Bartreng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bartreng
Bertrange centre.jpg
Am Zentrum vu Bartreng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bertrange
de: Bartringen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Buergermeeschter F. Colabianchi (DP)
Koordinaten 49° 36’ 36’’ N
     06° 02’ 59’’ O
De Waassertuerm vu Bartreng.
Zu Bartreng

Bartreng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat demselwechten Numm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer den Tossebierg leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Duerch Bartreng leeft vu Westen no Osten d'Péitruss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Batreng läit beim Kiem vun Orolauneum (Arel) op Augusta Treverorum (Tréier), um Tossebierg war e Relais fir d'Päerd. An der Uertschaft, um Flouer Bei de Rouden Zillen a Buermiicht, si Reschter vun enger gallo-réimescher Villa. Dës gehéiert zanter 1987 zum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.

Den Numm "Bartreng", respektiv "Bertrange" ass vu fränkeschen Originen, an heescht souvill wéi "dem Bert(ho) säint". Uechter d'Joerhonnerte variéiert en tëscht Bertharingen, Bertrig, Birtring, Berthinga, Bertringen fir dann zum haitegen Bartreng, repsektiv Bertrange oder Bartringen, ze ginn.[1]

Aus der Zäit vum Mëttelalter ass net vill vu Bartreng gewosst. 1548 huet de Gouverneur Pierre Ernest de Mansfeld d'Herrschaft Batreng kaaft, 1562 gouf s'un d'Madeleine de Schauwenburg viruverkaaft. An an der Neizäit, bis zum Enn vum Spueneschen Ierffollegkrich, waren d'Duerf an d'Buerg vu Bartreng, well se no bei der Festung Lëtzebuerg louchen, bei Belagerunge vun dëser ëmmer nees duerch d'Arméien, déi do hire Camp haten, geplëmmt ginn. Besonnesch am Drëssegjärege Krich ass d'Bevëlkerung, wéi a villen aneren Dierfer doruechter, duerch Pescht a Brigangen staark erofgaangen.[1]

Am 19. Joerhonnert war Bartreng e Bauaerenduerf mat ronn 200 Haiser, an eppes iwwer 1.000 Awunner. Eng jett sinn der vun do an de Banat oder an Amerika ausgewandert. Eréischt an der zweeter Hallschecht vum 20. Joerhonnert huet sech d'Situatioun grondleeënd geännert. Ewell huet Bartreng dervu profitéiert, no bei der Stad ze sinn, an d'Awunnerzuel, déi 1945 nach bei ronn 1.300 louch, ass rasant an d'Luucht gaangen: 1973 gouf d'3.000er-Marque iwwerschratt, 1981 déi vu 4.000, 1996 déi vu 5.000, 2005 déi vu 6.000 an ëm 2013/14 déi vu 7.000.[1]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Les origines" op bertrange.lu; gekuckt 2015-06-05.