Diskussioun:Luxair Fluch 9642

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech kenne mech net aus an däer Geschicht, mee ech huelen un, fir déi genee Beschreiwunge vum Oflaf, deene leschte Sekonnen, ginn et Quellen. Et wier gutt, déi giffen ugi ginn. Ech soen dat, well souwäit ech weess, ass d'Geriichtsaffär iwwer d'Schold vun deem Akzident (an domat verbonnen Uspréch of Entschiedegung) nach ëmmer net ofgeschloss a keen Urteel gesprach. An deem Liicht wier et gutt, dat, wat do steet, léiwer eng Kéier ze vill wéi net genuch z'iwwerliesen, well eng eventuell Klo wéinst Falschbehaaptunge wier dat Lescht, wat mer brauchen...

--Zinneke 13:19, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Bon, ech denken déi Geschichten sin schon duerch d'ganz Press gaang an zum deel vu Luxair an Transport-Ministère confirméiert gin. Soit. Et ass an der rei. Ech hu Quellen ugin. Wann den Artikel, wéi en an dëser Form hei steet, een stéiert, oder gemengt gët, et wär en laafenden Prozess (?!) dee nach net oofgeschloss ass an en domat net an eng fräi Enzyklopädie gehéiert, dann géif ech dat nawell lächerlech fannen. An deem Sënn, ...

--Alain 19:08, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Pardon, wann mer eis falsch verstanen hunn: ech hu beileiwen net gemengt, deen Artikel giff net heihinner gehéieren. Am Géigendeel, en ass ganz intressant, a merci, dass de dëst Thema opgegraff hues. Du hues jo och elo eng Quell derbäi gesat, sou dass dat an der Rei ass. Fir nach eng Kéier ze preziséieren, wat ech uewe gesot hunn: D'Wikipedia ass en ëffentlecht Medium, dat, wéi dat sech fir eng Enzyklopedie gehéiert, sou objektiv, neutral a vollstänneg wéi méiglech Saachen ze beschreiwen. Dozou gehéiert - besonnesch bei Saachen, déi viru Geriit unhängeg sinn a bei deenen et em vill Sue geet (vun der mënschlecher Tragédie dohannert emol net ze schwätzen) - dass Fakten dra stinn, an net Behaaptungen, a Fakte mussen sech iwwerpréife loosse kënnen. A fir dat direkt och ze preiséieren: ech behaapten net, du häss just Saache behaapt ;-), mee mat Quell mech dat ganzt sech nun eemol besser. --Zinneke 19:47, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Jo stëmmt, ech gin der vollkomme Recht. Ech sin elo villäicht och e bessen opbrausend gin, well ech mer alt énorm vill méi gin hun an gin wärt fir dësen artikel esou komplett, aktuell an korrekt wéi méiglech ze haalen, an ech et eben och wéi's de richteg sos, op dëser plaaz genee richteg placéiert fannen. Wann ech elo viru fueren dann kënnt d'Quell och ëmmer dobai :)

--Alain 19:56, 29 Mäerz 2006 (UTC)

Auerzäiten[Quelltext änneren]

Déi schenge mir alleguerten an Z ze sin - eis Zäit war awer Z+1
Sollt een dat net besser änneren? --Jwh 01:03, 23. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Ass elo geännert --Jwh 21:32, 1. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Dee Rapport heeschtt tatsächlech ...NOVEMBRE, keen Tippfehler vu mir --Jwh 21:32, 1. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Redirecten?[Quelltext änneren]

LH2420 DLH2420 LG9642 LGL9642 wat soll dat?

Vläit och nach an engems den LX-LGB heirop leeden?? --Jwh 18:22, 19. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

French version of the report is the original one[Quelltext änneren]

http://www.mt.public.lu/ministere/services/coordination_generale/AET/aviation/pdf_EN_fokker.pdf on page 3/194 says: "This report is a translation from the official report published in French"

In other words the French version is the original version. Considering this and the fact that the man administrative language of Luxembourg is French, this article should:

  • Quote from the French version of the report
  • State the French name, and not the English name, as the name of the final report
  • Show the French accident map and not the English accident map

WhisperToMe (Diskussioun) 01:46, 14. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

Direkteren ?[Quelltext änneren]

Am Haapttext steet, dass

  • dräi fréier Generaldirekteren
  • de fréieren Direkter vum technesche Service

op d'Uklobänk koumen.

Am Urteel par contre, dass dräi technesch Direkteren eng Stroof op Sursis kruuten.

Do schéint eppes net ze klappen, oder?

MbG, --Claude Schomer (Diskussioun) 19:04, 7. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien, gouf an d'Rei gesat. --Les Meloures (Diskussioun) 20:17, 7. Nov. 2015 (UTC)[äntweren]