Jean-Claude Bintz

Vu Wikipedia
Jean-Claude Bintz
Gebuer 19. Juni 1956
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun
Famill
Papp Aly Bintz
Mamm Yvonne Braumesch
Geschwëster Simone Asselborn-Bintz, Brigitte Bintz

De Jean-Claude Bintz, gebuer den 19. Juni 1956 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Geschäftsmann.[1]

Entreprise[änneren | Quelltext änneren]

Hie war am Finanzsecteur aktiv an Direkter vun der lëtzebuergescher "Régie publicitaire" IP.[2] Duerno huet hien 1997, zesumme mam Pascal Koster, mat Tango den éischte private Mobilfunkoperateur zu Lëtzebuerg gegrënnt[3]. 2003 huet hien, nees mam Pascal Koster, den aneren Operateur Vox Mobile gegrënnt[4]. Am selwechte Joer war hien och un der Grënnung vun der Publicitéitsagence Moskito bedeelegt.

2008 huet hie seng Bedeelegung u Vox der Firma Mobistar (Orange) verkaaft,[2] an d'Consultingstruktur Lakehouse gegrënnt, déi 2021 liquidéiert gouf.

2012 ass hien de Porte-Parole vun der neier Initiativ 5 vir 12 ginn.[5][6]

Tëscht 2014 an 2020 war hie fir d'éischt de President an duerno de Vizepresident vum Verwaltungsrot vum Verlag Maison Moderne, deen ënner anerem d'Zeitung Paperjam erausbréngt.[1]

Tëscht 2014 an 2017 war hien och de President vum Verwaltungsrot vun der Rockhal.[7]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwalen 2013 stoung de Jean-Claude Bintz op der Lëscht vun der LSAP am Walbezierk Zentrum.[8] Hie krut net genuch Stëmmen, fir an d'Chamber anzezéien.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Claude Bintz ass de Jong vum Schauspiller a Sänger Aly Bintz. Seng Schwëster ass d'Politikerin Simone Asselborn-Bintz.[9]

Seng Fra Carine Bintz-Eischen souz am Gemengerot vun der Gemeng Steesel.[9]

Hien ass de Papp vum Museksproduzent Eric Bintz a Gittarist an de Bluesgruppe Crossroads an The Low Riders.[1] Hie war an den 1990er och Sänger a Museker an der Grupp The Blues Busters.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Biographie op paperjam.lu
  2. 2,0 2,1 land.lu: Bintz rouvre la page vum Véronique Poujol(20. November 2008)
  3. land.lu: Long Distance Operator vum Bernard Thomas (7. Februar 2014)
  4. land.lu: Your Call, Mr. Bintz vum Jean-Lou Siweck (10. Juli 2003)
  5. woxx.lu: „ET ASS 5 VIR 12“: Das Ende des Konsensualismus? vum Richard Graf (22. Mäerz 2012)
  6. paperjam.lu: Jean-Michel Gaudron vum Thierry Raizer (21. Mäerz 2012)
  7. rtl.lu: Démission du président du conseil Jean-Claude Bintz (17. Mäerz 2017)
  8. wort.lu: Le LSAP présente ses candidats (27. September 2013)
  9. 9,0 9,1 paperjam.lu: Jean-Claude Bintz sur la liste centre du LSAP vum Nicolas Raulot (23. Juli 2013)