Viviane Thill

Vu Wikipedia
Viviane Thill
Gebuer 22. Januar 1962
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dréibuchauteur

D'Viviane Thill, gebuer den 22. Januar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Iwwersetzerin, Filmkritikerin an Autorin vun e puer Filmbicher. Si schafft zanter 1996 am CNA.

Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war si an der Kategorie "Bescht Dréibuch" fir de Film Eng nei Zäit nominéiert, zesumme mam Christophe Wagner.[1]

Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

Hir Première huet d'Viviane Thill 1981 am Lycée Michel Rodange gemaach.

Beruffsliewen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1986-87 Stage vun engem Mount am Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg am Iwwersetzungsservice.
  • 1988 krut si e Kontrakt vun engem Joer am CNA
  • 1989-91 war si responsabel vum kulturellen an audiovisuelle Secteur vun der Action Solidarité Tiers Monde, enger lëtzebuergescher NRO.
  • 1992-94 huet si an der Stater Cinemathéik geschafft, an där si sech ëm d'Redaktioun vun de Programmer a Broschüren, den Archiver an der Dokumentatioun gekëmmert huet.
  • Vun 1993 bis 94 war d'Viviane Thill d'Vertriederin vu Lëtzebuerg am European Script Fund vun der EU.
  • Tëscht 1994 a 95 war si am CNA als Expertin fir Audiovisuelles ugestallt a vun 1996 un schafft si am CNA am Service film.
  1. cineuropa.org: Luxembourg’s D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)