Visions of Europe
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland |
Däitschland, Tschechesch Republik, Éisträich, Belsch, Zypern, Dänemark, Estland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Ungarn, Irland, Italien, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Malta, Holland, Polen, Portugal, Slowakei, Slowenien, Spuenien, Schweden, Vereenegt Kinnekräich |
| Première | 1. Mee 2004 |
| Dauer | 140 min |
| Faarf | Faarweg |
| Format | 16:9 |
| Originalsprooch |
Däitsch, Dänesch, Portugisesch, Slowakesch, Schweedesch, Englesch, Griichesch, Italieenesch, Litauesch, Polnesch, Hollännesch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Sloweenesch, Tschechesch, Spuenesch, Malteesesch, Tierkesch |
| Ekipp | |
| Regie | verschidde fir all Film |
| Dréibuch | verschidde fir all Film |
| Fotografie | verschidde fir all Film |
| Schnëtt | verschidde fir all Film |
| Costumedesign | Emil Cerar |
| Produzent |
Aki Kaurismäki, Gijs van de Westelaken, Danijel Hočevar |
| Produktiouns- gesellschaft | Zentropa, Arte, ZDF |
| Schauspiller | |
| verschidde fir all Film | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Visions of Europe ass en europäesche Film mat 25 Kuerzfilmsegmenter vu 25 europäesche Regisseuren aus dem Joer 2004.
Hannergrond
[änneren | Quelltext änneren]D'Iddi fir de Film kënnt vum dänesche Filmregisseur Lars von Trier. En ass den 1. Mee 2004 fir d'éischt Kéier op der Televisioun gelaf, de selwechten Dag, wéi 10 nei Länner EU-Memberstaate goufen. Fir de Film hu 25 Regisseuren a Regisseurinnen aus 25 europäesche Länner e Segment vu 5 Minutte gedréint. D'Thema war "Europa" an d'Filmformat 16:9. Fir de Rescht hate si absolut kënschtleresch Fräiheet.[1][2]
De Film ass op enger Rei Filmfestivalle gelaf, dorënner um Filmfestival vu Locarno.
Iwwersiicht
[änneren | Quelltext änneren]
Däitschland: Die alten bösen Lieder, vum Fatih Akin
Éisträich: Mars, vum Barbara Albert
Litauen: Children Lose Nothing vum Sharunas Bartas
Lëtzebuerg: The Language School vum Andy Bausch
Dänemark: Europe Does Not Exist vum Christoffer Boe
Italien: Anna Lives in Marghera vum Francesca Comencini
Belsch: Self Portrait vum Stijn Coninx
Frankräich: Paris by Night vum Tony Gatlif
Tschechesch Republik: Unisono vum Sasa Gedeon
Zypern: My Life on Tape vum Christos Georgiou
Griicheland: Room for All vum Constantine Giannaris
Vereenegt Kinnekräich: European Showerbath vum Peter Greenaway
Spuenien: Our Kids vum Miguel Hermoso
Estland: Euroflot vum Arvo Iho
Finnland: Bico vum Aki Kaurismäki
Slowenien: Europa vum Damjan Kozole
Lettland: It'll Be Fine vum Laila Pakalnina
Malta: The Isle vum Kenneth Scicluna
Slowakei: The Miracle vum Martin Sulík
Polen: Crossroad vum Malgorzata Szumowska
Ungarn: Prologue vum Béla Tarr
Schweden: The Yellow Tag vum Jan Troell
Holland: Euroquiz vum Theo van Gogh
Portugal: Cold Wa(te)r vum Teresa Villaverde
Irland: Invisible State vum Aisling Walsh
Dat lëtzebuergescht Segment
[änneren | Quelltext änneren]Dat lëtzebuergescht Segment The Language School gouf vum Andy Bausch geschriwwen, gedréint a produzéiert.
Et geet ëm en Zouhälter (gespillt vum Hervé Sogne), deen eng Rei litauesch Prostituéiert (Runa Egilsdóttir, Gintare Parulyte, Mendaly Ries, Claudia Girotto, Sarah Cottani) an e Sproochecours bréngt, wou en EU-Beamten (Marco Lorenzini) hinne lëtzebuergesch Ausdréck bäibréngt, déi si fir hir Aarbecht brauchen. E Pechert (Franck Sasonoff) ass an eng vun de Fraen, d'Ludmilla, verléift. Hie geet an d'Klass niewendrun, wou e Mann enger Grupp Erwuessene bäibréngt, wéi een e Pechert op Lëtzebuergesch beleidegt wann een e Protokoll kritt. Ee vun de Schüler (Christian Kmiotek) schléit dem Pechert eng op de Bak. Hie geet op d'Toilett well seng Nues blutt a begéint dem Ludmilla am Gank. Si kësse sech. Den Zouhälter rifft de Pechert, mä déi aner Frae stelle sech virun de Pechert an d'Ludmilla fir se ze schützen.
De Serge Tonnar huet d'Filmmusek geschriwwen, de Klaus Peter Weber d'Kameraarbecht gemaach an de Misch Bervard de Schnëtt.
Lëtzebuerger Filmsegment op YouTube
[änneren | Quelltext änneren]- The Language School vum Andy Bausch op YouTube
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ film-center.si: A Film Omnibus “Visions Of Europe” (4. Februar 2004)
- ↑ L’Europe audiovisuelle Sur l’imaginaire social de Visions of Europe (2004) vum Raphaël Szöllösy
