Lëtzebuerger Kolonialgeschicht
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Belsche Kongo
[änneren | Quelltext änneren]Zanter datt de Kongo vum belsche Kinnek Leopold II. als Privatbesëtz exploitéiert gouf, waren och Lëtzebuerger dobäi.
1931 hunn 252 Lëtzebuerger am Kongo gelieft. D'Zuel goung an den 1930er Joren erof, louch awer 1950 bei 410 an 1958 bei 575. Wéi de Kongo 1960 onofhängeg gouf, hunn eng 600 Lëtzebuerger am Kongo gelieft.
Vill vun hinne waren an zwéin Cerclen organiséiert, dem Cercle colonial luxembourgeois (zanter 1925) an an der Alliance coloniale luxembourgeoise (zanter 1951). Den 21. Februar 1954 hunn déi zwou Associatiounen zur Vereenegung Luxembourg Outre-mer (LUXOM) fusionéiert[1]. Déi kruten an den 1950er Jore Subside vum Lëtzebuerger Staat; de Prënz Felix, de Joseph Bech a méi spéit de Pierre Werner ware Membre protecteur. De Staatsminister Pierre Dupong war am Januar 1953 op Staatsvisitt am Kongo.
No der Onofhängegkeet am Joer 1963 waren et der just nach 155, déi decidéiert haten, dozebleiwen, vill dovu Missionnairen an Nonnen, wéi d'Soeurs hospitalières de Sainte-Élisabeth an d'Schwëstere vun der Doctrine chrétienne.[2] De groussen Deel ass awer fortgaangen, déi allermeescht goungen zeréck op Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu de Belsch haten déi, déi an der Administratioun geschafft hunn, keng Garantie drop, an de Staatsdéngscht doheem opgeholl ze ginn. Déi, déi bal alles hu missen zeréckloossen, hu vun der Fondation Grande-Duchesse Charlotte gehollef kritt. Och huet d'Belsch de Lëtzebuerger manner héich Pensiounsuspréch ugerechent wéi hire Landsleit.
Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]- De Läitnant Nicolas Grang (1854-1883) huet den Henry Morton Stanley bei der Exploratioun vum Héije Kongo begleet.
- Den Eugène Jungers (1888-1958) war Generolgouverneur vum Belsche Kongo.
- Den Nicolas Cito (1866-1949) huet zu der Zäit vum État indépendant du Congo d'Aarbechte vun der Eisebunnslinn vu Léopoldville[3] op Matadi geleet, bei deenen 1.932 Aarbechter hiert Liewe gelooss hunn[4].
- Tëscht 1898 an 1930 war de Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja (1875-1953) fënnefmol am Kongo an huet eng Partie nei Aarte fir d'Wëssenschaft entdeckt. An deem Zäitraum erschéngen net manner wéi fënnef wëssenschaftlech Artikelen[5] am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois, déi mat dem Kongo ze dinn hunn, virun allem mat den Entdeckunge vum Luja.
- De lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier Will Kesseler (1899-1983) huet tëscht 1924 an 1969 am Kongo gelieft.
- Den Nicolas Kinsch (1904-1973) war vun 1959 bis 1967 Äerzbëschof vu Kisangani.
- De Jacques Leurs (1910-1968) ass bekannt als éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf.
- De lëtzebuergesche Moler a Sculpteur Robert Weimerskirch (1923-2015) war an den 1950er Joren an de Belsche Kongo ausgewandert.
- Déi lëtzebuergesch Sculptrice Maggy Stein (1931-1999) huet vun 1950 bis 1953 mat hirem Mann am Kongo gelieft.
- De lëtzebuergesche Moler a Sculpteur Arthur Unger (* 1932) war vun 1956 bis 1960 Kolonialbeamten am Kongo.
-
Den Äerzbëschof Nicolas Kinsch
-
De Pater Trausch,
1964 vu "Simbaen" ermuert. -
De Pater Conrad,
1964 vu "Simbaen" ermuert.
