Capitani

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Televisiounsserie

CAPITANI Logo.png

Informatiounen
Originaltitel: Capitani
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Éischt Folleg: 2019
Dauer: 12 x ± 26 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Follgen: 12
Ekipp
Iddi: Thierry Faber
Produzent: Samsa Film
Haaptacteuren
Luc Schiltz als Luc Capitani
Sophie Mousel als Elsa Ley
Claude De Demo als Nadine Kinsch
Jules Werner als Mick Engel
Jil Devresse als Tanja/Jenny Engel
Konstantin Rommelfangen als Steve Weis
Joé Dennenwald als Joe Mores
Brigitte Urhausen als Carla Pereira
Julie Kieffer als Manon Boever
Timo Wagner als Frank Ferrone
Roland Gelhausen als Jim Boever
Max Gindorff als Jerry Kowalska
Désirée Nosbusch als Diane Bonifas
Pierre Bodry als Claude Glodt
Luc Feit als Usch Trierweiler
Nicole Max als Christiane Ley
Raoul Schlechter als Rob Berens
Marc Limpach als Gérard Gaspard
Jean-Paul Maes als Jean-Pierre Weyrich
Jemp Schuster als Pierre Rommes
Esther Gaspart Michels als Léa Holmes
Al Ginter als Majouer Majerus
Josiane Peiffer als Mady Berens
Michel Tereba als Sergent Goedert
Gabriel Boisante als Paschtouer Holmes
Anne Klein als Serveuse
Renelde Pierlot als Infirmière
Monique Reuter als Madame Kons
Jules Waringo als Militaire de garde
Matteo Wolf als Tun[1]

Capitani ass eng lëtzebuergesch Televisiounsserie vum Thierry Faber (Iddi), Eric Lamhène a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen). Déi éischt Saison gouf am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint an eng éischt Kéier tëscht dem 1. Oktober an dem 17. Dezember 2019 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen.

Ëm wat geet et an der Serie?[änneren | Quelltext änneren]

1. Saison[änneren | Quelltext änneren]

Haaptpersonnage ass de Luc Capitani, en Inspekter vun der Police judiciaire aus dem Süde vum Land. An der éischter Saison ass hien aus private Grënn am Éislek, zu Mënscht (Manscheid), wéi e sur place ugestallt gëtt, de Muerd un engem Meedchen, dem Jenny Engel, ze léisen, dat dout am Bësch fonnt gouf. Fir d'Enquête steet him déi jonk Polizistin Elsa Ley zur Säit, déi vun do aus der Géigend kënnt. Séier ginn d'Enquêteuren an eng komplizéiert Intrig verwéckelt, wou alles nëmme Schäin ass an all Duerfbewunner méi weess, wéi wat en erziele wëll. An dann ass do nach eng al Affär vu viru 15 Joer, mat där e stënterlech konfrontéiert gëtt ...

D'Geschicht spillt bannent 8 Deeg, a gëtt gréisstendeels chronologesch erzielt (bis op e puer Réckblenden an der leschter Episod).

