Mos Stellarium

Vu Wikipedia
Mos Stellarium
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 11. November 2015
Dauer 52 min
Format 1.85
Originalsprooch Franséisch
Däitsch
Ekipp
Regie Karolina Markiewicz
Pascal Piron
Fotografie Jako Raybaut
faarweg
Musek Nima Azarmgin
Schnëtt Félix Sorger
Produzent Elise André
Produktiouns-
gesellschaft
Tarantula Luxembourg
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Mos Stellarium ass e lëtzebuergeschen Documentaire vun der Karolina Markiewicz an dem Pascal Piron. En hat den 11. November 2015 seng Première.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Fënnef Flüchtlingen, de Yunus aus Afghanistan, d'Anna aus Syrien, den Eko an den Dzemil aus Montenegro, an d'Milena aus dem Kosovo erzielen, op wéi engem Wee s'op Lëtzebuerg koumen, a wéi se do drop waarden, fir hiert neit Liewen opbauen ze kënnen.Och de Rijad kënnt zu Wuert. Hien huet e puer Joer zu Lëtzebuerg gelieft, éier en expulséiert gouf an elo nees zeréck am Montenegro ass.

De Film weist ni dat ganz Gesiicht vun de Personnagen.[1]

Produktiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Karolina Markiewicz huet 2006 ugefaangen, an enger Integratiounsklass an engem Lëtzebuerger Lycée als Franséischproff a Régente ze schaffen. Vill Schüler, déi Demandeur d'asile waren, hu sech hir dunn uvertraut. 2013 ass si dem Pascal Piron begéint, an zesummen hu si entscheed, en Documentaire iwwer jonk Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ze dréinen.[2]

Am ganze goufe wärend 34 Dréideeg am Mäerz an Abrëll 2015 ëm déi 60 Stonne Filmmaterial opgeholl.[3]

Den Titel bedeit "Bräich vun de Konstellatiounen". En ass eng Referenz op "Mos Maiorum", eng europäescher Police-Actioun an allen EU-Länner am Oktober 2014 géint de Mënschenhandel, mee wärend där vill Demandeurs d'asile an hir Länner zeréck geschéckt goufen.[2]

De Film existéiert och als Videoinstallatioun a véier méi kuerze Kapitelen. Si gouf ënner anerem am Kunstmuseum vu Liechtenstein an op der Biennale vu Venedeg am Liechtensteiner Pavillon ausgestallt.[1][3]

Filmpräisser a Filmfestivallen[änneren | Quelltext änneren]

Mos Stellarium war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschten Documentaire" nominéiert.[4]

De Film ass um Silk Road Film Festival 2016 zu Dublin an um One World România gelaf.[5][6] E gouf am Dezember 2015 och zu Ankara an zu Istanbul gewisen, am Kader vun der 5. Editioun vun de Human Rights Film Days vun der Europäescher Unioun.[7]

2.378 Leit waren den Documentaire an de Kino kucken.[8]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Sofia Eliza Bouratsis, d'Lëtzebuerger Land:[9]

Un projet audacieux Ce film documentaire[...] est d'une beauté poignante et cette beauté qui paraît paradoxale surgit en réalité des récits : la dignité, le courage de ces jeunes sont beaux, inspirants. Et les réalisateurs du films, habitués à proposer des projets qui sortent des cases, ont fait ce choix : de rester fidèles à l'esthétique poignante de ce monde – monde à l'envers – qu'il faut absolument aller voir.

Luc Cargari, Woxx:[10]

En ajoutant encore une couche d'images esthétiques – des vues typiquement luxembourgeoises, mais toutes désertes et souvent filmées à l'envers – entre les différents entretiens, Karolina Markiewicz et Pascal Piron ont créé une autre façon de présenter le thème de la migration, loin de l'hystérie médiatique. Un regard simple, empathique et sans jugement moral. En d'autres mots, un film assez unique qui mérite d'être vu par beaucoup au pays.

Marie-Laure Rolland, Luxemburger Wort:[11]

L'originalité de la démarche de Karolina Markiewicz et Pascal Piron – qui a d'ailleurs été remarquée par le Liechtenstein, pays qui a sélectionné le film pour être diffusé dans son Pavillon à la Biennale de Venise – tient en premier lieu à ce que ceux-ci donnent la parole à des adolescents.

Jean-Marc Adolphe, Mouvement:[12]

Donner enfin un visage aux réfugiés, les filmer en dignité : tel est le pari (réussi) de nos collaborateurs Karolina Markiewicz et Pascal Piron dans le film Mos Stellarium. [...] Nul ne témoigne pour le témoin… Dans leur film Mos Stellarium, Karolina Markiewicz et Pascal Piron se dispensent de tout commentaire. « Documenter », c'est comment taire, en tout cas éviter l'insupportable interrogatoire pour laisser toute la place à la seule parole des témoins.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 paperjam.lu: Des étoiles accidentées vum France Clarinval (16. Oktober 2015)
  2. 2,0 2,1 Informatioun aus dem Dossier de presse, deen een op tarantula.lu kann eroflueden
  3. 3,0 3,1 Informatioun aus dem Dossier pédagogique, deen een op tarantula.lu kann eroflueden
  4. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
  5. Programm Silk Road Film Festival 2016
  6. aarc.ro: Recomandări One World România – ziua a treia
  7. Lëtzebuerger Botschaft zu Ankara: Movie "Mos Stellarium" (1. Dezember 2015)
  8. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
  9. land.lu: Résistance esthétique vum Sofia Eliza Bouratsis (6. November 2011)
  10. woxx.lu: Karolina Markiewicz et Pascal Piron  : À l'envers vum Luc Caregari (19. November 2005)
  11. wort.lu: Mos Stellarium: les enfants de l'exil vum Marie-Laure Rolland (13. November 2015)
  12. mouvement.net: Réfugiés, qui êtes-vous ? vum Jean-Marc Adolphe (25. Mäerz 2016)