Franséisch-Indochina
[änneren | Quelltext änneren]-
Guillaume Capus,
Mataarbechter vum Generalgouverneur vu Franséisch-Indochina vun 1879 bis 1907
Kontrovers "Krëppeneegerchen"
[änneren | Quelltext änneren]Fir Chrëschtdag 2024 gouf an der Kierch zu Bëschrued eng Krëppchen opgeriicht. Bei dëser Geleeënheet goufen och Sue gesammelt fir de Projet "Pëtzer fir Madagaskar" vun den Häerz-Jesu-Priister vu Clairefontaine. Dobäi louch e Flyer op deem stoung: "No aler Traditioun hale mir zu Bëschrued de Brauch vum Krëppeneegerchen bäi." Do stoung dann och eng Figur vun engem donkelhaitege Kand, dat bei engem Kuerf knéit an d'Hänn gefaalt huet. An de Kuerf konnt een eng Mënz werfen an dann huet dat Kand mam Kapp gewackelt fir Merci ze soen. Um Sockel vun der Figur stoung op enger Plackett: Ich war ein armer Heidensohn! / Nun kenn’ ich meinen Heiland schon / Und bitte darum Jedermann, / Nehmt Euch der armen Heiden an.[6]
D'Luxemburger Wort vum 8. Januar 2025 huet op dëse Krëppeneegerchen [7][8] opmierksam gemaach, deen zwar bis an d'1970er an 1980er Joren zum "nomalen" Inventar vun enger Krëppche gehéiert huet, zanter hir awer verschwonne war.[9] De Régis Moes ass iwwer dës Figur "irritéiert", well grad zu Bëschrued, dem Heemechtsduerf vum Nicolas Grang, d'Strooss, déi nom Grang benannt war am Juli 2020 an „Um Schéckelt“ ëmbenannt gouf. Am Artikel steet och, datt d'Bistum iwwer dës Figur "erstaunt" wier an zitéiert d'Bistum mat de Wierder: "Unsere Gegenüber in den ärmeren Ländern sind keine hilflosen Bittsteller, sondern gleichberechtigte Partner."
De Pater Jean-Jacques Flammang, zoustännege Paschtouer vu Bëschrued, verdeedegt awer de Krëppeneegerchen op senger Facebooksäit[10] a mengt an engem Kommentar "Im Wort ist heute eine zeitgemäße rassistesche Deutung des Negerchen zu lesen, die es früher glücklicherweise nicht so gab." an hien hofft, datt d'nächst Joer bei ville Krëppecher erëm den "Negerchen" steet an dat "als Protest gegen Rassismus, Unterdrückung und ausbeuterische Kinderarbeitung heute". An de Kommentaren gëtt dann als Géigepol op d'Ausstellung aus dem Joer 2022 am Nationalmusée iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg verwisen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Boulénger, G.-A., 1909. Catalogue des Poissons du Congo du Musée d'Histoire Naturelle du Luxembourg. Faune du Sankuru à Kondué. Bull. Soc. Nat. luxemb. 19: 189-202.
- Boulénger, G.-A., 1910. Poisson Cyprinodonte nouveau du Bas-Congo. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20: 285-285.
- Comes, Isidore, 1918. Mwumbu. oder: De gele'nten Neger. Eng Farce an engem Akt. Musek vum Max Menager. Linden & Hansen, Letzeburg. 31 S.
- Gras, Albert, 1885. La zone torride: souvenirs du Sénégal. Jos. Beffort, Luxembourg. 270 p.
- Grouvelle, A., 1915. Clavicornes africains du musée d'histoire naturelle de Luxembourg, récoltés par M. Ed. Luja de Luxembourg, directeur des plantations Lacourt à Kondué, Congo belge. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1: 103-123.
- Haler, Maria, 1976. Littérature orale africaine. Quelques mythes et contes du Zaïre. Thèse de doctorat. Faggalah, Le Caire, Lumumbashi.
- Haler, Maria, 1980. Littérature orale africaine: quelques mythes et contes du Zaïre. Recherches africaines (Lubumbashi, Zaire). Éditions Saint-Paul, Lubumbashi, Zaire, Afrique. 40 p.
- Hemmer, Carlo, 1951-1952. Regards (trop rapides) sur le Congo. L'Écho de l'Industrie, Luxembourg. [13 Artikelen déi tëscht dem 15.12.1951 an dem 31.05.1952 erschénge sinn.]
- Hemmer, Carlo, 1956. Kongoreise. 72 S. Land-Verl., Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg.
- Hemmer, Carlo, 1956. Les exportations luxembourgeoises vers le Congo belge. Métropole, Anvers, 30.05.1956.
- Hilgert, Romain, 1992. Banken, Kaffi, Hädekanner - 500 Jahre Luxemburg und die Dritte Welt; Lëtzebuerg, Verlag COPE, 1992; 163 Säiten.
- Hoffmann, Serge, 2001:"Les Luxembourgeois au Congo belge. in: forum Nr. 208 (Mee 2001).
- Kaspar, Margot, 1998. Dieudonné: une adoption contrariée. Trois petites histoires d'Afrique. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul.
- Luja, E., 1919. Termitières et fourmilières du Congo au Musée d'Histoire naturelle du Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 29: 178-186.
- Moes, Régis, 2012. Cette colonie qui nous appartient un peu. La communauté luxembourgeoise au Congo belge 1883-1960. Éditions d'Lëtzebuerger Land.
