Op den Inhalt sprangen

Lux-Development

Vu Wikipedia
Lux-Development S.A.
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1978
Sëtz Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Mataarbechter 644
Produit Entwécklungszesummenaarbecht
Homepage https://www.luxdev.lu/fr
Schëld um Chantier vun enger Schoul déi Luxembourg Cooperation am Kosovo baut (2012)
Bureau zu Praia, Cap Vert.

Lux-Development S.A., besser bekannt als LuxDev, ass d'Agence déi d'Entwécklungszesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Regierung ëmsetzt.

Si gouf 1978 als Agence fir d'Ënnerstëtze vu klengen a mëttelgrousse lëtzebuergesche Betriber gegrënnt an ass eréischt zanter 1992 op Entwécklungszesummenaarbecht ausgeriicht. Haut ass et eng Aktiegesellschaft (S.A.) där hir Aktionären de Lëtzebuerger Staat (98 %) an d'Société nationale de crédit et d'investissement (2 %), déi och dem Staat gehéiert, sinn.

LuxDev huet hire Sëtz beim Rousegäertchen an der Stad Lëtzebuerg, mä huet och regional Büroen zu Priština (Kosovo), Dakar (Senegal), Praia (Kap Verde), Ouagadougou (Burkina Faso), Bamako (Mali), Kigali (Ruanda), Cotonou (Benin), Vientiane (Laos), a San José (Costa Rica).

LuxDev geréiert bal all d'Ressourcen, déi d'Regierung der bilateraler Entwécklungszesummenaarbecht zouweist. D'Agence kann awer och Programmer exekutéieren, déi vun anere bilateralen Donneuren oder vun der Europäescher Kommissioun finanzéiert ginn.

Aarbechtsberäich

[änneren | Quelltext änneren]

D'Agence këmmert sech ëm Projeten a follgenden Haaptsecteuren: Landwirtschaft, Bëschaarbecht a Fëscherei, Digitaliséierung an ICT, Educatioun, Beruffsausbildung a Beschäftegung, Ëmwelt a Klimawandel, Gouvernance, Gesondheet, an Investissementer mat sozialem Impakt (engl: Impact investing), sozio-ekonomesch Entwécklung a Waasser a Sanitär.

D'Programmer konzentréiere sech op de Benin, de Burkina Faso, Cape Verde, de Kambodja, de Costa Rica, DR Congo, El Salvador, de Laos, de Mali, d'Mongolei, de Kosovo, de Ruanda, de Senegal, Togo, d'Ukrain an de Vietnam.

2024 huet LuxDev 89 Projete geréiert an eng Gesamtzomm vun 144.364.226 Euro ausginn.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Rapport annuel 2024. luxdev.lu, 17.06.2025.