Ech war am Congo

Vu Wikipedia
Ech war am Congo
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer Abrëll 2001
Dauer 60 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Paul Kieffer
Dréibuch Marc Thiel, Paul Kieffer
Fotografie Paul Kieffer
Musek Jeannot Sanavia
Schnëtt Thierry Faber
Produzent Joy Hoffmann
Viviane Thill
Claude Waringo (Exekutivproduzent)
Produktiouns-
gesellschaft
CNA, Fonspa
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ech war am Congo ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Historiker Marc Thiel a vum Regisseur Paul Kieffer. De franséischen Titel vum Film ass Ma vie au Congo.[1]

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Am Film geet et ëm d'Lëtzebuerger, déi virun der Onofhängegkeet am deemolege belsche Kongo, der haiteger Demokratescher Republik Kongo, gewunnt a geschafft hunn. Aacht Lëtzebuerg erzielen iwwer hir Erënnerungen iwwer déi Zäit.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Well et zu Lëtzebuerg virun den 1990er wéineg professionell Filmer gouf, hat de Centre national de l'audiovisuel (CNA) 1995 d'Bevëlkerung opgeruff, Amateurfilmer anzereechen. Dat war e grousse Succès, an ënnert den agereechte Filmer waren der och e puer aus dem deemolege belsche Kongo. Dat huet am CNA zur Iddi gefouert, en Documentaire iwwer dës wéineg thematiséiert Säit vun der Lëtzebuerger Geschicht ze produzéieren. Dowéinst gouf en neien Opruff lancéiert, dës Kéier speziell fir Amateurfilmer aus dem Kongo. Esou koume méi wéi 100 Filmer zesummen, bal all aus den 1950er Joren.[2]

Doropshin huet den Historiker Marc Thiel ugefaangen, fir den CNA Recherchen iwwer de belsche Kongo an d'Roll vun de Lëtzebuerger ze maachen. Hien huet och e puer Persounen interviewt, déi deemools am belsche Kongo waren. Der Ko-Produzentin vum Film Viviane Thill no war sech den CNA du scho bewosst, dat d'Roll vun de Lëtzebuerger an der Kolonisatioun vum Kongo e sensibelen Thema wier, an och, datt d'Amateurfilmer nëmmen d'Säit vun de Colonisateure géif weisen. De CNA wollt déi agereecht Amateurfilmer weeder benotzen, fir en antikoloniale Film ze maachen, nach fir d'Kolonisatioun ze glorifizéieren. Schlussendlech huet de Regisseur Paul Kieffer de Film esou zesummegeschnidden, datt déi aacht Interviewpartner relativ wéineg selwer ze gesi sinn, mee datt hir Temoignagen iwwer déi verschidde Filmextraiten ze héiere sinn.

Ech war am Congo hat seng Première am Abrëll 2001 wärend der zweeter Editioun vun der "Semaine du documentaire luxembourgeois", déi den CNA a Samsa Film organiséiert hunn.[3] Am Kader vun der Virstellung vum Film goufen dunn och eng Rei aner Evenementer organiséiert, dorënner d'Virféierung vun zwéin anere Filmer iwwer d'belsch Kolonialisatioun an iwwer de Kongo, eng Ausstellung, eng Televisiounssendung an e ronnen Dësch, dee vun der Zäitschrëft Forum organiséiert gouf.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. paperjam.lu: 25 ans en 25 films (12/25) 2001: Ma vie au Congo vum France Clarinval (23. November 2015)
  2. 2,0 2,1 „Ech war am Congo“ - Regards luxembourgeois sur le Congo belge vum Viviane Thill am Forum, Nr 208, Mee 2001, Säit 40
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 195