Op den Inhalt sprangen

Filmindustrie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Plakat vum lëtzebuergesche Film Schacko Klak

Zanter 1907 ginn zu Lëtzebuerg Filmer gedréint. Eng richteg lëtzebuergesch Filmindustrie entsteet allerdéngs eréischt Enn vun den 1980er Joren.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Den éischte Film, deen zu Lëtzebuerg gedréint gouf, war e zwee-Minutte laange Reportage am Joer 1899 iwwer d'Champesfabrik Mercier an der Stad. Et war eng Optragsaarbecht vum Eugène Mercier fir d'Weltausstellung 1900. Si gouf vun de Bridder Louis an Auguste Lumière gefilmt, déi nëmmen e puer Joer virdrun de Kinematograph erfonnt haten.[1][2]

An den 1930er an den 1940er hunn de René Leclère an de Pierre Bertogne Documentairen iwwer Lëtzebuerg gedréint.[2] Vun den 1940er bis an d'1970er huet de Philippe Schneider vill Dokumentarfilmer gedréint.

Den éischte Film op Lëtzebuergesch war de Kuerzfilm Circulez am Joer 1939 vum Leclère.[3][4][5]

Eréischt an den 1980 entsteet eng éischt Form vu Filmindustrie, fir d'éischt mat de Spillfilmer vun AFO-Film (Wat huet e gesot?, 1981; Congé fir e Mord, 1983; Mumm Sweet Mumm, 1989), duerno mat den éischte Spillfilmer vum Andy Bausch (Gwyncilla, Legend of Dark Ages, 1986; Troublemaker, 1988; A Wopbopaloobop A Lopbamboom, 1989).

1989 gëtt de Film Schacko Klak gedréint. Kuerz dorop entsteet déi staatlech Filmfërderung, fir lëtzebuergesch Filmproduzenten a Filmdistributeuren z'ënnerstëtzen: de Fonds national de soutien à la production audiovisuelle (dacks einfach "Filmfong" genannt) ass 1990 an d'Welt gesat ginn.

Zanter den 90er Joren ass d'Zuel vun de Filmproduzenten zu Lëtzebuerg an d'Luucht gaangen, an domat och déi lëtzebuergesch Filmproduktioun.

An den 90er Jore si vill Lëtzebuerger Koproduktiounen entstanen. Mat der Zäit kruten déi lëtzebuergesch Produzenten, dank der Hëllef vum Filmfong, ëmmer méi Undeeler un de Produktiounen a sou och méi kënschtlereschen Afloss op Filmer déi zu Lëtzebuerg entstane sinn. Haut ënnerstëtzt de Filmfong d'Lëtzebuerger Produzente mat selektiver Kulturfërderung a mat steierleche Virdeeler.

Zënter 2003 gëtt en nationale Filmpräis fir lëtzebuergesch Produktiounen, de Lëtzebuerger Filmpräis. D'Filmakademie gouf 2012 gegënnt.

De gréisste Filmstudio am Land ass d'Filmland zu Kielen.

Professionell Lëtzebuerger Produktiounsfirmen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Veräiner an Associatiounen an der Filmproduktioun

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. maisons-champagne.com: Des bulles dans le cinématographe (gekuckt de 5. August 2022)
  2. 2,0 2,1 Luxembourg 2022 Petit Futé vum Dominique Auzias a Jean-Paul Labourdette, À l'écran
  3. Notizen zur Woche, Escher Tageblatt, 10. Juni 1938, Säit 8
  4. Le Film sur la circulation, Luxembourg: journal du matin, 6. Juni 1938, Säit 3
  5. Annonce am Escher Tageblatt, 14. Abrëll 1939, Säit 11