Lëtzebuergesch Auswanderung

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Lëtzebuergesch Auswanderung ass e wichtegt, vill kommentéiert Kapitel vun der lëtzebuergescher Geschicht. Wann an der Zäit vill Lëtzebuerger an d'Ausland ausgewandert sinn, fir an der Friemt en neit Heem ze fannen, dann hat dat eng Rei Ursaachen, déi sech mat der Zäit geännert hunn.

De Joseph Hess huet bei der lëtzebuergescher Auswanderung tëscht véier Wellen ënnerscheet:[Source?]

Aner Forme vun neizäitlecher Expatriatioun sinn zanterhier dobäikomm:

  • d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger Kënschtler an Intellektueller, déi do besser Méiglechkeete fir d'Ausübe vun hiren Aktivitéite fannen;
  • d'Néierloossung am Ausland vu Lëtzebuerger, déi do bëllege Bauterrain fannen, dee se sech zu Lëtzebuerg net leeschte kënnen.

Auswanderung a Siwebiergen[änneren | Quelltext änneren]

D'Auswanderung an Transsylvanien am 12. Joerhonnert war breet gefächert, wat d'Hierkonft vun den Emigranten ugeet. Et ass nogewise ginn, datt vill Emigrante virdrun am Muselraum doheem waren. Si si matgerass ginn an hu sech enger Bewegung, déi vun iwwerall koum, einfach ugeschloss. De Verglach vun de Flouernimm confirméiert d'Originne vun Emigranten aus eisem Raum. Datselwecht gëllt och fir d'Dialekter déi an Transsylvanien geschwat ginn, besonnesch a Siwebiergen, an déi sech duerch d'Joerhonnerte gutt erhalen hunn an dem Lëtzebuergesche staark gläichen. Déi, déi d'Geleeënheet hate mat Siwebierger op Lëtzebuergesch ze schwätzen, confirméieren dat: d'Verstännegung ass weiderhin onerwaart gutt.[1]

Auswanderung no Ungarn[änneren | Quelltext änneren]

D'Auswanderung vu Lëtzebuerger an Ungarn ass an zwou Wellen erfollegt:

  • Eng éischt Well geet bis op 1720 zréck, wéi de Generol Claude Florimond de Mercy, deen aus Loutrenge koum a Gouverneur vum Banat war, versicht huet vun den Tierken dee Landstreech zréckzegewannen. Dat war de Grond, firwat hie versicht huet, déi Géigend mat Awunner aus Loutrengen a Lëtzebuerg ze besidelen. D'Tierken hunn him 1738-39 e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, wéi si dëse Versuch vun Neibesidelung am Blutt erstéckt hunn.
  • An enger zweeter Well, no 1748, gouf dunn de Versuch, fir Friemer aus Loutrengen a Lëtzebuerg an de Banat kommen ze loossen, erëm opgeholl. De Joseph Hess schwätzt vu 1.600 Lëtzebuerger Familljen, déi, ugelackelt vun aussergewéinleche Konditiounen, bis 1770 d'Land verlooss hu fir am ënneschten Deel vun Ungarn eng nei Heemecht ze sichen.

Auswanderung no Nordamerika[änneren | Quelltext änneren]

Ënner Lëtzebuerger Nordamerikaner versteet een d'Amerikaner, déi zwar d'amerikanesch Nationalitéit hunn, mä vu lëtzebuergescher Ofstamung sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 19. Joerhonnert ware ronn 50.000 Lëtzebuerger an d'Vereenegt Staate vun Amerika ausgewandert. Haut gëtt et, opgrond vun enger Vollekszielung déi op d'Joer 2000 zréckgeet, 45.139 amerikanesch Bierger déi uginn hunn, si hätte lëtzebuergesch Origine vun zwou oder vun enger Säit hier. Déi meescht liewen am Mëttelweste vun de Vereenegte Staate vun Amerika. Zueleméisseg gesäit dat an de Bundesstaate mat vill Lëtzebuerger Amerikaner folgendermoossen aus: 6.963 am Illinois, 6.580 am Wisconsin, 5.867 am Minnesota, 5.624 am Iowa an 2.824 a Kalifornien.

Prominent Lëtzebuerger Nordamerikaner[änneren | Quelltext änneren]

