Jeannot Waringo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jeannot Waringo
Gebuer 11. Juli 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Fonctionnaire, Eisebunner

De Jeannot Waringo, gebuer den 11. Juli 1952 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a fréiere Staatsbeamten am Finanzministère, wou en Direkter vun der Inspection générale des finances war.

De Jeannot Waringo ass respektiv war do donieft President vum Verwaltungsrot vun der CFL, vu Lux-Development an och Member vun de Verwaltungsréit vun ë. a. ArcelorMittal Luxembourg, dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, dem Mudam, der SEO, dem Lux-Airport an dem Fonds du logement.

Ausserdeem ass hie President vun der Asbl Musek am Syrdall.

Tëscht Juni 2019 a Januar 2020 huet hien am Optrag vun der Regierung eng Analys vun der Personalpolitik um Groussherzoglechen Haff gemaach. 2021 gouf en domat chargéiert, den Ëmgank mat der Corona-Pandemie an den Alters- a Fleegeheemer an de Clusteren déi a verschiddenen Haiser opgetruede waren, z'ënnersichen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waringo Rapport.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Société de l'Aéroport de Luxembourg S.A., Société Anonyme.
    Société Electrique de l'Our, Société Anonyme.
  2. Memorial B n° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn