Tango (Entreprise)

Vu Wikipedia
Tango
Typ S.A.
Grënnungsdatum 13. Juni 1997
Sëtz Bartreng
Produit Telefonie
Homepage www.tango.lu

Tango ass de Marketinglabel vun enger lëtzebuergescher Entreprise déi Mobilfunk-, Festnetz- an IPTV-Servicer ubitt. Se gouf den 13. Juni 1997 ënner dem Numm Millicom Luxembourg gegrënnt[1].

2010 huet déi lëtzebuergesch Firma Belgacom Invest S.à r.l. d'Tangoslabelen Tango Fixed (virdrun Tele2 Luxembourg S.A.), Tango Mobile (virdrun Tango S.A.), an Tango Services (virdrun Tele2 Services Luxembourg S.A.) absorbéiert. Belgacom Invest S.à r.l. selwer ass zu 100 % eng Duechterfirma vun der Proximus-Grupp[2] .

Konkurrenz[änneren | Quelltext änneren]

Tango ass den zweetgréissten "Operateur" zu Lëtzebuerg a konkurréiert mat Orange Luxembourg (fréier VOXmobile) a POST.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial C — N° 373 vum 17. Juni 1997
  2. Grënnungsstatute vum 21. November 2003 Mémorial C — N° 1335 vum 16. Dezember 2003