Serge Tonnar

Vu Wikipedia
Serge Tonnar
Op der Fête de la musique 2011 um Bridel.
Gebuer 3. Februar 1970
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée
Aktivitéit Museker, Filmkomponist, Schrëftsteller, Iwwersetzer
Member vun Blue Screw
Famill
Geschwëster Yann Tonnar
Kanner Turnup Tun
Serge Tonnar & Legotrip 2017 an der Kufa.

De Serge Tonnar, gebuer den 3. Februar 1970 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker, Komponist, Schrëftsteller a Schauspiller.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Serge Tonnar huet seng Première am Stater Jongelycée gemaach an duerno zwee Joer Journalismus zu Bréissel studéiert. Vun 1993 un huet hien als fräien a vun 1995 un als feste Mataarbechter beim Radio 100,7 geschafft an donieft Artikelen iwwer Kulturtheeme fir d'Zeitunge Grénge Spoun, Tageblatt a Lëtzebuerger Land geschriwwen. 1997 huet hien ugefaangen sech als onofhängege Kënschtler z'etabléieren.

Zanter 1985 komponéiert, schreift an interpretéiert de Serge Tonnar Rockmusek; hien huet mat Gruppe wéi Battaklang, Blue Screw, Claudine Muno and the Luna Boots an Taboola Rasa zesummegeschafft. 2001 huet de Serge Tonnar d'Band Zap Zoo matgegrënnt a mat hir véier Albumen erausbruecht. Och mat der Band Serge Tonnar & Legotrip mécht hien zanter 2003 Musek an huet erfollegräich Radiosingele verëffentlecht. 2008 ass donieft nach säi Soloalbum Pärele bei d'Sei erauskomm. Och op verschiddenen anere Projeten ass hie vertrueden; sou huet hie fir d'Kompilatioun Planet Lëtzebuerg Reloaded (2010) d'Lidd Firwat[1] gecovert an um Concert D'Keess op an d'Klacken eraus! (2011) fir d'Fondatioun Thierry van Werveke deelgeholl[2].

1996 huet en do donieft ugefaange fir den Theater ze komponéieren (z. B. Schold & Schäin vum Claude Mangen, 2009), an zanter 2000 och fir verschidde Filmer, dorënner dem Andy Bausch seng Wierker Le club des chômeurs (2002) an Deepfrozen (2006).

An der Theaterzeen ass de Serge Tonnar och Schauspiller, Auteur, Regisseur a Produzent vu lëtzebuergeschsproochege Stécker.

Hien ass Matgrënner vum Artistekollektiv an der Produktiounsgesellschaft MASKéNADA (1995). Do donieft ass hien engagéiert an Etats d'Urgence, a le forum culture(s), an am Mierscher Kulturhaus.

Vun 2008 bis 2012 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.

Am Flüchtlingskrisejoer 2015 huet de Serge Tonnar zesumme mat der Rita Neu, der Sabine Tonnar an dem Misch Donven de Veräin Mir wëllen iech ons Heemecht weisen[3] gegrënnt, mam Zil, den interkulturellen Dialog unzekierpen, andeems d'Lëtzebuerger den Auslänner, déi hei liewen, hir Kultur weisen an ëmgekéiert.

2019 koum vun him eng Iwwersetzung vum Lao-Tse sengem Tao Te King (als Buch vum Wee) eraus, eng CD mam Titel Aner Lidder, op där en Iwwersetzunge vu Chansonen a Lidder vu franséisch-, däitsch- oder engleschsproochege Sänger agespillt huet, an eng mat enger neier Opnam, zesumme mam OPL, vum Sergei Prokofjew sengem Pier an de Wollef.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Serge Tonnar ass de Brudder vum Regisseur Yann Tonnar.

Hien ass de Papp vum Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar an dem Rapper Luka Tonnar.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Theater (als Auteur)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001: Eat it
  • 2003: All Dag, esou géint 5 fir 12. E Familliendrama mat Happy End
  • 2003: Schlof, Kënndche schlof
  • 2004: Talk Show
  • 2006: Exit Lëtzebuerg
  • 2007: Superstar

Filmmusek[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Fir Verëffentlechunge mat fréiere Museksgruppen, kuckt wgl. d'Artikelen Zap Zoo a Serge Tonnar & Legotrip.

Soloalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Pärele bei d'Sei
  • 2019: Aner Lidder
  • 2019 De Pier an de Wollef mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

Soss Lidder[änneren | Quelltext änneren]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Serge Tonnar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Originalversioun Firwat? aus dem Joer 2003 ass vun den Gentle MC's.
  2. wort.lu: „D'Keess op an d'Klacken eraus!“ (23. Oktober 2011; gekuckt de 17. Januar 2014)
  3. Den Numm ass en Zitat aus dem Lidd De Feierwon vum Michel Lentz.
  4. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Archivéiert op 2013-10-10. Gekuckt de(n) 2015-01-24.