Aly Bintz

Vu Wikipedia
Aly Bintz
Gebuer 15. Januar 1929
Arel
Gestuerwen 1. November 2004
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Sänger
Famill
Bestuet mat Micky Erpelding, Yvonne Braumesch
Kanner Simone Asselborn-Bintz, Jean-Claude Bintz, Brigitte Bintz

Den Aly Bintz, gebuer de 15. Januar 1929 zu Arel a gestuerwen den 1. November 2004 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.

Dem Aly Bintz seng Karriär huet mat Operetten ugefaangen. Jorelaang huet hien a verschiddene Lëtzebuerger Ensembele wéi dem Liewensfrou - ë. a. Den Horrbock vum René Weimerskirch an Norbert Hoffmann -, an dem Lëtzebuerger Theater gespillt, dacks zesumme mat senger Fra, der Micky Erpelding.

Nieft dëse Kaméidisrollen huet hien och, ënner Regisseure wéi Steve Karier, Haidy Jacobi, Frank Hoffmann, Marc Olinger oder Jean-Paul Maes, an aktuelle Stécker säin Talent gewisen: Ee wéi deen aneren, Dës Kéier kraacht et, Hänk dech dach nëmmen op vum Guy Wagner, zesumme mam Micky Erpelding a mat senge Kanner Simone Bintz a Brigitte Bintz, oder an De Wijhel vum Jhemp Hoscheit.

Ville Lëtzebuerger ass hie bekannt als de Sänger vum Lidd Lëtzebuerger Spezialitéiten.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Televisiounsfilmer[änneren | Quelltext änneren]