Op den Inhalt sprangen

Tribunal d'arrondissement (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Tribunal d'arrondissement
Dn Tribunal d'arrondissement an der Cité judiciaire an der Stad
Land Lëtzebuerg

D'Bezierksgeriicht ((fr) Tribunal d'arrondissement) gehéiert zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet vun der Lëtzebuerger Justiz. Et gëtt e Bezierksgeriicht an all Geriichtsbezierk, d. h. eent an der Stad an eent zu Dikrech.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg).

D'Bezierksgeriicht ass fir all Affär mat engem Sträitwäert vun iwwer 15.000 Euro zoustänneg, grad ewéi fir déi Affären, deenen hire Montant net festgeluecht ka ginn. A seng Zoustännegkeet falen do dernieft nach all d'Affären, déi em vum Gesetz ausdrécklech zougeschriwwe ginn.

Et ass exklusiv zoustänneg fir Exequature vun Urteeler vun auslännesche Geriichter oder Dokumenter, déi et vun auslänneschen Autoritéite kritt huet.

Als Strofgeriichtsbarkeet fungéieren d'Bezierksgeriichter – jee no Gravitéit vun der Strofdot – als correctionell a kriminell Geriichter ((fr) tribunal correctionnel, tribunal criminel). Se verhandelen deemno engersäits Delikter an anersäits Verbriechen déi hinne vun der Chambre du conseil oder der Chambre du conseil vun der Cour d'appel iwwerdroe goufen.

Als Appellgeriicht ass et zoustänneg fir déi Affären déi an éischter Instanz vum Friddensgeriicht am jeeweilege Bezierk verhandelt goufen.

Op all Bezierksgeriicht gëtt et:

Tribunaler a Kummeren um Bezierksgeriicht

[änneren | Quelltext änneren]

Zivil Kummeren

[änneren | Quelltext änneren]

(…)

Penal Kummeren

[änneren | Quelltext änneren]

(…)

(…)

Cabinet d'instruction

[änneren | Quelltext änneren]

(…)

(…)

Kommerziell Kummeren

[änneren | Quelltext änneren]

(…)

Chambre du conseil

[änneren | Quelltext änneren]

(…)

(…)

Haaptgeriichtsschreiwer

[änneren | Quelltext änneren]

(…)

Referenzen

[Quelltext änneren]