Lëtzebuerger Filmpräis 2016

Vu Wikipedia
De beschte Spillfilm, Eng nei Zäit

Déi 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war de 5. Mäerz 2016.

Präiszeremonie[änneren | Quelltext änneren]

D'Präisverdeelung vun der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war de 5. Mäerz 2016 am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg. Moderéiert gouf se vun der Schauspillerin Eugénie Anselin an dem Schrëftsteller Claude Frisoni.[1]

A Kompetitioun stounge 16 Koproduktiounen, 4 Long-Metragen, 9 Documentairen, 12 Kuerzfilmer an 3 Animatiounsfilmer, aus denen d'Membere vun der Lëtzebuerger Filmakademie hire Choix getraff hunn.[1]

De Regisseur Christophe Wagner krut fir seng säin Nokrichszäit-Thriller Eng nei Zäit vum Premierminister Xavier Bettel an der Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Präis fir de beschte Spillfilm iwwerreescht.[2] Déi selwecht Ekipp vu Samsa Film hat an där Kategorie scho bei der Editioun virdru mam Film Doudege Wénkel gewonnen.

Präisdréier an Nominéierungen[änneren | Quelltext änneren]

De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[3]

Beschte Lëtzebuerger Fiktiouns-Spillfilm[änneren | Quelltext änneren]

Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm[änneren | Quelltext änneren]

Beschten Animatiouns-Kuerzfilm[änneren | Quelltext änneren]

Bescht Animatiouns-Koproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Bescht Fiktiouns-Koproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Beschten Documentaire[änneren | Quelltext änneren]

Black Harvest krut de Präis fir de beschten Documentaire

Bescht kënschtleresch Kontributioun[änneren | Quelltext änneren]

Bescht technesch Kontributioun[änneren | Quelltext änneren]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land huet kritiséiert, datt an de Kategorien "Bescht kënschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" Persoune mat ganz ënnerschiddleche Profiller zesumme geworf goufen (zum Beispill Dréibuchauteuren, Schauspiller a Komponisten), an datt net-Residente vun enger Nominéierung ausgeschloss waren. Den Organisateure war dat, fir eng deloyal Konkurrenz vu groussen Nimm aus dem Ausland, déi a Koproduktioune matgewierkt hunn, ze verhënneren. [4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2016 (gekuckt den 23. November 2021)
  2. gouvernement.lu: Palmarès du 7e Lëtzebuerger Filmpräis (7. Mäerz 2016)
  3. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2016: les nominations sont dévoilées (16. Dezember 2015)
  4. land.lu: C’est pas mal (pour un Luxembourgeois) vum Josée Hansen (26. Februar 2016)