Op den Inhalt sprangen

Justice de paix (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Justice de paix
D'Gebai vum Friddensgeriicht, am Süde vun der Cité judiciaire
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/justices-paix.html

D'Friddensgeriicht ((fr) Justice de paix) gehéiert zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet an ass den ënneschten Niveau vun de Geriichtsinstitutioune vun der Lëtzebuerger Justiz.

Et gëtt Friddensgeriichter an der Stad Lëtzebuerg, zu Dikrech an zu Esch, deenen hir Kompetenz geographesch ass. Vu 1795 bis 1972 gouf et där awer souguer an all Kanton.

Déi warscheinlech gréisst Eegenaart vum Friddensgeriicht ass, datt een do keen Affekot brauch. Et gëtt och kee Riichterkollegium, et sëtzt ëmmer nëmmen een eenzege Riichter. D'Verhandlunge sinn alleguer mëndlech.

Tribunaler um Friddensgeriicht

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt um Friddensgeriicht 3 verschidden Tribunaler:

  • De Friddenstribunal, deen der Institutioun den Numm gëtt, ass am Prinzip fir all d'Affären zoustänneg vun engem Wäert ënner 15.000 Euro. Donieft huet de Friddensriichter eng Rei exklusiv Kompetenzen ouni Wäertbegrenzung, déi d'Gesetz him gëtt (z. B. Ordonnances de paiement, an Affäre wou et ëm Bail à loyer, Saisie-arrêten, oder Alimenter baussent Scheedungs- oder Trennungsprozedure geet). Bei engem Sträitwäert bis zu 2.000 € gëtt et ausser a Spezialfäll kee Recours, driwwer ass den Appell um Bezierksgeriicht.
  • D'Aarbechtsgeriicht ass – ouni Limitt vum Sträitwäert – fir all d'Affären zoustänneg an deenen et ëm en Aarbechtsverhältnes geet. Nieft dem Riichter sëtzen do och zwéin Assesseuren. Am sougenannte Référé travail sëtzt de President vum Aarbechtsgeriicht nees eleng a ka verschidde provisoresch Mesuren ordonéieren. Bei engem Sträitwäert bis zu 1.250 € gëtt et kee Recours, driwwer ass den Appell op der Cour d'appel vum Ieweschte Geriichtshaff.
  • An all Friddensgeriicht hunn een oder e puer Riichteren d'Funktioun vun engem Policeriichter (juge de police) D'Policegeriicht besteet aus engem Policeriichter an engem Vertrieder vum Ministère public an ass virun allem fir Verstéiss, mä och fir verschidden Delikter zoustänneg.

Geographesch Kompetenzen

[änneren | Quelltext änneren]

Déi territorial Kompetenz vun de Friddensgeriichter ass vum Gesetz festgeluecht[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg).

Nei Affären Dikrech Esch-Uelzecht Lëtzebuerg
2022 2023 2022 2023 2022 2023
Zivil a kommerziell Affären 209 217 598 672 1.107 1.054
Référé (zivil Affären) 2 2 2 3 7 8
Bail 300 295 653 662 710 890
Aarbechtsrechtlech Affären 139 126 243 291 764 760
Référé (Aarbechtsrecht) 34 31 121 130 156 212
Saisie-arrêten (Paien an Alimenter) 1.885 1.727 3.677 3.792 3.692 3.658
OP (Ordonnance pénale) 14.508 15.741 32.214 33.103 23.894 27.971
IPA (Injonction de paiement européenne) 21 29 37 80 157 230
Kleng Litigen 59 62 268 208 678 737
Decisiounen déi geholl goufen Dikrech Esch-Uelzecht Lëtzebuerg
2022 2023 2022 2023 2022 2023
Zivil a kommerziell Affären 176 183 444 470 711 653
dovun: Alimenter - - 3 1 -
Référé (zivil Affären) 5 - 3 2 6 12
Bail 295 289 514 513 612 604
Aarbechtsrechtlech Affären 128 133 204 180 543 544
Référé (Aarbechtsrecht) 25 25 66 86 82 95
Policegeriicht 273 298 354 270 681 644
Autoriséiert Saisie-arrêten 1.875 1.723 3.666 3.773 3.494 3.490
Urteeler an Affären iwwer Saisie-arrêten op Paien 566 500 1.147 1.149 965 828
OPA (Ordonnance de paiement) 14.442 15.530 31.831 33.100 22.643 26.682
OP (Ordonnance pénale) 642 526 2.452 2.509 3.367 3.918
IPA (Injonction de paiement européenne) 29 44 36 128 218 277
Kleng Litigen 34 42 151 107 263 201

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Chapitre I. - Des justices de paix - Art. 1er. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
  2. (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu Vll. Justices de paix, S. 69-70. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 04.12.2024.