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

Episod Éischt Ausstralung Ëm wat geet et?
1 Oh Du, do uewen 1. Okt. 2019 An engem Bësch am Éislek gëtt d'Läich vum Jenny Engel, engem 15 Joer ale Meedche aus dem Nopeschduerf fonnt. Den Inspekter Luc Capitani iwwerhëlt d'Enquête a gëtt gewuer, datt och d'Zwillingsschwëster Tanja verschwonnen ass…
2 A sengem donkle Bëscherkranz 8. Okt. 2019 De Suizid vum Stéifpapp mécht aus him en Haaptverdächtegen. De Luc Capitani an déi jonk Polizistin Elsa Ley enquêtéieren hirersäits iwwer méiglech Drogeproblemer am Jenny sengem Lycée…
3 Aus der Kannerzäit, aus der Kannerzäit 15. Okt. 2019 D'Polizistin Ley fënnt eraus, datt probéiert gouf, de Stéifpapp als Schëllegen duerzestellen. Den Inspekter Capitani ënnersicht nach eng Kéier d'Plaz wou d'Jenny fonnt gouf. Hie gleeft net, datt hatt vum Fiels gefall ass…
4 Kee Schlof méi fir d'Aen, kee Friden méi fir d'Hierz 22. Okt. 2019 D'Tanja Engel, dem Jenny seng Zwillingsschwëster, ass nees opgedaucht. Mä et bestinn Zweiwelen u senger Erklärung, wou et war. Iwwerdeems gëtt am Gemengerot de Buergermeeschter vun der neier Fusiounsgemeng bestëmmt...
5 Déi Friem, déi mussen 't agestoen 29. Okt. 2019 D'Enquête vum Capitani ergëtt datt d'Jenny dacks mat jonken Zaldoten zesumme war. Iwwerdeems gëtt den Direkter vum Lycée zou, datt si den Drogen net méi Meeschter gi sinn, an datt de Stéifpapp en Deel vum Problem war…
6 Souwäit vu mir, sou wäit! 5. Nov. 2019 D'Zwillingsschwëster Tanja behëlt sech ëmmer méi komesch, evitéiert seng bescht Frëndin Léa a verléisst säi Frënd. Den Inspekter an d'Polizistin gi gewuer datt zwéi Sexualverbriecher an der Géigend liewen…
7 An ech weess vun Tréin a Leed 12. Nov. 2019 Den Inspekter Capitani gouf mat engem Kichelchen drogéiert, fällt schwaach an erwächt am Bësch. Do entdeckt hien ee verstoppte Chalet, deen hien intrigéiert. Iwwerdeems fënnt d'Ley eraus, wiem dee Knapp gehéiert, deen et engem vermummte Verdächtegen op der Plaz vun der Dot erofgerappt hat an de Capitani kritt Besuch vun enger Inspektesch vun der Inspection générale de la police
8 A wéi schéin déi gëllen Dreem 19. Nov. 2019 De Capitani an d'Ley versichen erauszefannen, wéi eng Roll de Chalet an deem Drogereseau spillt. D'Manon Boever, d'Bäckeschmeedchen, schéngt méi domat ze dinn hunn, wéi hatt wëll zouginn…
9 Voll Vertraue wor mäin Hierz 26. Nov. 2019 De Capitani huet ewell Gewëssheet, wat mam Tanja lass ass. E Bréif vum Stéifpapp daucht op, an deem hien de Grond ugëtt, firwat hie sech d'Liewe geholl huet. D'Ley fënnt hirersäits eraus, datt d'Manon an enkem Kontakt mat engem gewësse 'Petz' steet an am Zaldotecamp fänken d'Lompen un ze sténken …
10 Ech wousst näischt vun Tréin a Schmierz 3. Dez. 2019 Den Inspekter Capitani gëtt vu senger Vergaangenheet ageholl a gëtt selwer verhéiert. Mee d'Enquête leeft virun an d'Bäckeschmeedche Manon erzielt endlech wat wierklech owes am Chalet gelaf ass…
11 An d'Broscht voll däischter Nuecht 10. Dez. 2019 Am Chalet verstoppe sech déi jonk Zaldoten, déi gesicht ginn. D'Polizistin Elsa Ley probéiert eleng z'intervenéieren, bis d'Tanja op eemol opdaucht. Och de Mick Engel an de Steve Weis kommen derbäi; et kënnt zu enger Schéisserei…
12 Et wor op engem schéinen klore Summerdag [sic] 17. Dez. 2019 De Mick Engel an de Steve Weis erzielen ënnerschiddlech Versioune vun deem wat an der Nuecht am Bësch soll geschitt sinn. De Capitani versprécht dem Elsa d'Wouerecht erauszefannen…

