Robert Biever

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Roby Biever. Fir de Politiker mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Roby Biwer.
Robert Biever
Gebuer 19. November 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

De Robert ("Roby") Biever, gebuer den 19. November 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist.

Am November 1972 huet hien en Doktorat an Droit ofgeschloss an duerno vu Mee 1976 bis Mee 1978 säi Stage gemaach. Duerno gouf en ee Joer laang Attaché am Justizministère, deen un de Procureur d'Etat delegéiert war, an duerno, alt nees ee Joer, bis Mee 1980, Substitut vum Procureur. Bis Mee 1982 war hien du Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg a bis 1986 Avocat général.[1]

Tëscht dem Februar 1986 an dem Abrëll 1993 war de Robert Biever Procureur adjoint, a vun du bis August 2010 Procureur d'État. Vum 1. September 2010 bis den 31. Juli 2015 war hie Procureur général.[1],[2]

Den 1. Oktober 1987 gouf hie Member vum Staatsrot an ass dat bliwwe bis hien den 31. Dezember 2000 demissionéiert huet[3] wéinst Virwërf, datt dat Amt net mat deem vum Procureur kompatibel wier[1].

Hie gouf dem grousse Public bekannt, well en uganks den 2000er Joren d'Affär Bommeleeër nees ermëttlungstechnesch nei opgerullt huet, an duerch Pressekonferenzen oder Commentairen an deem Zesummenhang fir munnechen Eclat gesuergt huet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Romain Hilgert: "Ein Riss im CSV-Staat." d'Lëtzebuerger Land Nr.24, 14. Juni 2013, S.2.
  2. "Martine Solovieff neie Procureur général." rtl.lu, 28.02.2015, 12:16:21.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Distinctions honorifiques Auszeechnungen 1998 Memorial B N° 52 vun 1998