Troublemaker
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Däitschland |
Produktiounsjoer | 1986-1988 |
Première | 1988 |
Dauer | 98 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1:1,37 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch |
Andy Bausch Jean-Michel Treinen |
Fotografie | Klaus Peter Weber |
Musek |
Guy Schmit Matthew Dawson Felix Schaber |
Schnëtt | Monika Solzbacher |
Produzent |
Andy Bausch Armand Strainchamps Martin Buchhorn (SR) |
Produktiouns- gesellschaft |
Visuals Saarländischer Rundfunk |
Schauspiller | |
Thierry van Werveke: Jacques Goudebour alias Johnny Chicago Ender Frings: Chuck Moreno Nicole Max: Jenny Konrad Scheel: Connie Jochen Senf: Erwin die Ratte Marie-Christine Faber: Pechert Fernand Mathes Marc Olinger Jang Defrang Patrick Hastert Patricia Lippert Charées Suberville Serge Wolff | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Troublemaker ass e Spillfilm aus dem Joer 1988 vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch mam Thierry van Werveke an der Haaptroll.
De Film, dee wochelaang am Kino gelaf ass, huet dem Andy Bausch a sengem Haaptacteur zu Lëtzebuerg zum Duerchbroch verhollef. E gëtt allgemeng als lëtzebuergesche Kultfilm ugesinn.[1][2][3][4][5][6][7]
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Jacques Goudebour, dee gär Johnny Chicago genannt gëtt a vun Amerika dreemt, an den Chuck Moreno léiere sech am Prisong am Gronn kennen. Kaum entlooss, organiséiere se sech e Klabes, fir en Iwwerfall op e Geldtransporter ze maachen...
Filmproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Film ass zu engem groussen Deel am Prisong vum Gronn gedréint ginn, just nodeem deem seng "Pensionären" op Schraasseg geplënnert gi sinn, an éier d'Gebailechkeeten, an deenen haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster ass, restauréiert goufen. E gouf am Juli 1986 gedréint.
Ufanks gouf et Schwieregkeete fir de Film ze finanzéieren. Den däitsche Cinematograph Klaus Peter Weber, deen den Andy Bausch e puer Méint virdru kenne geléiert hat a beim Saarländischer Rundfunk (SR) geschafft huet, huet d'Kameraaarbecht gemaach an zu Saarbrécken e puer Techniker fir Tountechnik, Beliichtung a Regieassistenz fir dräi Woche rekrutéiert. Si hunn op dat direkt Ausbezuele vun hire Gage verzicht an ware bereet, eréischt bezuelt ze gi wann de Film Sue géif eraspillen. Mee d'Réimaterial vum Film ass bei de Cheffe vum SR esou gutt ukomm datt den däitsche Sender der Filmekipp hir Scholde bezuelt huet, de Rescht vun den Dréiaarbechten d'Joer drop finanzéiert an däi däitsch Fernseerechter kaaft huet.[8]
Impakt
[änneren | Quelltext änneren]Troublemaker war e grousse kommerzielle Succès fir e lëtzebuergesche Film a gouf am Ganze vu ronn 17.000 Leit am Kino gesinn.[9] D'Fernseepremière war den 11. Oktober 1988 um däitschen ARD.
De Film huet d'Karriär vum Andy Bausch a vum Thierry van Werveke lancéiert. E gëllt als ee vun de Filmer, déi zur "Gebuert" vun der professioneller Filmindustrie zu Lëtzebuerg bäigedroen huet.[10]
1997 huet de Bausch, mat deene selwechten Haaptacteuren, eng Suite, Back in Trouble gedréint. Den drëtten Deel, Trouble No More (2010), huet missen ouni den Haaptacteur Thierry Van Werveke auskommen, well dee kuerz virun den Dréiaarbechte gestuerwen ass.
Troublemaker koum 2002 als VHS-Kassett op de Maart a gouf an deem Joer 138-mol verkaaft.[11] D'Joer drop gouf den DVD 539-mol verkaaft.[12]
Kritik
[änneren | Quelltext änneren]An der Revue vum 17. Februar 1988 huet de René Clesse geschriwwen:
... ein in vieler Hinsicht gelungenes Machwerk, eine Art flippige Gaunerkomödie, die sich selbst und vor allem Luxemburg auf die Schippe nimmt und in der man - ein absolutes Novum im Luxemburger Film - Tränen lachen kann.
De Jean-Pierre Thilges huet den 12. Februar 1988 am Tageblatt geschriwwen:
Andy Bauschs Milieuzeichnung will keineswegs der Realität entsprechen, auch wenn die schalen Mauern des Grundgefängnisses als stumme Zeugen einer nicht besonders ruhmreichen Vergangenheit in unserem Strafvollzug stehen. Die Faszination von Troublemakers liegt vorrangig in einer kinogerechten Schilderung des Gefängnisalltags. Erinnerungen an klassische Filme schwingen in den herrlichen Bildern mit und die Klaustrophobie der engen, unzeitgemässen Räumlichkeiten ist allgegenwärtig. Midnight Express und Kuckucksnest lassen grüssen.
Den Thomas Reinhardt vun der Saarbrücker Zeitung huet de 26. Januar 1988 geschriwwen:
... da geht die Post ab, da ist Feuer drin, Action, Stimmung vor allem und dann die Musik - Spitze.
D'Stuttgarter Nachrichten hunn an hirer Ausgab vum 12. September 1988 gemengt:[13]
Selten lohnt sich zuschauen so wie in dieser Fernsehnacht: Kein 'Trouble', Sehvergnügen war angesagt. Andy Bausch hat sich viel Dialogwitz und inszenatorische Kunststückchen einfallen lassen.
Den Andreas Friedemann vum Münchner Merkur huet den 2. Juli 1988 geschriwwen:[13]
Schuld und Sühne als komödiantisches Motiv greift Andy Bauschs Film 'Troublemaker' auf. Der Film errinnert in seiner ungehobelten Kraft an frühe Filme Fassbinders.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Informations- und Presseamt der Luxemburger Regierung: Apropos ... Audiovisuelle Produktionen, 2004, Säit 2
- ↑ Back in Trouble op wuestefilm.de
- ↑ luxembourg.public.lu: 10 luxemburgische Filme die Sie sehen sollten
- ↑ saarbruecker-zeitung.de: Erinnerung an einen Troublemaker vum Martin Rolshausen (11. November 2010)
- ↑ forum.lu: L'homme à la casquette vum Viviane Thill, Forum Nr. 215, Säit 39
- ↑ cnc.fr: Cinq films qui ont marqué l'histoire du cinéma luxembourgeois (22. August 2019)
- ↑ land.lu: By any means possible vum Josée Hansen (18. Dezember 2003)
- ↑ sr.de: Kameramann Klaus Peter Weber: Dokus und Fiction mit Regisseuren von Rang vum Klaus Peter „Kape“ Weber (net datéiert)
- ↑ alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
- ↑ paperjam.lu: From Troublemaker to Routine vum Duncan Roberts (3. Abrëll 2010)
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2002, Säit 208
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2003, Säit 241-242
- ↑ 13,0 13,1 Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de