Gwyncilla, Legend of Dark Ages

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gwyncilla, Legend of Dark Ages
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1986
Originalsprooch Däitsch
Equipe
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek René Nuss
Produzent Paul Thiltges
Schauspiller
Rosario Grasso als Aracab
Geraldine Karier als Gungir
Pol Hoffmann als Walram
Thierry van Werveke
Marie-Paule von Roesgen
Christian Kmiotek
Marie-Christine Faber
Aly Bintz
Andy Bausch

Gwyncilla, Legend of Dark Ages ass e Fantasy-Spillfilm aus dem Joer 1985/86 vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch. En hat seng Première am Februar 1986 am Klenge Kino zu Schrondweiler, gläichzäiteg mat der Ouverture vun deem Kino.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter zitt eng Grupp vu Schauspiller iwwer Land. Si erzielen a spillen d'Geschicht vun der Gwyncilla, gebuer aus der Léift tëscht engem Grof an enger Fee.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

D'Filmkritikerin Amy Lawrence vum Los Angeles Reader zielt de Film ënner déi 10 bescht Filmer vum Joer 1987. Si vergläicht de Film mat de Fréiwierker vum Ingmar Bergman.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]