Op den Inhalt sprangen

Mir wëllen net bleiwen

Vu Wikipedia
Mir wëllen net bleiwen
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 15. Juni 2010
Dauer 110 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Pascal Becker
Yann Tonnar
Dréibuch Pascal Becker
Yann Tonnar
Fotografie Carlo Thiel
Jean-Louis Sonzogni
Musek Serge Tonnar
Produzent Nicolas Steil (Iris Prodctions)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Mir wëllen net bleiwen ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Pascal Becker a vum Yann Tonnar iwwer Lëtzebuerger, déi ausgewandert sinn. En hat den 18. Juni 2010 Première.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

De Film portraitéiert Leit, meeschtens Lëtzebuerger, déi d'Decisioun geholl hunn, anzwousch anescht wéi an hirem Gebuertsland ze liewen. E suivéiert de räiche Geschäftsmann Jos Spartz an Indonesien, d'Mariette Braquet, eng fréier Direktiounssekretärin an engem Luxusbuttek, déi am Niger eng Entwécklungs-ONG gegrënnt huet, d'Famill Elsen, déi Baueren a Kanada gi si well se zu Lëtzebuerg net genuch Terrain haten, an de Claude Sternberg, de wéinst sengem Glawen op Jerusalem ausgewandert ass. Eng fënneft lëtzebuergesch-südafrikanesch Famill ass op Lëtzebuerg geplënnert, fir hir Kanner an enger friddlecher Ëmgéigend opwuessen ze loossen.[1]

De Film geet der Fro no, firwat dës Leit emigréiert sinn an hannerfreet dem Lentz säi Motto aus dem Feierwon: Wëlle si bleiwe wat se sinn? Wat wëlle se sinn? Wou wëllen se sinn?

D'Initiativ fir de Film geet op de Produzent Nicolas Steil zeréck, deen e Film aus dem Fotograf Raymond Reuter sengem Buch 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt aus dem Joer 2003 wollt maachen. Dofir huet hien d'Regisseuren Pascal Becker a Yann Tonnar engagéiert. No e puer Méint Recherche hu si nëmmen ee Personnage aus dem Buch zeréck behalen, de Jos Spartz an Indonesien.[1]

D'Musek gouf vum Regisseur Yann Tonnar sengem Brudder Serge Tonnar produzéiert.

1.778 Leit waren den Documentaire an de Kino kucken.[2]

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]

Le montage est intelligent, souvent surprenant et un peu décalé, [...] et les interviews sont sincères, on sent que les interviewés étaient en confiance [...] sa seule faiblesse : de sauter sur l'agaçante idéologie dominante, ici comme en France, sur l'identité nationale qu'il faudrait définir, fixer, étudier, au lieu de la considérer comme un organisme mouvant.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 land.lu: Peau de veau vum Josée Hansen (17. Juni 2010)
  2. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018