Waringo-Rapport

Vu Wikipedia

Als Waringo-Rapport ginn zwéi Rapporte bezeechent, déi de Jeannot Waringo am Optrag vun der Regierung opgestallt huet.

Rapport iwwer d'Personalpolitik um Groussherzoglechen Haff[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Waringo-Rapport, offiziell Rapport du représentant spécial du Premier ministre auprès de la Cour grand-ducale, ass eng Analys vun der Personalpolitik um Groussherzoglechen Haff, déi tëscht Juni 2019[1] a Januar 2020 gemaach huet. De Rapport gouf den 31. Januar 2020 publizéiert[2].

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems 2019 op d'Tapéit koum, datt et e sëlleg Changementer vum Personal um Haff géif, huet d'Regierung de Jeannot Waringo, fréiere Chef vun der "Inspection générale des finances" mat enger Enquête chargéiert. Zil vun der Enquête war, datt d'Regierung an Abléck an d'Personalpolitik vum Haff kréie wollt, absënns dowéinst well en Deel vum Personal aus dem Staatsbudget bezuelt gëtt an d'Regierung deemno och e Wuert matschwätze wëll.

Aus dem Rapport geet ervir, datt et haaptsächlech ëm fënnef Punkte geet, déi als problematesch beschriwwe kënne ginn[2]:

  • d'Roll vun der Groussherzogin Maria-Teresa: dem Rapport no ginn déi wichtegst Decisiounen am Beräich vun der Personalverwaltung vun der Grande-Duchesse iwwerholl, obwuel si nëmmen eng representativ Funktioun huet;
  • et gëtt keen Organigramm deen d'Aufgab vun de jeeweilegen Departementer oder Mataarbechter definéiert. Obwuel et tëscht 2008 an 2015 en Rëtsch Projete vun engem Organigramm gouf, ass keen offiziell ugeholl ginn;
  • héije Personalwiessel: De Waringo seet am Rapport, datt den Haff 110 Mataarbechter beschäfteg an datt tëscht 2014 an 2019 eng héich Zuel vu Leit d'Plaz gewiesselt hunn;
  • et gëtt keng Prozedure wéi d'Personal agestallt gëtt;
  • well aktuell d'Finanze respektiv de Gebrauch vun de Sue vum Haff net transparent sinn, proposéiert den Enquêteur fir eng Maison du Grand-Duc ze schafen. Dës Personne morale sollt fir eng kloer Trennung tëscht den offiziellen Aktivitéite vum Groussherzog an deene private vun him a senger Famill suergen.

Kuerz ier de Rapport erauskoum, huet de Grand-Duc Henri e perséinleche Bréif publizéiert an deem hie seng Fra verdeedegt, well si an de Medien zu Onrecht accuséiert géif an ouni datt si d'Méiglechkeet hätt sech ze verdeedegen[3].

No der Publikatioun vum Rapport hunn sech déi politesch Parteien dofir ausgeschwat, datt d'Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport ëmgesat solle ginn, fir datt méi eng grouss Transparenz géif herrschen. Den Haffmarschall huet ugekënnegt datt den Haff sech konstruktiv bei der Ëmsetzung vun de Virschléi aus dem Rapport weise wäert[4].

Rapport iwwert den Ëmgank mat der Corona-Pandemie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den zweete Waringo-Rapport, och nach Waringo 2.0 genannt, offiziell Étude indépendante au sujet des clusters observés dans certaines structures d'hébergement pour personnes âgées, ass e Rapport iwwert den Ëmgank mat der Corona-Pandemie an den Alters- a Fleegeheemer an de Clusteren déi a verschiddenen Haiser opgetruede waren. D'Etüd ass tëscht Abrëll a Juli 2021 realiséiert an den 12. Juli 2021 offiziell virgestallt ginn[5].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Danielle Schumacher, Sonderbeauftragter untersucht Personalpolitik bei Hofe op wort.lu den 22. August 2019
  2. 2,0 2,1 Jörg Tschürtz, Die fünf wichtigsten Punkte zum Waringo-Bericht op wort.lu den 31. Januar 2020
  3. Großherzog verteidigt Großherzogin – auch Bettel reagiert op wort.lu de 27. Januar 2020
  4. Communiqué relatif au rapport de M. Jeannot Waringo op monarchie.lu den 31. Januar 2020
  5. Waringo-Rapport 2.0: Recommandatiounen un Alters- a Fleegeheemer hu fir Konfusioun gesuergt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-16.