Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Film Fund Luxembourg)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Fonds national de soutien à la production audiovisuelle (engl.: Film Fund Luxembourg, och alt Film Fong oder Fonspa genannt) ass eng Organisatioun déi dem Kulturministère ënnersteet an als Missioun huet, d′Filmproduktioun zu Lëtzebuerg z′ënnerstëtzen an z′entwéckelen.

De Fonds national de soutien à la production audiovisuelle gouf duerch d'Gesetz vum 11. Abrëll 1990 an d'Liewe geruff.[1] 1999 gouf de Fonds duerch d'Gesetz vum 21. Dezember 1998 ëmstrukturéiert.[2][3]

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

De Fonds setzt primär d′Regierungspolitik a Saachen audiovisuell Produktioun ëm. De Fonds ënnerstëtzt dobäi déi national audiovisuell Produktioun, mécht Promotioun fir de Lëtzebuerger audiovisuelle Secteur op internationalem Plang, bréngt transnational Koproduktiounen zesummen a stellt Statistiken iwwer de Secteur op. De Fonds beréit déi zoustänneg Ministeren och bei der Ausschaffung vu Legislatioun am audiovisuelle Beräich. De Fonds schafft zesumme mam Centre national de l'audiovisuel (CNA) fir d'Diffusioun vu lëtzebuergesche Produktiounen am Inland an am Ausland.

De Fonds geréiert d′Certificate fir audiovisuell Investissementer (CIAV)[4], déi 1988 lancéiert goufen an déi et Produzenten erlaben, 30% vun de Käschte fir hir Produktioun erëm ze kréien, wann dës Käschte während der Produktioun op lëtzebuergeschem Territoire ugefall sinn.

Op europäeschem Plang representéiert de Fonds Lëtzebuerg a sämtlechen europäeschen audiovisuellen Initiativen.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Fonds ass en Établissement public deen dem Kulturministère ënnersteet. De Fonds gëtt vun engem Verwaltungsrot geleet, deen aus 8 Membere besteet déi duerch en Arrêté vum Grand-Duc genannt ginn. D'Membere vum Verwaltungsrot gi fir eng Dauer vu 5 Joer genannt. Dem Verwaltungsrot ënnerstinn e Sekretariat fir déi deeglech Aarbechten an déi sougenannt "Comités de lecture", déi Avisen iwwer eenzel Projeten ofginn déi de Verwaltungsrot hinne virleet. Dës bestinn aus maximal 5 Memberen déi vum Verwaltungsrot op Propositioun vum Chargé de direction genannt ginn.

Direktere vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle:

Finanzement[änneren | Quelltext änneren]

De Fonds finanzéiert sech aus Recetten déi e selwer ka generéieren, duerch Projeten déi e begleet oder selwer duerchféiert an aus dem Staatsbudget. Mat de Suen déi dem Fonds zur Verfügung sti kënne Produktioune finanzéiert ginn, dat heescht, et ka Geld gestallt gi wat duerch Recetten op Produktiounen erëm agespillt gëtt, et kënnen awer och Ënnerstëtzunge fir eenzel Produktiounen, Dréibicher oder d′Distributioun vu fäerdege Wierker gemaach ginn.

2009 z. B. goufen am Ganze 5.386.240 Euro sou verdeelt: 10 Projete kruten eng Ënnerstëtzung beim Schreiwen an Entwéckelen, 21 Kinofilmer goufen ënnerstëtzt an ee Film krut eng Hëllef fir d'international Distributioun. 17 weider Projete krute mat engem „Certificat d'Investissement audiovisuel“ ënner d'Äerm gegraff. Ausserdeem gouf et 26.732 Euro Subsiden an 90.380 Euro fir d'Fërderung vu 16 Lëtzebuerger Filmproduktiounen.[6]

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 11 avril 1990 portant création d'un Fonds national de soutien à la production audiovisuelle.
  2. Loi du 21 décembre 1998 portant modification et refonte de la loi modifiée du 13 décembre 1988 instaurant un régime fiscal temporaire spécial pour les certificats d'investissement audiovisuel et de la loi du 11 avril 1990 portant création d'un Fonds national de soutien à la production audiovisuelle.
  3. Règlement grand-ducal du 16 mars 1999 portant exécution de la loi modifiée du 11 avril 1990 portant création d'un Fonds national de soutien à la production audiovisuelle.
  4. Loi modifiée du 13 décembre 1988 instaurant un régime fiscal temporaire spécial pour les certificats d'investissement audiovisuel.
  5. cf. Rapports d'activités vum Kulturministère, 1990-1998.
  6. "Film Fong: 5.386.240 Euro für Luxemburger Filmproduktionen." wort.lu 29.07.2010 18:53.