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luc Capitani (Luc Schiltz): Inspekter bei der Police judiciaire. Ass zimmlech rabiat am Ëmgang mat aneren, a stécht seng ganz Energie an d'Léisung vum Muerdfall. Eng al Affär vu viru 15 Joer spillt stënterlech och nees eng Roll a sengem Liewen.
  • Elsa Ley (Sophie Mousel): Jonk an éiergäizeg Brigadière, déi aus dem Duerf ass, wou "all Mënsch all Mënsch kennt", an dofir vum Capitani mat op d'Enquête gesat gëtt. Duerch hir Erkenntnesser verdéngt si sech lues a lues dem Capitani seng Unerkennung fir hir Aarbecht. Si erwaart e Kand vum Steve Weis, engem Zaldot.
  • Joe Mores (Joe Dennewald): Och e Brigadier aus der Géigend, deen éierlech hëllefe wëll, ma séier iwwerfuerdert ass.
  • Tanja Engel (Jil Devresse): Zwillingsschwëster vun der ermuerter Jenny Engel. War nom Muerd e puer Deeg verschwonnen, a säin Erëm-Opdauche werft méi Froe wéi Äntwerten op.
  • Mick Engel (Jules Werner): Chef vun der Schräinerei 'Holzengel', Papp vun den Zwillingsschwësteren an Ex-Mann vun der Nadine Kinsch. Gëtt duerch eng Intrig neie Buergermeeschter vun der fusionéierter Gemeng Mënscht. Impulsiv a bedreelech, wann et enk gëtt. Huet en zimmlecht animéiert Intimliewen.
  • Nadine Kinsch (Claude De Demo): Mamm vun den Zwillinssëschteren, déi nieft dem Doud vun enger Duechter och nach dee vun hirem Mann verquësse muss, dee sech d'Liewe geholl huet. Ma och hiren Ex-Mann spillt weiderhin eng wichteg Roll an hirem Liewen. Si deelt mat der iwwerliewender Duechter e Geheimnis.
  • Rob Berens (Raoul Schlechter): Mann vun der Nadine Kinsch; dem Jenny an dem Tanja hire Stéifpapp. Franséischproff am Lycée, hëlt sech kuerz nom Jenny sengem Doud d'Liewen. E Bréif vun him, dee spéider fonnt gëtt, erkläert firwat.
  • Jean-Pierre Weyrich (Jean-Paul Maes), Direkter vum Lycée. Ass méi ëm de Ruff vu senger Schoul beméit, wéi ëm den Drogeproblem, deen et do gëtt. Kolleeg vum Pierre Rommes.
  • Pierre Rommes (Jemp Schuster): Buergermeeschter vu Mënscht, deen awer bei der Fusioun mat zwou Nopeschgemenge vum Mick Engel ausgebot gëtt. Geet op d'Juegd no engem Wollef, dee sech do ronderëm dreiwe soll.
  • Léa Holmes (Esther Gaspart Michels): Bescht Frëndin vun der Tanja Engel; ass vum Tanja enttäuscht, datt et de Kontakt mat him evitéiert.
  • Manon Boever (Julie Kieffer): Duechter vum Bäcker Jim Boever. Nodeems et d'Schoul ofgebrach hat, fiert et mat der Camionnette Brout a Mëtschen doruechter verkafen. Verkeeft och Drogen, déi et vun engem gewëssen 'Unicorn' geliwwert kritt, an huet eng heemlech Bezéiung mam Mick Engel.
  • Jim Boever (Roland Gelhausen): Duerfbäcker, nom Doud vu senger Fra verbattert, a mat wéineg Zougank zu senger Duechter Manon, déi fir hie schafft. Huet, ausser geleeëntleche Kaartenowenter mam Paschtouer Glodt a mam Gérard Gaspard, kaum Kontakt mat de Leit.
  • Claude Glodt (Pierre Bodry): De Paschtouer aus dem Duerf, dee seng Scheewercher gutt kennt.
  • Usch Trierweiler (Luc Feit): E geeschteg Handicapéierten aus dem Duerf, dee beim Paschtouer wunnt a sech vill dorëmmer erëmdreift.
  • Steve Weis (Konstantin Rommelfangen) Zaldot 'um Bierg' a Frënd vun der Elsa Ley, déi vun him e Puppelchen erwaart. Dreift sech dacks mam Frank Ferrone a mam Jerry Kowalska nuets an engem Chalet am Bësch erëm, wou och Meedercher aus dem Duerf hikommen.
  • Frank Ferrone (Timo Wagner): Zaldot
  • Jerry Kowalska (Max Gindorff): Zaldot
  • Majouer Majerus (Al Ginter)
  • Sergent Goedert (Michel Tereba)
  • Carla Pereira/Sofia Santos (Brigitte Urhausen): Besëtzerin vun der Auberge am Duerf. Hat viru 15 Joer eng Bezéiung mam Capitani, ass dono awer ënnergedaucht, bis de Capitani se zu Mënscht ënner anerem Numm nees erëmfonnt huet. Si komme sech nees méi no.
  • Diane Bonifas (Désirée Nosbusch): Inspektesch bei der IGP, enquêtéiert iwwer de Muerd um Vincent Da Costa, engem Drogendealer aus dem Minett, deem seng Läich kierzlech opgetaucht ass. E war mat engem Policerevolver erschoss ginn, an de Capitani hat sech an der Zäit, wou e warscheinlech ëmbruecht gouf, seng Waff klaue gelooss. Si war dem Capitani seng Patronne de Stage.
  • Mady Berens (Josiane Peiffer): Mamm vum Rob Berens.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Titele vun den eenzelen Episode sinn Zeilen aus Gedichter a Lidder vum Michel Lentz (1820-1893)[2].

Dréiplazen[änneren | Quelltext änneren]

Biller

Budget[änneren | Quelltext änneren]

De Budget vun der 1. Staffel louch bei 2,6 Milliounen Euro. Dovu sinn 2,1 Millioun eng Subventioun vum Film Fund Luxembourg, deen ausserdeem 2017 eng Hëllef fir d'Schreiwe vum Dréibuch vu 50.000 Euro bäigesteiert huet.[3]. RTL huet 300.000 Euro bäigedroen, de Rescht ass vu Samsa an Artemis (B).

Am Juni/Juli 2020 huet de Film Fund 120.000 Euro fir d'Schreiwe vun enger 2. Staffel subventionéiert.[4]

Spectateuren[änneren | Quelltext änneren]

Enger Enquête vun TNS Ilres no hunn 147.500 Spectateuren, wat 29% vun de Residente vu 16 Joer a méi sinn, eng Rei bis all d'Episode live dënschdesowes op RTL Télé Lëtzebuerg gekuckt. Zousätzlech hunn 137.500 Leit op mannst een Episod um Internet am Replay gekuckt. Am Ganze goufe 518.000 Videoen am Replay gekuckt. Bei enger Ëmfro vun InternetPanel.lu soten 90.4 % vun de Leit, si géife sech eng zweet Staffel wënschen.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressedossier op rtl.lu
  2. Spâss an Iérscht: Liddercher a Gedichten / fum Mel Lentz. Letzeburég: V. Bück , 1873 op eluxemburgernsia.lu.
  3. "Luxemburger Krimiserie nimmt Zuschauer auf Mörderjagd mit." wort.lu, 08.10.2019.
  4. "Onze millions alloués à 21 projets audiovisuels." rtl.lu, 06.07.2020.
  5. "158.000 hunn d'Krimiserie gekuckt, 90.4% wëllen eng Suitte." rtl.lu, 24.02.2020.