Société à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)
Eng Société à responsabilité limitée (gekierzt Sàrl oder SARL) oder Gesellschaft mat limitéierter Responsabilitéit, ass eng Rechtsform zu Lëtzebuerg. Se baséiert um ugepasste Gesetz vum 10. August 1915[1].
D'SARL ass eng Zort hybrid Gesellschaft: se huet d'Charakteristike souwuel vun enger Handelsgesellschaft (Limitt vun den Associéen hirer Haftung op de Betrag vun hire Bäiträg) wéi och déi vun enger Persounegesellschaft (d'Parten an der Gesellschaft sinn net fräi iwwerdrobar).
D'SARL kennzeechent sech duerch de limitéierte Risiko fir d'Gesellschafter an doduerch datt d'Parten net fräi kënne weiderverkaaft ginn.
Als Mindestkapital brauch se 12.000 Euro. S'ass bei wäitem déi heefegst Gesellschaftsform zu Lëtzebuerg; op den 31. Dezember 2024 waren 79.757 SARLen zu Lëtzebuerg enregistréiert[2].
Eng SARL kann tëscht zwéin an 100 Associéen hunn. Do dernieft gëtt et nach déi sougenannt „Ee-Mann-SARL“ (SARL unipersonnelle): eng Ausnam vum klassesche Konzept vum Handelsrecht, well een eenzegen Associé eng SARL grënne kann.
Grënnung
[änneren | Quelltext änneren]Eng SARL ka fir all Geschäftszwecker gegrënnt ginn, ausser fir Versécherungs-, Spuer- oder Investitiounsgesellschaften.
D'Grënnung vun enger SARL muss virun engem Nottär gemaach ginn an d'Statute mussen am Handelsregëster agedroe ginn.
Bezeechnung
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm vun der Gesellschaft gëtt am Grënnungsakt festgehalen; en däerf net identesch mat schonn existente Gesellschafte sinn.
Dauer
[änneren | Quelltext änneren]D'SARL ka limitéiert oder op onbegrenzt Zäit gegrënnt ginn.
Opléisung
[änneren | Quelltext änneren]Um Enn vun der Dauer déi an de Statute festgeluecht gouf, gëtt d'Gesellschaft d'office opgeléist. Se kann absënns och opgeléist ginn:
- wann de Gesellschaftszweck erfëllt gouf oder net béi besteet;
- wann d'Associéen oder den Eenzel-Associé dat decidéiert;
- mat engem Geriichtsurteel (z. B. wéinst legitimme Grënn oder wéinst illegalen Aktivitéiten).
Se gëtt net duerch eng Faillite, Insolvenz oder Doud vun engem Associé opgeléist.
Kapital
[änneren | Quelltext änneren]Dat minimaalt Kapital fir eng SARL beleeft sech op 12.000 Euro. D'Kapital muss komplett souscrivéiert an abezuelt sinn.
D'Parte vun der SARL sinn nominativ, mat oder ouni Angab vum Nennwäert. Se kënnen net fräi gehandelt ginn.
Verwaltungsorganer
[änneren | Quelltext änneren]D'SARL gëtt vun engem oder e puer Geranten (Associé oder net) assuréiert, déi vun den Associéë fir eng limitéiert oder onbegrenzt Zäit ernannt ginn.
Responsabilitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'Grënner vun der Gesellschaft sinn a verschiddene Fäll géigeniwwer Drëttpersoune gemeinsam haftbar. D'Associéë si bis zu der Héicht vun hirem Undeel um Kapital vun der Gesellschaft haftbar.
Verflichtung
[änneren | Quelltext änneren]Eng SARL mat méi wéi 60 Associéen ënnerläit der obligatorescher Opsiicht vun engem oder méi Commissaires aux comptes.
Eng gesetzlech Kontroll vun der Comptabilitéit vun engem zertifiéierte Réviseur d'entreprise ass obligatoresch fir Firmaen, déi um Enn vun hirem Joresofschloss an no zwee Geschäftsjoren hannereneen d'Grenze vun zwéi vun de follgenden dräi Krittären iwwerschreiden:
- Bilanszomm vu 4,4 Milliounen Euro;
- Nettoëmsaz vun 8,8 Milliounen Euro;
- Duerchschnëttlech Vollzäitaarbechtskräfte vu 50 Mataarbechter.
Comptabilitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'SARL muss ë. a. follgendes virleeën: Bilan, Gewënn- a Verloschtrechnung (compte de profits et pertes), Annexen an de Geschäftsrapport (rapport de gestion), déi vun der Generalversammlung vun den Associée musse guttgeheescht sinn.
Steieren
[änneren | Quelltext änneren]D'SARL ënnerläit follgende Steieren:
- Droit d'enregistrement
- Grondsteier (impôt foncier)
- Gewerbesteier (impôt commercial)
- Verméigenssteier (impôt sur la fortune)
- Kierperschaftssteier (impôt sur le revenu des collectivités)
- TVA.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Beispiller aus dem Handelsregëster[3]:
Sàrl
[änneren | Quelltext änneren]- Dussmann Service (B16281)
- Amazon International Services (B221010)
- PricewaterhouseCoopers (B65477)
Sàrl unipersonnelle
[änneren | Quelltext änneren]- proRegio (B109318)
- Dolomiti Diekirch (109095)
- GMS-IT (B163534)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Société à responsabilité limitée (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Version consolidée. Loi modifiée du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales. data.legilux.public.lu (10.08.1915). Gekuckt den 02.11.2025.
- ↑ (fr) Nombre total d'entités immatriculées au RCS. www.lbr.lu (31/12/2022). Gekuckt de 26.03.2023.
- ↑ gekuckt op lbr.lu