Anne Schiltz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Anthropologin Anne Schiltz. Fir déi aner Anne Schiltz, déi och Anthropologin ass, kuckt wgl. Anne Schiltz (1975).
Anne Schiltz
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Anthropolog

D'Anne Schiltz ass eng lëtzebuergesch Anthropologin a Filmregisseurin vun Documentairen.

D'Anne Schiltz huet 3 Joer laang Sozialanthropologie mat duerno engem MA a visueller Anthropologie a Groussbritannien, ë. a. um Granada Center for Visual Anthropology zu Manchester, studéiert. Zanter 2005 huet si reegelméisseg ënner anerem mam OPL zesummegeschafft, fir de Mixage vu Videoopnamen ze maachen déi am Kader vu Concerten opgeholl goufen[1],[2].

2023 huet d'Anne Schiltz mat ,, Michel Majerus - Next Step“ de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie ,,beschten Dokumentarfilm‘‘ gewonnen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuerzfilmer vun hir sinn:

2013 koum hiren éischte Laangfilm, Cello tales[3] eraus, en Documentaire iwwer Celloen an d'Leit, déi se spillen, bauen oder sichen.

2017 huet si Courants d'air realiséiert, en Documentaire iwwer d'Lou Koster.

Fir déi lëtzebuergesch Dokumentarfilmserie routwäissgro huet d'Anne Schiltz follgend Filmer gedréint:

  • Staffel 1, Episod 11: Ni ze spéit (2015)
  • Staffel 2, Episod 11: Eng Saach vun Zäit (2017)

2021 huet d'Anne Schiltz mat Samsa Film de Projet Michel Majerus - Next Step realiséiert. De Film ass e Portrait vum lëtzebuergesche Kënschtler Michel Majerus, deem seng international Karriär 2002 abrupt duerch de Luxair-Fligeraccident bei Nidderaanwen op en Enn koum.

Mat dësem Documentaire huet d'Anne Schiltz 2023 de lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie ,,beschten Dokumentarfilm“ gewonnen.

Doriwwer eraus ass vun hir nach de Projet Im Dialog mit Helen Buchholtz bekannt, en Documentaire, deen aus dem Liewe vun der Helen Buchholtz erziele soll.

Bei dësem Dokumentarfilm, huet d'Anne Schiltz der Sopranistin Gerlinde Sämann an dem Pianist Claude Weber iwwer d'Schëller gekuckt, wéi si mat den Opname vun der Helen Buchholtz hirem Wierk Ich hab' so große Sehnsucht doch amgaange waren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Freides-Invité vum 19. Abrëll 2013, Radios-Interview mat der Chrisitane Kremer, op rtl.lu.
  2. Anne Schiltz op vimeo.com (gekuckt: 2018-05-02)
  3. Portrait vun der Anne Schiltz op der Websäit vum cna