Raymond Reuter

Vu Wikipedia
Raymond Reuter
Gebuer 29. Dezember 1950
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Editeur

De Raymond Reuter, gebuer den 29. Dezember 1950 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Fotograf an Editeur.

En ass wéinst senge Billerbänn iwwer d'groussherzoglech Famill a säi Reportage iwwer d'Lëtzebuerger an der Welt, bekannt.

Seng Jugend a säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondaire Jongelycée zu Esch-Uelzecht, wou en de Premièresexame gemaach huet, ass hie fir ee Joer a Kanada gaangen, fir do am Bësch an duerno an enger grousser Fleeschfabrik ze schaffen. Wéi hien zeréck an Europa war ass en a Spuenien a Coursen iwwer déi international Kultur gaangen an huet do och wärend engem Joer Spuenesch geléiert. Erëm doheem zu Lëtzebuerg, huet e Frënd vun him, de Journalist Marc Thoma en op déi nei Universitéit zu Tréier opmierksam gemaach. Do huet e Soziologie an Ekonomie studéiert. Hien huet awer virun zu Lëtzebuerg gewunnt.

Am Joer 1978 huet en zesumme mam Marc Thoma déi éischt lëtzebuergesch Pressagence, Luxnews gegrënnt. Vun do un huet hie vill Fotoen um groussherzoglechen Haff gemaach an hien huet besonnesch de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa op villen offiziellen a privaten Auslandsreese begleet, ënner anerem a Japan an a Russland.

Duerch seng Reese war e bekannt ginn a gouf du vum Hubert Henrotte, dem Grënner vun der Agence Sygma, déi 1973 gegrënnt gouf, contaktéiert a gefrot, fir si ze schaffen. Dat huet him erlaabt, weiderhin iwwerall ze reesen a grouss Reportagen ze maachen. Zéng Joer laang war hie beim World Economic Forum zu Davos als Fotograf dobäi, wou en d'Geleeënheet hat, fir vill aussergewéinlech Perséinlechkeete kennen ze léieren.

Hie war zéng Joer zu Paräis, zu enger Zäit an där d'analog Fotografie lues a lues vun der Digitalfotografie verdréckt gouf. Do ass seng Iddi gebuer, fir e Reportage iwwer 100 Lëtzebuerger an der Welt ze maachen.

Publikatiounen a Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Reuter, Raymond: Gens de Luxembourg. Texter Claude Frisoni. Éditions Luxnews, 2017, ISBN 978-2-9599932-3-7
  • Reuter, Raymond: Calendrier du Centenaire de la ville d'Esch-sur-Alzette, 2005
  • Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt. Éditions Luxnews, 2003, ISBN 2-9599932-2-5,
  • Reuter, Raymond a Calmes, Christian:Jean Grand-duc de Luxembourg. Un Souverain et son Pays. Jean, Großherzog von Luxemburg. Ein Fürst und sein Land. Jean, Grand-Duke of Luxembourg. A Sovereign and his Country,Luxnews, 1986
  • Reuter, Raymond: Charlotte: Portrait d'une Grande Dame, Luxnews, 1982.
  • Maatwierkung (Kamera) um Film "800 Joer Buurg Clierf", 1981

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]