Menn Bodson

Vu Wikipedia
Menn Bodson
Gebuertsnumm Jean-Paul Bodson
Gebuer 15. November 1943
Gestuerwen 23. Juni 2019
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kameramann, Televisiounsregisseur, Filmregisseur, Goldschmadd


De Jean-Paul "Menn" Bodson, gebuer de 15. November 1943 a gestuerwen den 23. Juni 2019[1], war e lëtzebuergeschen Televisiounsregisseur a -produzent.

Hien huet zanter 1977 fir RTL geschafft, wou en am Ufank am technesche Beräich geschafft huet, spéider gouf e Kameramann. Nieft dem Pilo Fonck an dem Jean Octave war hie fir déi wëchentlech Sendung Hei elei, kuck elei verantwortlech, fir déi en d'Filmmaterial gedréit an zesummegestallt huet.

An den 1980er-Joren huet en zesumme mam Marc Olinger a Gast Rollinger d'Filmer E Fall fir sech, Déi zwéi vum Bierg an De falschen Hond gedréit.

1997 huet en RTL verlooss an zesumme mam Journalist Romain Goerend bis 2002 fir de Centre de recherche public Henri-Tudor geschafft. Den Dokumentarfilm De leschten Héichuewen staamt aus där Zäit. Duerno huet en zesumme mam Goerend bis 2011 am Kader vun enger Videoproduktiounsunitéit geschafft, déi ënner der Autoritéit vum Kulturministère a vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster funktionéiert huet. Dobäi sinn eng Rei Dokumentarfilmer fir verschidde lëtzebuergesch Institutiounen entstanen.

No senger Pensionéierung huet en nach eng Léier als Goldschmadd gemaach a seng eege Bijoue kreéiert.

Hie war och am karitative Beräich aktiv, wou e Vizepresident vun der Fondation Raoul Follereau war a Chrëschte mam Sahel ënnerstëtzt huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 25. Juni 2019