Op den Inhalt sprangen

Yann Tonnar

Vu Wikipedia
Yann Tonnar
De Yann Tonnar (Abrëll 2025)
Gebuer 4. Juli 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Fotograf, Journalist, Reporter
Famill
Bestuet mat Sylvia Camarda
Geschwëster Serge Tonnar

De Yann Tonnar, gebuer de 4. Juli 1975 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist, Regisseur, Produzent a Fotograf.

Hien huet als Free-lance Journalist bei RTL Télé Lëtzebuerg geschafft, wou e Reportagë gemaach huet. Duerno huet en op der New York Film Academy eng Ausbildung gemaach.

Hie realiséiert zanterhier Clippen (Wal- a Museksclippen), Kuerzfilmer (ë. a. Pierres sonores, zesumme mam Pinuccio Sciola a Claude Lenners an Unknown Lying Object zesumme mam Claude Grosch)[1] an huet mat Weilerbach säin éischten Dokumentar-Moyen-métrage gemaach, deen am Februar 2008 am Kino erauskoum. Am Juni 2010 huet hien zesumme mam Pascal Becker en Documentaire iwwer Emigratioun mam Titel Mir wëllen net bleiwen erausbruecht.

2011 ass säin drëtten Documentaire, Schrebergaart, an d'Kinoe komm. Den 12. November 2013 hat Atelier Luxembourg, en Documentaire vun him iwwer véier Kënschtler, Première[2]. Am Februar 2014 ass säin Documentaire De Bopebistro Tour op RTL Télé Lëtzebuerg eng éischt Kéier gewise ginn.

Vun 2014 bis 2019 war hien de kënschtleresche Leeder vun den 3 Staffele vun der Serie routwäissgro.

Nodeems hien 10 Joer laang Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Realisateuren an Zeenariste war[3], gouf hien am Mee 2019 President vun der Lëtzebuerger Filmakademie, eng Funktioun, déi hie vum Claude Waringo iwwerholl huet[4][5].

2020 huet hie seng eege Produktiounsfirma Manufactura Pictures gegrënnt.

2022 stellt hien eng éischt Kéier eng Fotosaarbecht aus, mam Titel Statdtrand, déi zäitgläich an der Galerie Nosbaum Reding an am Luxembourg Center for Architecture (luca) gewise gëtt. D'Aarbecht weist d'Spueren déi de Mënsch ronderëm d'Grenz vun der Stad Lëtzebuerg, an der Landschaft hannerléisst. E groussen Deel vum Wierk kënnt an d'Kollektioun vum Lëtzebuerg City Museum.[6]

Hien huet och Filmkriticken am Lëtzebuerger Land geschriwwen.

Zënter 2024 ass de Yann Tonnar de President vun der nei gegrënnter Federation of Film Academies Europe (FACE), déi all d'Filmakademien aus Europa matenee verbënnt[7].

Zanter dem 31. Mee 2019 ass de Yann Tonnar mat der Sylvia Camarda bestuet[8], mat där hien eng Duechter huet[9].

De Yann Tonnar ass de Brudder vum Museker Serge Tonnar an de Monni vum Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar.

Commons: Yann Tonnar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de)Lëtzebuerger Land, Dans la pierre. Lëtzebuerger Land (26.08.2004). Gekuckt de(n) 28.03.2023.
  2. Josée Hansen: "How did you do it, dear artist?" d'Lëtzebuerger Land, 15. November 2013, Nr.46, S.15.
  3. (fr)A life less ordinary. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 28.03.2023.
  4. „Yann Tonnar sitzt der Filmakademie vor“ am Luxemburger Wort vum 8. Mee 2019, Säit 22
  5. chroncile.lu: Yann Tonnar Elected New President of Filmakademie (8. Mee 2019)
  6. (fr)Jérôme Quiqueret, „Stadtrand“, parcours photographique de Yann Tonnar / Aux marges de la capitale. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 27.03.2023.
  7. (en)About. manufactura pictures. Gekuckt de(n) 23.04.2025.
  8. Die Liebesgeschichte von Sylvia Camarda und Yann Tonnar op wort.lu, gelies den 28.8. 2019
  9. (lb)Gebuert vum klenge Louisa: De Realisateur Yann Tonnar an d'Dänzerin Sylvia Camarda sinn Eltere ginn. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 27.03.2023.