Diskussioun:Maria Teresa Mestre

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"an der Maria Teresa Batista y Falla ": Eise Gouvernement nennt déi Fra "Maria Teresa Batista-Falla de Mestre" ( http://www.gouvernement.lu/dossiers/famille_grand_ducale/chregneuk/infobase/cvmtheresa.html ). Ech kenne mech mat komplizéierten Nimm net aus. Ass dat eent dat anert? An: Op där Websäit ass eng Foto vun der Fra, déi en terribele Faarfstéch huet. Musse mer dann nees alles selwer maachen?! --Cornischong 23:35, 5. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

Ech hunn emol déi offiziel lëtzebuergesch Versioun vum Numm agesat.

Wat d'Foto ugeet, do muss de mol op déi fransésisch Vesioun kucke goen, ech mengen déi ass besser. Les Meloures 10:01, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Souguer op de Commons ass e Bild vun deene Leit: "According to the legal situation in Luxembourg, I asked the University of Germany for permission before taking this photo. Photographer: Martin Möller" Also deen huet d'Universitéit vun Däitschland gefrot, ier en d'Foto "geholl" huet!!! Ma dann ass jo alles sonnekloer. --Cornischong 12:53, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Et geet ëm d'Bild " Image:Henri and Maria Teresa of Luxembourg.jpg ", fir et emol mam Numm ze nennen. --Cornischong 12:58, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Groussherzogin?[Quelltext änneren]

"...ass Groussherzogin vu Lëtzebuerg"

Am Eescht? So wéi dëse Groussherzog? --78.141.144.71 07:50, 10. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Déi Formulatioun mat Link op Groussherzog war effektiv net gutt, well si déi konstitutionell Rechter net huet.
Si dréit awer den Titel "S.A.R. la Grande-Duchesse". Op wat fir enger gesetzlecher Grondlag dat baséiert hunn ech nach net erausfonnt. Weess soss een dat? --Fliedermaus 08:26, 10. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien,
op dëser Säit vun der Regierung gëtt si S.A.R. la Grande-Duchesse genannt.
Les Meloures 08:30, 10. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Am annuaire officiel steet Marié le 14 février 1981, à Luxembourg, à Mademoiselle Maria Teresa Mestre, née à Marianao/La Havanne, Cuba, le 22 mars 1956. Elle porte le titre de Grande-Duchesse de Luxembourg.

Merci, mee u sech bleift nach ëmmer d'Fro firwat d'Fra vum Grand-Duc Jean a Grand-Duc Henri den Titel "Grande-Duchesse" kruten, de Mann vun der Groussherzogin Charlotte awer net den Titel "Grand-Duc".--Fliedermaus 09:05, 10. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat schéngt sou eng allgemeng Reegel an de Kinnekshaiser ze sinn. D'Fra kritt den Titel vum Mann wéi d'Kinnigin vun der Belsch oder d'Kinnigin vun Spuenien. De Mann kritt net den Titel vun der Fra wann déi Kinnigin ass, wéi an England oder Holland. E gëtt prince consort genannt.
Les Meloures 09:13, 10. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
P.S. Eng Ausnahm ass Marokko, do huet dem Kinnek seng Fra net den Titel Kinnigin, mee Prinzessin.
Artikel op der fr:Wikipedia an der de:Wikipedia