Luxair Fluch 9642

Vu Wikipedia
Luxair Fluch 9642
D'Fokker F50 "LX-LGB" um Findel (1992)
Resumé vum Accident
Datum 6. November 2002
Plaz Nidderaanwen
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°39'21"N, 6°16'26"O
Doudesaffer 20
Iwwerliewend 2
Fliger
Typ Fokker 50
Bedreiwer Luxair
Fluch-Nr LG9642, LH2420
Identifikatioun LX-LGB
Startfluchhafen Fluchhafe Berlin-Tempelhof
Zilfluchhafen Fluchhafe Lëtzebuerg
Informatiounen
ASN 20021106-0


De Luxair Fluch LG9642/LH2420 war de Fluch, deen de 6. November 2002 vum Fluchhafen Tempelhof International Airport zu Berlin mat Destinatioun Lëtzebuerg Findel sollt fléien, awer ni do ukomm ass.

Oflaf vum Fluch[änneren | Quelltext änneren]

De Fliger vun der lëtzebuergescher Fluchgesellschaft Luxair mat der Identifikatiounsnummer LX-LGB, eng Fokker F50 (Typ: F-27 Mk050) ass genee um 08.40 Auer zu Berlin op d'Startpist gerullt an huet ofgehuewen.

Déi lescht Sekonnen[änneren | Quelltext änneren]

Um 10 Auer 04 Minutten an 57 Sekonne mellt den Tower (Findel), datt d'Siicht op d'Landepist 300m ass. Doropshi ginn d'Leeschtungshiewele vun der Maschinn an d'Leerlafstellung zeréckgefuer, d'Landeklappe ginn an d'Zéng-Grad-Stellung bruecht an d'Fuerwierk gëtt erausgelooss.

Direkt duerno dréie sech déi sechs Blieder u béide Propelleren an en Ustellwénkel, deen ënner deem fir de Fluch virgeschriwwene „Minimum“ läit. Dëst féiert zu engem „rapide Verloscht u Leeschtung an Héicht“. Sekonne méi spéit fält als Éischten de lénksen, dann de rietse Motor aus.

Nom Crash

Um 10 Auer 05 Minutten 19 Sekonne seet de Kapitän: "Wat ass dat?". Da geet den Alarm un, e Warnsignal dat virun der Buedemapproche warnt, d'Ophuele vum Fluchdateschreiwer brécht of.

Um 10 Auer 05 Minutten 42 Sekonne verschwënnt de Fluch 9642 vun de Radarschiermer.

Erschreckend Bilanz[änneren | Quelltext änneren]

Bei deem trageschen Ongléck sinn 20 Mënsche vun am Ganzen 22 Passagéier ëm d'Liewe komm, dorënner 15 Däitscher an 2 Leit vum Equipage. 2 Mënschen hu mat ganz uerge Blessuren iwwerlieft, dorënner e Lëtzebuerger Pilot an e 36-järege Fransous. Ënnert den Affer war den international bekannte Lëtzebuerger Kënschtler Michel Majerus.

D'Plaz vum Accident an Erënnerungsmonument[änneren | Quelltext änneren]

Memorial op der Plaz vum Accident zu Nidderaanwen. Riets vun der Mëtt vum Bild: déi duerchsichteg Plack mat den Nimm vun den déidlech Verongléckten.

Rapporten[änneren | Quelltext änneren]

Seating chart (English version)

Am Januar 2003 ass een éischten, virleefege Rapport erauskomm[1].

Den 10. Dezember 2003 ass dann de Schlussrapport op enger Pressekonferenz am Transportministère vum deemolegen Transportminister Henri Grethen presentéiert a kommentéiert ginn. Dëse Rapport Final Accident survenu le 6 novembre 2002 à Luxembourg au Fokker 27 Mk050 de Luxair immatriculé LX-LGB (final report on the accident of 6 Novembre 2002 at Luxembourg to the Luxair Fokker 27 MK050 registered LX-LGB)[2] ass eng Iwwersetzung vum franséischen offizielle Rapport. Zur gläicher Zäit sinn dann och d'Annexen zu dësem Rapport publizéiert ginn[3].

Wärend der Approche op de Findel haten de Pilot an de Kopilot déi virgeschriwwe Prozedure net respektéiert.

De Kommandant hat fir d'éischt decidéiert nach emol ee Go-Around ze maachen, also eng Ronn méi iwwer de Fluchhafen ze dréien, éier d'Landung sollt ugesat ginn. Mais amplaz wéi ugekënnegt d'Approche op de Findel ofzebriechen huet de Pilot awer op emol nees kuerzfristeg decidéiert fir mat der Landungs-Prozedur virun ze fueren. Dee Moie war décken Niwwel: d'Siicht war ënner deem wat noutwenneg war fir deen Typ Fliger ze landen. Iwwerhaapt war den Equipage guer net drop preparéiert fir bei sou Wieder ze landen, wéi den Transport-Minister Henri Grethen op der Pressekonferenz am Dezember 2003 ze verstoe gouf.

