Luka Tonnar

Vu Wikipedia
Luka Tonnar
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Papp Serge Tonnar
Geschwëster Turnup Tun

De Luka Tonnar, besser bekannt ënner sengem Kënschtlernumm luk., ass e lëtzebuergesche Rapper, Sänger a Museksproduzent.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Luka Tonnar säi Papp ass de Museker Serge Tonnar a säi Monni de Filmmécher Yann Tonnar. Och säi Brudder Tun Tonnar ass ënner dem Numm TurnupTun als Rapper a Museksproduzent aktiv. De Luka Tonnar huet zu Berlin Audioproduktioun studéiert.[1],[2]

Hien huet als Schüler an enger Hardcore- a Metalband gespillt. Aus där ass mat der Zäit den Hip-Hop-Kollektiv Stayfou ervirgaangen, an deem ënner anerem och de Rapper Tommek aktiv ass.[3]

Ëm 2016 war de Luka Tonnar um kuerzliewege Projet Räpzodi bedeelegt, deen Hip-Hop mat den Instrumenter vun enger Rockband verbonnen an en Album mam selwechten Numm erausbruecht huet.

2020 hat säi Lidd Traureg mee et geet, dat zéngdausendemol gestreamt gouf, e gewësse Succès.

Am Juli 2023 koum säi Mixtape Valorlux Tape eraus. Den 30. September 2023 huet de Luka Tonnar am Café De Gudde Wëllen säin éischte Studialbum Gelato virgestallt, e klasseschen Hip-Hop-Album un deem hien dräi Joer geschafft huet.[4] Kale Reen gouf als éischt Single ausgekoppelt.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Studioalbum[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023: Schlëmme Summer

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023: Valorlux Tape

Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Verfallsdatum
  • 2018: Bagnole
  • 2018: Virsaatz (John Ragga feat. luk.)
  • 2018: Frësche Wand (Skinny J & Turnup Tun feat. luk.)
  • 2018: Spooky Skeleton
  • 2018: Demellen (zesumme mam Gana)
  • 2019: Bounce (zesumme mam John Ragga a Skinny J)
  • 2020: Traureg mee et geet
  • 020: MATTEBOYZ (zesumme mam Skinny J a Gana)
  • 2020: Valhalla (Tommek feat. luk.)
  • 2021: Maach de Buttek zou
  • 2021: Harmonie & Léift
  • 2022: Net alleng
  • 2022: Summerreen
  • 2022: Gebeess
  • 2023: Dramatesch
  • 2023: Kale Reen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: Die Arbeit eines Toningenieurs ist mehr als ein paar Knopfdrücke vum Nora Schloesser (30. Juli 2023)
  2. Profil vum Luka Tonnar op kulturama.lu
  3. KulturPur - Luk - Maach DENG Zeen (14. September 2023)
  4. deguddewellen.lu: luk. (LU) Gelato - album release