Benotzer Diskussioun:Claude Schomer
- > > > NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER < < <
|
--Robby 21:36, 12. Sep. 2011 (UTC)
Moien Här Schomer, ech erlabe mer, Iech alt schonns am Robby senger Plaz z'äntweren:
Jo, Dir kënnt d'Infoen nodréiglech bäisetzen. De Fichier huet den Numm Fichier:Roland Gelhausen.JPG. Do einfach op "Änneren" klicken an dann dat hei era-copy-pasten an ofspäicheren (Dir musst dann agelogged sinn, datt ee gesäit datt Fichier an Text vun deem selwechte sinn):
*'''Sujet''': De [[:lb:Roland Gelhausen|Roland Gelhausen]] [wéini, wou?] *'''Auteur''': {{own}} - selwer gemaach vum [[User:Claude Schomer]] *'''Lizenz''': CC-BY-SA 3.0/LU {{self|cc-by-sa-3.0-lu}}
... an dann ofspäicheren. Merci fir d'Bild, ech setzen et dann dono an den Artikel an. Falls Der nach spéider nach aner intressant Biller hätt, kënnt Der se direkt iwwer den "Upload wizzard" eroplueden, do setztz sech d'Schabloun mat Lizenz automatesch an, an d'Bild kënnt op Commons, vu wou et och an anere Wikipediaversiounen agebaut ka ginn. Link op den Uploadwizzard:
https://commons.wikimedia.org/wiki/Special:UploadWizard
Falls Der nach Froen hätt, hei ass ëmmer een do deen Iech gär eng Hand mat upeekt,
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:00, 13. Okt. 2013 (UTC)
Moien,
Moien,
Oh mei, dat ass eng Lëscht aus den Ufanksjore vun der Wiki. Ech mengen do huet scho laang kee méi gekuckt. Effektiv stinn do Artikelen, wou an der Tëschenzäit eng Foto kritt hunn. Sou streng eescht muss een se dofir net huelen.
Am Fong ass et einfach: All Artikel (besonnesch zu engem lëtzebuergeschen Thema) deen net illustréiert ass, 'verdingt' et, eng Foto ze kréien. Besonnesch bei Persounen - jidderee geet emol op eng Veranstaltung - Concert, Virtrag, Aweiung, Buchpresentatioun - wou "Prominenter" sinn, déi ouni Foto hei sinn, wou et flott wier esou eng ze kréien. 'T selwecht bei Uertschaften, wou et der vill ginn, wou ee knipse kann.
De Lycée ass effektiv nei, do spillt déi Saach mam Copyright. Et hänkt bei neie Gebaier awer och e bëssen dervun of, wéivill architektonesch Originalitéit se hunn: Eng véiereckeg Schungkëscht ass eppes anescht wéi eppes vun engem Star-Architekt. Mee et ass och esou datt déi Saach an den Ufanksjoren hei nach net esou bekannt waren, an esou gëtt et wuel nach hei an do eng Foto déi et streng geholl hei net dierft ginn. Wann ee jäizt gëtt se dann ewechgemaach.
Falls Dir also Fotoen hätt: Einfach eroplueden (zënter kuerzem ass dat op direkt op Commons). Wann Der Iech net sécher sitt, hannerloosst mär (oder um Stamminee) eng kuerz Noriicht, da kann een dat nokucken, op alles richteg gelaf ass.
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:36, 26. Nov. 2013 (UTC)
Re: Rue de Prague
[Quelltext änneren]Moien, ech weess d'Äntwert leider net a setzen dofir emol Är Fro op de Staminee, wou hoffentlech méi Leit se liesen. MbG, --Zinneke (Diskussioun) 23:02, 30. Jan. 2014 (UTC)
Wiki-Iessen dëse Samste Mëtten
[Quelltext änneren]Mé info do: Wikipedia:De Staminee#Gebongt. Vläicht hutt Dir Loscht och mat derbäi ze sinn? --Zinneke (Diskussioun) 14:35, 11. Mäe. 2014 (UTC)
Foto Balthasar
[Quelltext änneren]Moien, an der Beschreiwung steet eppes vun engem Concert 28. Mäerz 2014... Wat kinnt de richtegen Datum sinn? --Jwh (Diskussioun) 20:09, 24. Mäe. 2014 (UTC)
- Ok, ech hat den EXIF net gekuckt, ech verbesseren et --Jwh (Diskussioun) 20:11, 24. Mäe. 2014 (UTC)
Re: Fotoen
[Quelltext änneren]Gudden Owend,
Merci fir d'Foto am Balthazar-Artikel! Genee wéi hie ginn et honnerte vu bekannte Lëtzebuerger Kënschtler oder Politiker, déi nach keng Foto op der Wikipedia hunn. Déi Schabloun, vun där mer rieds haten, an déi a villen (awer nach laang net allen) Artikele steet, wou eng Foto feelt, ass d'Schabloun:Foto gewënscht, an d'Artikelen (d.h. d'Leit déi a Fro kéimen), sinn op dëser Spezialsäit] opgezielt. Eng Méiglechkeet wier deemno, ze kucken, op Der vun deem engen oder aneren an där Lëscht eng Foto hätt, déi Der der Wikipedia (an domat der Allgemengheet) kéinnt zur Verfügung stellen. Oder, nach méi einfach, wann Der vun engem eng Foto hutt, einfach den Numm antippen, fir ze kucken, ob den Artikel eng Foto huet. Wann net, ass se séier op Commons gelueden.
Villmools Merci am viraus!
Bescht Gréiss,
--Zinneke (Diskussioun) 20:36, 24. Mäe. 2014 (UTC)
Re.2014
[Quelltext änneren]Moien,
villmools merci, dat si flott Nouvellen!
Ech schécken Iech e kuerze Mail iwwer d'Fonctioun "Dësem Benotzer eng E-Mail schécken", da misst Der meng gesinn. Falls dat net géing, maacht dat selwecht bei mir, da kréien ech Är, a kann dann eReply maachen. Adminnen hunn net vill méi Rechter wéi 'normal' Useren, si kënne just bestëmmte Säiten oder Konte spären, a Fall vu Vandalismus, etc.
Bescht Gréiss,
--Zinneke (Diskussioun) 22:52, 27. Mäe. 2014 (UTC)
Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes
[Quelltext änneren]Moien,
Dir hat et vläit net um Staminee gesinn: de Samschden, 21. Mee, hu mer eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Vläit kënnt Dir och kommen? Drot Iech da vläit just um Stamminee an.
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 20:15, 12. Mee 2016 (UTC)