen. --Bdx (Diskussioun) 14:29, 27. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]


den 18. September 2002 huet CODECA Samsa Film opkaaft. (Mémorial C — N° 1575)


'n Owend
Souwäit ech dat eraus fonn hunn: Samsa huet hautdesdaags als eenzegen Aktionär d'Firma Codeca sàrl [1], déi hierersäist dem Michaux / Thiltges / Waringo gehéiert[2]. GilPe (Diskussioun) 20:43, 27. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi Informatiounen! --Bdx (Diskussioun) 13:31, 3. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

  1. Luxembourg Business Registers, B31477 SAMSA Film – Assemblée générale extraordinaire du 14.11.11. www.lbr.lu (14.11.2011). Gekuckt de(n) 27.12.2021.
  2. LBR, Modification. www.lbr.lu (07.09.2021). Gekuckt de(n) 27.12.2021.