Numm Gebuer Gestuerwen Infoen
Baasen, FrançoisFrançois Baasen 1826 1849 Éischte Staatsekretär am Minnesota
Bartholome, Peter WilliamPeter William Bartholome 1893 1982 fréiere Bëschof vu St. Cloud am Minnesota
Bausch, JamesJames Bausch 1906 1974 Liichtathlet, Goldmedailegewënner op den Olympesche Spiller 1932
Nicolas-Édouard Becker 1842 1920 Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Member vun der Wisconsin State Assembly
Birren, Joseph P.Joseph P. Birren 1864 1933 Landschaftsmoler
Cigrand, Bernard J.Bernard J. Cigrand 1866 1932 Zänndokter a Papp vum sougenannte Flag-Day
Deutsch, Marie-JoséMarie-José Deutsch 1951 Physikerin
Dolibois, John ErnestJohn Ernest Dolibois 1918 2014 President vun der Miami-Universitéit a fréieren amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg
Jean Ellis 1946 2006 Dokter a Biergsteiger
Evert, ChrisChris Evert 1954 Tennisspillerin
Faber, RedRed Faber 1888 1976 Baseballspiller
Fausto Gardini 1950 Historiker, Schreftsteller
Gernsback, HugoHugo Gernsback 1884 1967 Erfinder an Auteur vu Science-Fiction-Schrëften
Gonner, NicolasNicolas Gonner 1835 1892 Historiker, Schrëftsteller, Editeur an Ingenieur
John Grün 1868 1912 Kraaftmënsch, bekannt als Herkul Grün
Havoc, JuneJune Havoc 1913 2010 Schauspillerin a Dänzerin
Hastert, DennisDennis Hastert 1942 Republikanesch Partei, fréiere Spriecher vum United States House of Representatives Congress
Hinger, VictorineVictorine Hinger 1965 Molerin a Sculptrice
Emil Gustav Hirsch 1852 1923 Rabbiner vun der Reformbeweegung an den USA
Husting, Paul O.Paul O. Husting 1866 1917 Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Member vum Senat fir de Wisconsin
Pierre J. Huss 1903 1966 Journalist, Auteur, Krichsreporter
Kneip, Richard F.Richard F. Kneip 1933 1987 Politiker, Demokratesch Partei, fréiere Gouverneur vum South Dakota
Kroll, William J.William J. Kroll 1889 1973 Ingenieur an Erfinder
Lauterbur, PaulPaul Lauterbur 1929 2007 Chemiker, mam Nobelpräis fir Medezin ausgezeechent
May, John LawrenceJohn Lawrence May 1922 1994 fréieren Äerzbëschof vu St. Louis
Maria Catherine Moes 1828 1899 Nonn a Grënnerin vun der Mayo Clinic
Muller, NicholasNicholas Muller 1836 1917 fréiere Member vum amerikanesche Kongress
Noerdinger, JeanJean Noerdinger 1895 1963 Moler
Prost, Henry N.Henry N. Prost 1915 1994 fréiere Bëschof vu Chicago
Saler, NicolasNicolas Saler 1848 1884 huet un der Lady Franklin Bay Expedition (1881-1884) deelgeholl.
Schwebach, JamesJames Schwebach 1847 1921 fréiere Bëschof vun der Diözes vu La Crosse
Speltz, George HenryGeorge Henry Speltz 1912 2004 fréiere Bëschof vu St. Cloud am Minnesota
Steichen, EdwardEdward Steichen 1879 1973 Fotograf, Moler
Steichen, FélicienFélicien Steichen 1926 2011 Dokter, Chirurg
Treinen, Sylvester WilliamSylvester William Treinen 1917 1996 fréiere Bëschof vu Boise
Robert Weimerskirch 1923 2015 Moler a Sculpteur
Woll, MatthewMatthew Woll 1880 1956 Gewerkschaftler, fréiere Vizepresident vun der AFL-CIO
Young, LorettaLoretta Young 1913 2000 Schauspillerin als Best Actress mam Academy Award ausgezeechent

Auswanderung a Südamerika[änneren | Quelltext änneren]

History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Prominent Lëtzebuerger Südamerikaner[änneren | Quelltext änneren]

Infiltratioun vu Lëtzebuerger a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Am Géigesaz zur Auswanderung vu Lëtzebuerger a Siwebiergen, an Ungarn an an Amerika handelt et sech hei net ëm e kollektive Phenomen, mä ëm individuell Entscheedunge vu Persounen. déi aus perséinleche Grënn an d'Friemd gaange sinn, net fir liewenslaang, mä fir nëmmen eng bestëmmt Zäit do ze bleiwen.

Dat war de Fall bei deenen, déi am leschte Joerhonnert a Frankräich oder an d'Belsch fortgezu sinn, well se z. B. gemengt hunn, an der "douce France" kënnt ee besser liewen, méi séier Geld verdéngen, fir dann op Lëtzebuerg zréckzekomme wann d'Ëmstänn et erlabe sollten. Dat war och de Fall bei de jonke Meedercher déi a Frankräich an den Déngscht gaange sinn, net nëmme fir Suen ze verdéngen, ier se sech bestuet hunn, mä och fir do eppes bäizeléieren.

Dorënner falen och d'Handwierker. Bis zum Éischte Weltkrich war et nämlech bei hinnen Usus, fir sech am Ausland ze perfektionnéieren. D'Wanderjore bei den Zammerleit, ier se sech fest etabléiert hunn, war een typeschen, awer keen eenzele Fall. An deem Zesummenhang schreift de Joseph Hess: "Jusque vers 1900 il était rare qu'un artisan quelconque s'établit dans un de nos villages sans avoir fait son tour de France. Le Faubourg Saint-Antoine regorgeait de menuisiers et ébénistes luxembourgeois, pour le plus grand bien de nos intérieurs luxembourgeois,..."