- Moes, Régis, 2010. Le 30 juin 1960 au Congo: La fin abrupte de l'histoire coloniale luxembourgeoise. d'Lëtzebuerger Land 9. Juli 2010, Nr. 27: 16-17. [Haaptquell vun dësem Artikel]
- Moes, Régis, 2010. La collaboration coloniale belgo-luxembourgeoise au Congo. in: forum Nr. 299 (September 2010).
- Ochs, G., 1928. Zwei neue Gyriniden aus Belgisch Congo. Bull. Soc. Nat. luxemb. 38: 7-9.
- Pescatore, Maurice, 1932. Chasses et voyages au Congo. Paris: Éditions de la Revue Mondiale, 318 p.
- Schmitz, Yves, 2024, "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht." Eine kritische Einführung, Hrsg. Richtung 22, capybarabooks, 184 S., ISBN 978-99959-43-59-2
- Thiel, Marc, 2000. "Ech war am Congo": les Luxembourgeois au Congo belge. Hémecht Jg. 52(2000), H. 4: 381-451. Luxembourg.
- Thill, Michel, 2010. Luxemburg und der Belgisch-Kongo, 1945-1960: Die Präsenz der Kolonie in der luxemburgischen Politik, Wirtschaft und Öffentlichkeit, academia.eu
- Thill Michel, 2010, Eine Skizze zu einem vergessenen Kapitel luxemburgischer Nachkriegsgeschichte, Luxemburgs Schatten über Belgisch-Kongo, D'Lëtzebuerger Land, 08.04.2010
- Weirich, Guy, Kolonisatoren im Kongo, in: Gouschtenger Jubiläumsbuch. D'Geschicht vum Duerf a senge Leit, 2005, S. 138-148
- Weirich, Guy, Konrad im Kongo, in: nos cahiers 43(2022), H. 3, S. 79-85
- Wilhelm, Frank, 2001. Regards sur la colonisation de l'Afrique et du Congo (I)[11]. Forum, n° 209: 53-59. Luxembourg.
- Wilhelm, Frank, 2001. Regards sur la colonisation de l'Afrique et du Congo (II)[11]. Forum, n° 210: 63-68. Luxembourg.
- Luxembourg – Kongo, Forum, Nr 208, Mee 2001
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Association Coloniale Luxembourg Outre Mer, „LUXOM". Luxemburger Wort (23.3.1954). Gekuckt de(n) 3. 1. 2023.
- ↑ Alex Langini, 2010. Das Heisdorfer Schloß. Le château de Heisdorf. S. 18.
- ↑ Léopoldville ass dee fréieren Numm vun der Haaptstad Kinshasa.
- ↑ Bei de Renovéierungsaarbechten tëscht 1923 an 1931 koumen nach eng 7.000 Doudeger dobäi. Cf. http://fr.wikipedia.org/wiki/Chemin_de_fer_Matadi-Kinshasa
- ↑ Cf. Boulénger 1909 an 1910, Grouvelle 1915, Luja 1919 an Ochs 1928 an der Literatur.
- ↑ Artikel "Missionsspardose". de.wikipedia.org.
- ↑ Marc Thill, Fragwürdige Sammelbüchse, Darstellung Schwarzer: Kunst und Kolonialismus sind eng miteinander verwoben. Der mit dem Kopf nickende Afrikanerjunge, den man 2024/25 in Buschrodt an die Weihnachtskrippe gestellt hat, passt zu dem Bild des Schwarzen in der Kunstgeschichte.. wort.lu [€] (08.01.2025); Luxemburger Wort, 11./12. Januar 2025, S.64-65. Gekuckt de(n) 11.01.2025.
- ↑ Marc Thill, Rassistische Wortwahl, Diskriminierendes Wort „Krëppeneegerchen“ steht nicht im „Lëtzebuerger Online Dictionnaire“. Der bewusste Umgang mit Worten ist wichtig. Deswegen werden diskriminierende und rassistische Wörter im LOD stets mit einer Triggerwarnung versehen. (wort.lu (9.1.2025); Luxemburger Wort, 11./12. Januar 2025, S.65). Gekuckt de(n) 11.01.2025.
- ↑ Frederik Wember, In der Kirche von Buschrodt, Tradition oder Ignoranz? Die Rückkehr eines kolonialen Relikts. Eine schwarze Figur mit Sammelbüchse, die bei Spenden nickt – in Buschrodt gehört dies noch nicht ganz der Vergangenheit an.. wort.lu [€], Luxemburger Wort, S. 10-11 (08.01.2025). Gekuckt de(n) 08.01.2025.
- ↑ Jean-Jacques Flammang, Das Völkerverbindende "Krippen-Negerchen". Facebook (08.01.2025). Gekuckt de(n) 08.01.2025.
- ↑ 11,0 11,1 Cf. PDF-Fichier ënner: https://web.archive.org/web/20110627134218/http://www.interfrancophonies.org/regards.pdf.
- Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 08. Abrëll bis de 6.November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.