Op den Inhalt sprangen

Inspection générale de la police

Vu Wikipedia
Inspection générale de la police
Leedung Claudine de la Hamette
(01.02.2026)

D'Inspection générale de la police, gekierzt IGP, ass e lëtzebuergescht Kontrollorgan vun der Police grand-ducale.

Si ënnersteet direkt dem Minister fir Bannenzeg Sécherheet an, wat hiert Fonctionéiere betrëfft, dem Justizminister an dem Procureur général d'État, souwéi anere Geriichtsinstanzen, an ass deemno onofhängeg vun der Police selwer.

D'Inspection générale de la police gouf 2000 gegrënnt[1], als Suite vun der Fusioun vun der Police an der Gendarmerie zu der Police grand-ducale.[2]

Allgemeng ass hir Missioun, Plaintë vu Bierger nozegoen, déi de Comportement vu Policememebere betreffen, ob déi sech rechtlech an deontologesch korrekt bei hirer Aarbecht beholl hunn.

Si kann ausserdeem, op Demande vum Parquet oder vun engem Untersuchungsriichter, eng Enquête judiciare féieren, am Fall wou e Verdacht besteet, datt een oder méi Membere vun der Police sech kéinte strofbar gemaach hunn.

Hir Aufgabe sinn am Gesetz vum 18. Juni 2018 definéiert[3].

Generalinspekter

[änneren | Quelltext änneren]

D'IGP gëtt vun engem Generalinspekter geleet, dee vun engem stellvertriedende Generalinspekter ënnerstëtzt gëtt.

Generalinspekteren
Vun Bis Numm
01.08.2018 ? Vincent Fally [4]
?

02.09.2022

31.01.2026 Monique Stirn [5]
01.02.2026 Claudine de la Hamette [6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Loi du 31 mai 1999 sur la Police et l’Inspection générale de la Police. data.legilux.public.lu (31.05.1999). Gekuckt de 06.12.2025.
  2. "Historique" op igp.gouvernement.lu.
  3. (fr) Loi du 18 juillet 2018 sur l’Inspection générale de la Police. data.legilux.public.lu (18.07.2018). Gekuckt de 06.12.2025.
  4. (fr) Inspection générale de la Police - Nomination. legilux.public.lu (01.08.2018). Gekuckt de 06.12.2025.
  5. Inspection générale de la Police - Nomination (22.08.2022). Gekuckt de 06.12.2025.
  6. (lb) Claudine de la Hamette gëtt nei Cheffin vun der Inspection générale de la Police. 100komma7.lu (06.12.20252). Gekuckt de 06.12.2025.