Aner Forme vun neizäitlecher Expatriatioun[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Intellektueller a Kënschtler am Ausland[änneren | Quelltext änneren]

Schléisslech sollten d'Wëssenschaftler an d'Artisten ernimmt ginn, déi sech am Ausland néierloossen oder no hire Studien do bleiwen, aus der Iwwerzeegung, d'Land wier ze kleng, fir hinnen an hirer Spezialisatioun genuch Méiglechkeeten ze ginn. Vill vun hinnen hu reusséiert a souguer fäerdeg bruecht, international bekannt oder Universitéitsprofesser ze ginn; eng Chance, déi se zu Lëtzebuerg net gehat hätten. Hei e puer Beispiller:

Neizäitlech Expatriatioun wéinst Immobiliespekulatioun[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.png Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
  • Am Zesummenhang mat Transylvanien
    • Huss, Richard: Der Name der Siebenbürger Sachsen, Annuaire de la Soc. lux. d'études linguistiques et diallectologiques, Luxembourg, 1926
    • Huss, Richard: Die geschichtliche Entwicklung der Urheimatforschung in Siebenbürgen und ihre Ausblicke,Jongheemecht, 3. Joergang, Heft 6, 7 an 8
  • Am Zesummenhang mat Banat
    • Sprunck, Alphonse: Prêtres luxembourgeois au Banat, Jongheemecht, Oktober 1935
    • Sprunck, Alphonse: Un épisode de l'émigration lux. au Banat de Temesvar,Jongheemecht, Joergang 10, Heft 10
  • Am Zesummenhang mat Amerika ënner anerem
    • Calteux, Georges, 2010. Unser Baum in Amerika. récré 25: 149-154.
    • Gonner, Nicholas: Luxemburger in der Neuen Welt. Dubuque, Iowa: Drock vun der 'Luxemburger Gazette', 1889, xix-489 S. [S. 327-458: biographesch Motizen iwwer eminent lëtzebuergesch Emigranten no Amerika; dëst fundamentalt Wierk ass vum Jean ENSCH, Carlo Hury an Jean-Claude Muller an de Joren 1985-1987 nei opgeluecht gi an enger englecher Versioun ënner dem Titel: Luxembourgers in the New World nei verëffentlecht ginn, Éditions-Reliures Schortgen, 1986-1987.
    • Krieps, Roger: Luxemburger in Amerika. Lux.: Bourg-Bourger, 1964, 320 S.
    • MAGOCSI, Paul Robert: Luxembourgers, an: Harvard Encyclopedia of American Ethnic Groups. Cambridge & London: Harvard University Press, 1980, p. 687- 689, 1 carte.
    • Muller, Jean-Claude: Luxembourg Local Histories dealing with emigration to the U.S. - Études d'histoire locale luxembourgeoise concernant l'émigration aux États-Unis, an: De Familiefuerscher. Luxembourg. 7 (1991)-26, S. 35-37
    • Ensch, Jean: Index zur 'Luxemburger Gazette, an: GONNER: Die Luxemburger in der Neuen Welt. Neiausgab... Band 2, 1986 p.*1* - *682*.
    • Freund, Hans Egon: Emigration Records from the German Eifel Region 1834-19 with major emphasis on those emigrants whose final destinations were Illinois, Wisconsin and Michigan. Crystal Lake, Illinois: McHenry County Illinois Genealogical Society, 1991, 84 S.
    • Muller, Jean-Claude: Les Luxembourgeois au Nouveau Monde, an: Voilà Luxembourg. 2 (1992) -4, S. 140-153, ill. [Den Artikel besteet an franséischer, däitscher, enlecher a spuenescher Versioun].
    • Nolden, Reiner (éd.): Alphabetischer Personennamenindex zu Josef MERGEN: Die Amerika-Auswanderung aus dem Regierungsbezirk Trier - Landkreis Trier, Saarburg, Prüm, Bernkastel, Bitburg, Wittlich,Stadtkreis Trier, Daun, Trier: Stadtarchiv, 1995, 411 S.
    • Muller, Jean-Claude & NOLDEN, Reiner: Die Amerika-Auswanderung aus Deutschland an der 'Luxemburger Gazette' (1871-1918). an: Landeskundliche Vierteljahresblätter. Trier 42 (1996)-1, S. 29-49.
    • Sprunck, Alphonse: Die luxemburgische Auswanderung nach den Vereinigten Staaten um die Mitte des vorigen Jahrhunderts, an: Luxemburger Marienkalender, Luxembourg. 67 (1948), S. 50-54
  • Am Zesummenhang mat de Lëtzebuerger ronderëm d'Welt

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dës Thes ass haut widderluecht: Et sinn deemools just e puer Dausend Leit aus dem ganzen deemolegen Däitsche Räich a Siwebiergen "ausgewandert", dorënner der vläicht e puer vum Territoire vum haitege Lëtzebuerg. Well et deemools keng Nationalstaaten am moderne Sënn gouf, ass de Begrëff "lëtzebuergesch Auswanderung" staark iwwerstrapazéiert. Datselwecht bezitt sech op dat nächst Kapitel (Ungarn).