Op den Inhalt sprangen

Maria Teresa Mestre

Vu Wikipedia
Maria Teresa Mestre
Titelen
Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Zäit 2000 bis 2025
Biographie
Gebuer 22. Mäerz 1956
Marianao
Bestuet mat Henri vu Lëtzebuerg
Papp José Antonio Mestre
Mamm Maria Teresa Batista-Falla de Mestre
Kanner Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
Gielercher Steiger Award, Stär vu Rumänien, Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana, Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw, Ordre de Léopold, Uerde vum Charles III., Grousskräiz vum Uerde vum Hollännesche Léiw, Malteeseruerden, Uerde vum Infant Dom Henrique, Chrëschtuerden, Kinnekleche Seraphinenuerden, Grousskräiz vum Sankt-Olav-Uerden
[]

D'Maria Teresa Mestre, gebuer den 22. Mäerz 1956 zu Marianao an der Stad a Provënz Havanna op Kuba, ass d'Fra vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an hat vum 7. Oktober 2000 bis den 3. Oktober 2025 den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".

Si ass d'Duechter vum José Antonio Mestre (1926-1993) an der Maria Teresa Batista-Falla de Mestre (1928-1988). Si huet mat hiren Elteren no der Kubanescher Revolutioun am Oktober 1959 d'Land verlooss a si sinn op New York geplënnert. E puer Joer duerno si se op Genf geplënnert, wou d'Maria Teresa 1975 hiert Abitur gemaach huet, an 1980 e Studium a Politikwëssenschaft ofgeschloss huet.

Hir Mammesprooch ass Spuenesch, si schwätzt nach Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch an Italieenesch.

Hire Mann, den Henri vu Lëtzebuerg, deen deemools Ierfgroussherzog war, huet si an der Zäit vun hirem Studium zu Genf kennegeléiert.

D'Koppel gouf de 14. Februar 1981 bestuet a si hu fënnef Kanner.

De 7. Oktober 2000, dem Dag op deem den Henri vu Lëtzebuerg als Groussherzog vereedegt gouf, dréit si den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg". Den 3. Oktober 2025 huet de Groussherzog Henri ofgedankt.[1]

D'Groussherzoglech Koppel (2012).
De gemeinsame Monogramm
  • Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Ex-Prinzessin Tessy
  • Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
  • Amalia (* 15. Juni 2014), Duechter vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire
  • Liam (* 28. November 2016), Jong vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire
  • Charles (* 10. Mee 2020), Jong vum Groussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
  • François (* 27. Mäerz 2023), zweete Jong vum Groussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
  • Balthasar (* 7. Januar 2024), Jong vum Prënz Félix a senger Fra Claire

Éierefonctiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Zanter 1997 ass d'Maria Teresa UNESCO-Botschafterin vum gudde Wëllen.
  • Zanter Ufank 2005 ass si Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
  • Am September 2021 krut si vun der UNO den Titel Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits.[2][3]
 Commons: Maria Teresa Mestre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (lb) Lëtzebuerg huet een neie Staatschef: De Grand-Duc Guillaume huet den Eed ofgeluecht. www.rtl.lu. Gekuckt de 04.10.2025.
  2. L'ONU s'allie avec une Championne dans la lutte contre les violences sexuelles liées au conflit. Gekuckt den 13. September 2021.
  3. Remise du titre "Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits". Gekuckt de 14. September 2021.