Klaus Peter Weber

Vu Wikipedia
Klaus Peter Weber
Gebuer 1941
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Kameramann

De Klaus Peter Weber, gebuer 1941 zu Berlin, ass en däitsche Cinematograph, deen zënter 1945 am Saarland wunnt.[1] Hien huet d'Kameraaarbecht bei ville Filmer vum lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch gemaach, an ass Member vun der däitscher an der lëtzebuergescher Filmakademie.[2][3]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

De Klaus Peter Weber huet eng Ausbildung als "Fernmeldetechniker" gemaach. Duerno ass hie Videoassistent an du Kameraassistent ginn, an huet vun 1972 u 40 Joer laang als Kameramann beim Saarländischer Rundfunk (SR) un iwwer 150 Documentairen a Reportage geschafft.[3] Dofir ass hie ronderëm d'Welt gereest.[4] An den 1980er huet hien och ugefaangen d'Kameraaarbecht fir Kinosfilmer ze maachen. 1981 huet hien de franséische Filmregisseur Claude Chabrol zéng Deeg laang bei den Dréiaarbechte vu sengem Film Nada begleet.[4] 1993 huet hien d'Fernseeserie Die Gerichtsreporterin gefilmt, déi deemools deierst Produktioun an der Geschicht vum SR. Bei der Verfilmung vum Günter Grass sengem Roman Die Rättin (1997) war hien och derbäi.[4]

Dernieft war de Klaus Peter Weber jorelaang de Cinematograph vun de saarlänneschen Episodë vun der Krimiserie Tatort ëm de Kommissär Max Palu (gespillt vum Jochen Senf). 1999 huet hien och bei enger Tatort-Episod Regie gefouert (Tatort: Strafstoß).[4]

Tëscht 2007 an 2015 huet de Weber op der Héichschoul zu Furtwangen im Schwarzwald Kameraféierung a Liichtdramaturgie ënnerriicht.[1]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Klaus Peter Weber an de lëtzebuergesche Regisseur Andy Bausch hu sech am Februar 1987 zu Esch-Uelzecht kenne geléiert. Hien ass dunn de Cinematograph fir dem Bausch säi Spillfilm Troublemaker ginn, eng Koproduktioun mam SR, deen e grousse Succès zu Lëtzebuerg gouf. Dat war den Ufank vun enger laangjäreger Zesummenaarbecht tëscht dem Weber an dem Bausch.[4] Zesummen hu si eng Rëtsch Spillfilmer gedréint, dorënner A Wopbopaloobop A Lopbamboom (1989), den däitsche Televisiounsfilm Ex und hopp - Ein böses Spiel um Liebe, Geld und Bier (1991), Three Shake-a-Leg Steps to Heaven (1993), a La revanche (2004). Och un Documentarfilmer hu si zesummegeschafft, wéi bei L'homme au cigare, deen 2003 mam éischte Lëtzebuerger Filmpräis als "Beschte Film" ausgezeechent gouf.

2005 gouf de Klaus Peter Weber fir seng Verdéngschter an der Lëtzebuerger Filmindustrie als "Chevalier" mam Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg ausgezeechent.[4] Am selwechte Joer krut hien den "Ehrenpreis des Filmhauses" vum "Franz-Hofer-Preis" fir seng Leeschtung am däitschen an internationale Film.[5]

2009 souz hien an der Jury, déi d'Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis ausgewielt huet.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Tatort[änneren | Quelltext änneren]

  • 1984: Geburtstagsgrüße
  • 1989: Herzversagen
  • 1992: Camerone
  • 1993: Kesseltreiben
  • 1995: Eine todsichere Falle
  • 1996: Der Entscheider
  • 1998: Allein in der Falle
  • 1999: Strafstoß (Regie, keng Kamera)
  • 2000: Die Möwe
  • 2001: Du hast keine Chance
  • 2001: Zielscheibe
  • 2002: Reise ins Nichts
  • 2003: Veras Waffen
  • 2004: Teufel im Leib
  • 2005: Rache-Engel

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Presentatioun op geistkirch.de
  2. sr.de: Vom Strippenzieher im „Pferdestall“ zum Kameramann in aller Welt vum Klaus Peter Weber (net datéiert)
  3. 3,0 3,1 Presentatioun op gelbe-reihe.de
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 sr.de: Kameramann Klaus Peter Weber: Dokus und Fiction mit Regisseuren von Rang vum Klaus Peter „Kape“ Weber (net datéiert)
  5. filmbuero-sb.de: Franz-Hofer-Preis / Filmhaus Ehren Award 2005 für den Saarbrücker Kameramann Klaus Peter Weber (net datéiert)