Mendaly Ries

Vu Wikipedia
Mendaly Ries
Gebuer 4. August 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist, Schauspiller

D'Mendaly Ries, gebuer de 4. August 1981 zu Lëtzebuerg, ass Juristin, Speakerin vu lëtzebuergesche Reklammen, Underground-Schauspillerin an Ex-Member vun der lëtzebuergescher Garage-Surf Band "Surf me up, Scotty!".

1985 hat d'Mendaly Ries hir éischt Optrëtter op der Tele bei RTL Plus [Source?], duerno koume kleng Theaterrollen (z. B.: an der Anna-Lena Blumfeldt hire Schmetterlingsschatten /TNL 2001), zanter 2004 ass s'a verschiddene lëtzebuergesche Kinosfilmer ze gesinn an zanter 2010 och erëm op der Bün ënner der Leedung vum Nilton Martins (z. B.: Fra-Mann, d'onendlech Geschicht; Sprang aus der Këscht, Blann an Daf.. seet den Af!).

2006 hat si d'weiblech Haaptroll an Obskura hirem Zombie Film.

Der Mendaly Ries hir Stëmm ass zanter 1997 all Dag am lëtzebuergesche Radio ze héieren. Bis 2000 huet se verschidde Sendungen um Radio ARA moderéiert. Zanter 1999 ass s'ëmmer nees a Publicitéitsspotten ze héieren (z. B.: Chartbreaker, Orange news, Viva Vakanz, Ikea Metz-La Maxe, Messagerie du Livre-Engel).

D'Mendaly Ries war Jugendkommissärin vun der Gemeng Mamer an ass Mensanerin.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]