Wärend dem Ofbremse vun der Maschinn, fir un Héicht ze verléieren, war d'Rausloosse vun de Rieder fatal: Domat war nämlech déi allerlescht mechanesch Sécherung ausser Kraaft fir datt d'Propelleren net an d'Ground-Idle-Positioun kënne kommen. An anere Wierder: well de Kopilot d'Rieder erausgelooss huet, konnten d'Propeller-Blieder an eng Positioun kommen, déi de Fliger quasi komplett ofgebremst huet. De Constructeur Fokker hat d'Luxair scho laang virum Ongléck opgefuerdert fir eng zousätzlech Sécherung anzebaue fir sou eppes z'evitéieren, dat war awer nëmmen eng Recommandatioun. Eréischt nom 6. November 2002, also nom Ongléck sinn d'Maschinne vun der Luxair op deem Punkt nogerëscht ginn.

Eng aner Ursaach vum Accident, sou den Transportminister, ass d'Entente tëscht Pilot a Kopilot am Cockpit wärend der Approche[4].

Wat seet d'Justiz?[änneren | Quelltext änneren]

Den Oflaf vum Accident an d'Analys vum Expert sengem Rapport ginn den 11. Dezember 2003, an enger allgemeng verständlecher Sprooch, an engem Communiqué vum Parquet duergeluecht[5].

Den 22. Oktober 2007 an ee Joer duerno, den 30. Oktober 2008, erkläert de Parquet firwat d'Geriichtsprozedur an dësem Fall sou laang dauert an et nach ëmmer zu kengem Prozess komm ass. De Procureur Robert Biever explizéiert an dëse Communiquéen och wéi d'Justiz an engem Rechtsstaat funktionéiert an insistéiert ëmmer erëm op d'présomption d'innocence vun den Ugekloten[5].

Den 12. Oktober 2010 confirméiert d'Chambre du conseil vun der Cour d'appel an engem Arrêté d'Ordonnance vun der Chambre du conseil vum Tribunal vum 8. Juli 2010, déi siwe Persounen un d'Chambre correctionnelle iwwerweist[6].

D'Uklo géint den Direkter vun der Direction de l'Aviation civile beim Staat ass deemno fale gelooss ginn, soudatt op der Uklobänk nëmme Leit vun der Luxair wäerte sëtzen:

de Pilot vun der Onglécksmaschinn
dräi fréier Generaldirekteren
de fréieren Direkter vum technesche Service
an zwéi fréier Mecanicienen

D'Affär Kuhn vs. Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Här and d'Madame Kuhn aus Däitschland, deenen hire Jong beim Ongléck ëmkoum, hu sech den 30. November 2007, un den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg adresséiert. Hir Aktioun géint de Lëtzebuerger Staat hu se op den Artikel 6 § 1 vun der Europäescher Mënscherechts-Konventioun[7] baséiert. Doran heescht et ënner anerem datt all Mënsch d'Recht op e faire Prozess an engem ugemoossenen Delai hätt[8]. Si kritiséieren domat déi laang Dauer vun der juristescher Prozedur zu Lëtzebuerg.

No bal dräi Joer hunn d'Stroossbuerger Riichter, de 4. November 2010, der Famill Kuhn op der ganzer Linn Recht ginn. Wëll déi awer vu virera keen Dedommagement gefrot hat, gouf er och keen zougesprach[9],[10].

De Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Oktober 2011 huet de Prozess vum Accident ugefaangen an huet aacht Woche laang gedauert. Et war bis dohin de längste Prozess an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Justiz. De 27. Mäerz 2012 ass d'Urteel gesprach ginn. De Pilot, deen och Bordkommandant war, krut 3,5 Joer op Sursis an eng Geldstrof vu 4000 Euro. Dräi Techniker, dorënner den technesch Direkter, goufen zu respektiv 18, 24 an 48 Méint op Sursis, mat Geldstrofe vun 2.000 an 2.500 Euro verurteelt[11].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://web.archive.org/web/20131013175243/http://www.mt.public.lu/ministere/services/coordination_generale/AET/aviation/pdf_FR_fokker.pdf - http://www.gouvernement.lu/salle_presse/communiques/2003/02/18luxair/rapport_eng.pdf
  2. http://www.gouvernement.lu/salle_presse/actualite/2003/12/11grethen/report.pdf
  3. D'Annexe zum Rapport final
  4. Dossier rtl.lu vum 11. Dezember 2003
  5. 5,0 5,1 Communiquéeë vum Parquet Lëtzebuerg
  6. Communiqué vum 13. Oktober 2010
  7. De komplette Text vun der Europäescher Mënscherechts-Konventioun(fr)
  8. « Toute personne a droit à ce que sa cause soit entendue (...) dans un délai raisonnable, par un tribunal (...), qui décidera (...) des contestations sur ses droits et obligations de caractère civil (...) »
  9. De Stroossbuerger Arrêt vum 4. November 2010
  10. Fokker-Unfall - Luxemburg in Straßburg verurteilt tageblatt.lu vum 13. November 2010
  11. Urteil im Luxair-Prozess: 42 Monate Haft auf Bewährung für Piloten wort.lu

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxair Fluch 9642 – Biller, Videoen oder Audiodateien