Op den Inhalt sprangen

René Weimerskirch

Vu Wikipedia
René Weimerskirch
Gebuer 13. November 1921
Miersch
Gestuerwen 22. Februar 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Schoulmeeschter

De René Weimerskirch, gebuer den 13. November 1921 zu Miersch a gestuerwen de 22. Februar 1985, war e lëtzebuergeschen Auteur a Schoulmeeschter.

Dem René Weimerskirch säi Papp huet als Aarbechter op der Eisebunn geschafft an d'Famill ass dowéinst dacks geplënnert. Vun 1936 un huet d'Famill dunn awer zu Gaasperech gelieft. De René goung a de Stater Kolléisch an duerno an d'Normalschoul wou e fir Schoulmeeschter geléiert huet.

1943 koum en an de Reichsarbeitsdienst a gouf kuerz drop an d'Wehrmacht agezunn. Hie gouf dunn op verschiddene Plaze bei der Flak agesat. An der Tschechoslowakei ass hien an d'Hänn vu Partisane gefall, déi hie bis 1945 gefaange gehalen hunn.

Hie war Schoulmeeschter a verschiddene Primärschoulen an der Stad Lëtzebuerg, zum Schluss zu Bouneweg. Am Laf vu senger berufflecher Aktivitéit huet hie sech ëmmer méi fir Musek a Literatur interesséiert an 1952 gouf hie Chef vum Gaasperecher Chouer Les chantres de Sainte-Thérèse.

Mat sengen dramatesche Wierker huet hi sech en Numm an der Lëtzebuerger Literatur gemaach. Nieft Theaterstécker vum Molière, Shakespeare oder Max Frisch déi hien an d'Lëtzebuergescht iwwersat huet, huet hien och eegen Theaterstécker, Märercher, Texter a Lidder fir d'Gaasperecher Flantësse geschriwwen, e Cabaretsensembel deen hie gegrënnt hat.

De René Weimerskirch ass am November 1981 pensionéiert ginn a knapp véier Joer méi spéit am Alter vu 64 Joer gestuerwen.

Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Weimerskirch, René, Molière, and Norbert Hoffmann. Krank oder net: Operett an drei Akten. S.l: [s.n.], 1959. Print.
  • Molière, René Weimerskirch, and Norbert Hoffmann. Den Här Schrobildgen: Come’diesteck an drei Akten. Gasperich: R. Weimerskirch, 1961. Print.
  • René Weimerskirch, Greisen, Josy et al. Dem Luussert séng Spichten: Komédistéck an 3 Akten, fräi no enger Comédie vum Molière. Gasperich: Les Chantres de Ste Thérèse, 1961. Print.
  • Mersch, Félix, a René Weimerskirch. Festspill vum Millénaire: opgefe’ert fun de Scho’lkanner fun der Staad Lëtzeburg. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1963. Print.
  • Weimerskirch, René. De Stëppchen: Farce an zwéin Akten. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1963. Print.
  • Weimerskirch, René. D’Wonnerrous: no engem bekannte Märchen fir de “Letzebuerger Theater.” Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1964. Print.
  • Weimerskirch, René. D’Feier am Stréi: eng al Geschicht an neiëm Gezei. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1963. Print.
  • Shakespeare, William, and René Weimerskirch. Den Horrbock: Koméidistéck a 5 Biller. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1963. Print.
  • Weimerskirch, René, Wilhelm Grimm, a Jacob Grimm. Dalere vu Stären. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1965. Print.
  • Weimerskirch, René, Wilhelm Grimm, a Jacob Grimm. Déi drai gelden Hoer. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1965. Print.
  • Weimerskirch, René, Wilhelm Grimm, a Jacob Grimm. De Kueder mat de Stiwwelen. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1965. Print.
  • Forster, Friedrich, and René Weimerskirch. Robinson. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1965. Print. (ganz fräi nom Stéck vum F. Forster Robinson soll nicht sterben)
  • Weimerskirch, René. De Beemchen: e Spill fir Chrëschtdag. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1966. Print.
  • Weimerskirch, René. De louse Bauer: Koméidistéck a Biller. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1966. Print.
  • Weimerskirch, René. Den Eilespill: en Szenespill fir kleng a grouss Leid. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1967. Print.
  • Weimerskirch, René. De 5te Setz: e satirescht Koméidistéck aus eiser Zäit an 6 Biller. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1968. Print.
  • Weimerskirch, René. De weisse Bier: e Märchen. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1969. Print.
  • Weimerskirch, René. Dem Eilespillche seng Konschten. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1970. Print.
  • Weimerskirch, René. De Schëllegen: Koméidistéck a 5 Biller. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1970. Print.
  • Weimerskirch, René. Den Harlekeng, oder, de letzeburger Eilespigel: en Zeene-spill fir kleng a grouss Leid. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1970. Print.
  • Frisch, Max, a René Weimerskirch. D'Brandstëfter. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1971. Print.
  • Nicklisch, Hans, a René Weimerskirch. De Pierchen a sein Hond: e Spill fir Kanner. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1972. Print.
  • Weimerskirch, René. Oho Misch: Koméidistéck a 5 Biller vum. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1972. Print.
  • Weimerskirch, René. En hätt gär séng Rou: e Stéck a 4 Deler an engem Nospill. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1974. Print.
  • Weimerskirch, René. Entgleist: Stéck an 3 Deler. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1979. Print.
  • Weimerskirch, René, a Robert Pauly. De sauren Apel: Theaterstéck an 3 Deeler. Lëtzebuerg: [s.n.], 1980. Print.
  • Deichsel, Wolfgang, a René Weimerskirch. De Simulant oder E mécht séch nëmmen esou. Lëtzebuerg: R. Weimerskirch, 1984. Print.

Fir un de René Weimerskirch z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 14. Mee 1992 eng Strooss zu Gaasperech no him genannt: d'Rue René Weimerskirch[1].

Commons: René Weimerskirch – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 29.09.2024.