Arthur Unger

Vu Wikipedia
Arthur Unger
Gebuertsnumm Arthur Pierre Unger
Gebuer 11. Juli 1932
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

Den Arthur Unger, gebuer den 11. Juli 1932 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Hie war vun 1956 bis 1960 Kolonialbeamten am Kongo, duerno huet hien an der Verwaltung vun der Nato zu Paräis geschafft. 1968 koum hien op Lëtzebuerg hannescht.

Hie schafft mat Tusch a Gouache an huet 1970 d'Technik vun de Pyrochimiogrammen entwéckelt.

1971 huet hien, zesumme mam Roger Dornseiffer an Édouard-Marie Weber, de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.

Pyrochimiogrammen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Arthur Unger seng Spezialitéit sinn d'Pyrochimiogrammen. Op metalleschen Zylindere ginn, duerch Elektrolys, dënn Blieder vu Koffer mat enger Déckt vun e puer Mikrometer produzéiert. Ënner der Awierkung vun enger Flam, geléngt et him dann um Koffer all d'Faarwe vum Reebou entstoen ze loossen. Eenzeler vu senge Kofferbiller si méi wéi 4 Meter héich.[1]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur Unger huet seng Kandheet a Jugend zu Izeg verbruecht, dat als eelste vu siwe Gesëschter.[1] Am Jongelycée um Lampertsbierg huet hie sech fir d'Konschtgeschicht intresséiert.[1]

No sengem Militärdéngscht huet hien d'École coloniale zu Bréissel gemaach a koum duerno an déi deemoleg belsch Kolonie vum Kongo, wou hie mat der 'Verwaltung' vun zwéi Stämm, de Lunda a Baluba, chargéiert war. Am Kongo hunn déi afrikanesch Zauberwelt mat hire Geeschter an Hexemeeschteren hie markéiert.[1]

1960 ass hien op Paräis komm, wou hie seng Tuschzeechnungen an enger Galerie ausgestallt huet. Do huet hien de Konschtkritiker Michel Tapié, e Groussenkel vum Henri Toulouse-Lautrec kennegeléiert, deen hie vun do un encouragéiert a beroden huet.[1]

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur Unger huet seng Konschtwierker ë. a. zu Lëtzebuerg an der Abtei Neimënster, an dräi grousse Muséeën a China an an der Arche de la Défense zu Paräis ausgestallt[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Noyer, Catherine, 2012. Arthur Unger. Les feux de l'Afrique. Au seuil de ses 80 ans, l'artiste luxembourgeois établit son bilan.. Luxemburger Wort vum 11. Juli 2012, S. 12.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Luxemburger Wort vum 12. Juli 2012, S. 12.