Cité judiciaire

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Friddensgeriicht am Süde vun der Cité judiciaire, Vue vum Kulturministère aus
Cité judiciaire

D'Cité judiciaire steet um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg. An hir sinn eng Partie Justizinstanzen a Justizverwaltungen ënnerbruecht. Architekte waren d'Bridder Rob a Léon Krier.

D'Iddi ass 1991 entstanen, wéi de Regierungsrot de Bauteministère beoptragt huet, en neie Justizpalais um Helleg-Geescht-Plateau ze plangen. 1993 gouf d'Iddi vun engem Justizpalais fale gelooss zugonschte vun enger ganzer Cité aus aacht Gebaier, mat dem Zil, eng besser Integratioun an der Uewerstad z'erreechen.

An de Joren duerno huet en Desaccord tëscht dem Staat an der Stad Lëtzebuerg den Ufank vun de Bauaarbechte schleefe gelooss. Et goung dobäi ë. a. ëm de Site selwer (d'Stad huet eng Zäit laang déi iwwerdeckelt Zuchsgleisen zu Bouneweg virgezunn), d'Ausgesinn (en Tuerm, dee virgesi war, gouf aus dem Projet gestrach, d'Fassaden hu missen ugeglach ginn) an den Impakt op d'Klasséierung vun der Alstad als UNESCO-Welt-Kulturierfschaft (d'Unesco huet schliisslech gréng Luucht ginn).

De Grondstee gouf 2003 vun den deemolege Regierungsmemberen Erna Hennicot-Schoepges a Luc Frieden geluecht. De Chantier hätt sollen 2006 ofgeschloss ginn, huet awer bis an déi zweet Hallschent vun 2008 gedauert. Am Juli 2008 sinn déi éischt Servicer eriwwergeplënnert; de 6. Oktober 2008 gouf d'Cité judiciaire offiziell ageweit.

Konscht um Bau[änneren | Quelltext änneren]

Baussen um Gebai vun der Cour Supérieure de Justice si véier Statuern op Sailen, déi d'Qualitéit "verschimmt", "am Gaang ze lauschteren", "am Gaang, z'ermahnen" an "um Qui-vive" duerstellen. Opfälleg sinn och déi véier faarweg Vasen aus Edelstol vum Horst Glaesker, déi déi véier Elementer, d'"Grondprinzipie vun der Welt", symboliséiere sollen.[1]

Justizinstanzen[änneren | Quelltext änneren]

Justizinstanzen an der Cité judiciaire:

  1. Zentrale Sozialdéngscht
  2. Friddensgeriicht
  3. Palais vum Ieweschte Geriichtshaff
  4. Jugendgeriicht
  5. Bezierksgeriicht
  6. Parquet vum Bezierksgeriicht

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cité judiciaire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Justitia seit zehn Jahren in neuem Glanz." wort.lu, 05.10.2018.